Tralux

Vu Wikipedia

Tralux, oder méi genee Tralux, Société Générale de Travaux-Luxembourg, Société à responsabilité limitée, ass eng Konstruktiounsgesellschaft ënner Lëtzebuerger Recht mat Sëtz zu Beetebuerg, 156, route de Luxembourg.

D'Gesellschaft gouf de 15. Abrëll 1975 ënner der Form vun enger Sociéte Anonyme gegrënnt an huet den 22. Oktober 1990 d'Form vun enger Société à Responsabilité Limitée ugeholl.

Tralux ass haaptsächlech am Beräich Travaux Publics engagéiert.

Si beschäftegt ëm déi 50 administrativ an technesch Beamten an eng ronn 150 Leit op de Chantieren. (Stand 2002)

Den aktuellen Direkter ass de Jean-Marie George, Ingenieur fir Genie Civil an Travaux Publics.

D'Gesellschaft huet e Kapital vun 1.750.000 Euro. Haaptaktionär, mat 9.960 vun 10.000 Parten, ass d'Gesellschaft Demathieu & Bard, Société Anonyme mat Sëtz zu Verdun a Frankräich.

Wou hu si matgeschafft?[änneren | Quelltext änneren]