Kierchbierg
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Stater Quartier. Fir de Rëmelenger Flouernumm, kuckt wgl. Kierchbierg (Rëmeleng). |
Kierchbierg | |
---|---|
![]() Vue op de Kierchbierg | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Kirchberg de: Kirchberg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 5.673 (31.12.2017) |
Fläch | 336,84 ha |
Koordinaten | 49°37'39"N, 6°8'44"O |
![]() De Kierchbierg (blo) an der Stad Lëtzebuerg (gro) | |
De Kierchbierg ass e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. E besteet aus engem Plateau am Nordoste vum Stadkär, dee mam Rescht vun der Stad haaptsächlech duerch d'Rout Bréck verbonnen ass.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Mam Gemengerecht vun 1796 gouf de Kierchbierg en Deel vun der Gemeng Eech.
Den 1. Juli 1920 (Gesetz vum 30. Juni 1920) huet d'Gemeng Eech, zu där och de Kierchbierg gehéiert huet, mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert[1].
De Plateau vum Kierchbierg huet eréischt an den 1960er Joren ugefaange sech richteg z'entwéckelen. Bis dohi gouf et just déi al Uertschaft déi op dem nërdleche Virspronk vum Plateau tëscht dem Mäertesgronn an dem Sichegronn louch. Um südëstleche Virspronk tëscht dem Sichegronn oder dem haitege Boulevard Konrad Adenauer an der Rue des Muguets um Weimeschhaff ware just Wisen a Stécker. No engem Gesetz vun 1961, duerch dat de Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg gegrënnt gouf, huet de Lëtzebuerger Staat 350 ha um Plateau requisitionnéiert; d'Baueren an d'Gäertner kruten 330 000 Lëtzebuerger Frang pro Hektar. Zil war et, d'Gebaier vun den europäeschen Institutioune vu Lëtzebuerg do opzeriichten. Sou sinn no an no d'Gebaier vum Europäesche Geriichtshaff, der Cour des comptes, dem Generalsekretariat vum Europaparlament, der Europäescher Investitiounsbank, der Europaschoul, asw. gebaut ginn.
Et gouf alt kritiséiert, de Staat hätt ze vill expropriéiert, an och däitlech ënner dem Wäert; de Méiwäert, deen de Fonds beim Weiderverkaf vun den Terraine gemaach huet, gouf ë. a. fir de Bau vun der Rouder Bréck gebraucht.
Enn vun den 1980er Joren huet de Kierchbierg sech och fir aner Aktivitéiten opgemaach an et ass do neie Wunnraum, eng nei Geschäftswelt (Assurancen, Banken, de Sëtz vun der RTL Group) an nei Fräizäitariichtungen (d'Olympesch Piscine an der Coque, de Kino Utopolis (haut: Kinepolis), d'Philharmonie, de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean, asw.) entstanen. Gläichzäiteg gouf d'Autobunn A1 zu engem Stadboulevard, der Avenue John F. Kennedy, zréckgebaut.
Vun 1994 uns gouf en Arboretum ageriicht, den Arboretum Kierchbierg, dee sech op dräi nei ugeluechte Parken um Kierchbierg opdeelt: Parc central, Park Réimerwee, Park Klosegrënnchen.
Um Kierchbierg hunn 2005 20.500 Leit geschafft, mä knapps 2.000 hunn der do gewunnt. An deene nächste Jore solle verstäerkt Wunnenge gebaut ginn, fir datt am Joer 2020 ronn 11.000 Leit do wunne kéinten, bei ronn 30.000 Aarbechtsplazen.
Awunner[änneren | Quelltext änneren]
Op den 31.12.2017 hunn um Kierchbierg 5.673 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 22,77 % géintiwwer 77,23 % Auslänner[2].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 5 673 | 100,00% | |
1 | ![]() |
1 292 | 22,77% |
2 | ![]() |
688 | 12,13% |
3 | ![]() |
396 | 6,98% |
4 | ![]() |
346 | 6,10% |
5 | ![]() |
299 | 5,27% |
6 | ![]() |
260 | 4,58% |
7 | ![]() |
246 | 4,34% |
8 | ![]() |
161 | 2,84% |
9 | ![]() |
146 | 2,57% |
10 | ![]() |
140 | 2,47% |
Top 10 | 3 974 | 70,05% | |
Aner Nationalitéiten | 1 699 | 29,95% |
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- LCTO, Broschüre: Kirchberg - Architektur und Kunst im öffentlichen Raum online
- Helweg-Nottrot, Ina, 2001, Kirchberg, 1961 - 2001, Éditioun: Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg, ISBN 2-9599770-1-7
- Thoma, Jean, 2001, Kirchberg: Kirchberg-Siechengrund in früheren Zeiten: eine Dokumentation zur Geschichte des Dorfes und der Bewohner, Éditioun: Steinsel: J. Thoma, ISBN 2-87996-936-0
Fotoen[änneren | Quelltext änneren]
Verwaltungsgebaier a Mudam um Kierchbierg, vum Pescatore Park aus gesinn. Riets ënnen: d'Pafendaller Kierch.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Kierchbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ Loi du 30 juin 1920 concernant la réunion de la commune d'Eich à la ville de Luxembourg op legilux.lu (gekuckt den 10. Februar 2018)
- ↑ État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg op vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)