Pont grande-duchesse Charlotte

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rout Bréck)
Pont grande-duchesse Charlotte
Rout Bréck
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 37’ 04’’ N
      06° 07’ 52’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer Uelzecht-Dall
Technesch Detailer
Bréckentyp Huelkëschtendunnebréck op
Stäipen; Sprengwierk-Bréck
Totallängt 355 m
Breet 26,58 m
Héicht 74 m
Material Stol
Bemierkungen
Opgaangen 24. Oktober 1966
Architekt(en)
Konzeptioun
Egon Jux

Pont grande-duchesse Charlotte (lb: Groussherzogin-Charlotte-Bréck) ass déi offiziell Bezeechnung vun der Rouder Bréck an der Stad Lëtzebuerg. Et ass eng stole Sprengwierk-Bréck déi den Uelzecht-Dall iwwerspaant an de Glacis um Lampertsbierg mam Kierchbierger Plateau verbënnt.

D'Bréck mat enger Héicht vu 74 m ass no der Grande-Duchesse Charlotte genannt an 1966 ageweit ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems de 25. Mäerz 1957 den Traité vu Roum ënnerschriwwen an domat d'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft gegrënnt gi war, goufen déi éischt europäesch Verwaltungen opgebaut an et huet sech séier d'Fro gestallt, wou dës Verwaltungen installéiert sollte ginn. De Bauteministère huet dunn den 10. August 1957[1], en internationale Concours ausgeschriwwen, fir eng Bréck iwwer den Uelzecht-Dall ze bauen an domat d'Stad um direkte Wee mam Kierchbierg ze verbannen, wou déi nei Verwaltungen hikomme sollten. Et goufen am Ganzen 68 Projeten agereecht an de Jury huet sech 1958 fir de Projet vun enger Huelkëschtendunnebréck op Stäipe vum Egon Jux decidéiert[2].

D'Aarbechte fir d'Bréck hunn am Mee 1962 ugefaangen, de Grondstee gouf den 20. Juni 1963 geluecht an s'ass de 24. Oktober 1966 ageweit ginn. D'Bréck gouf vu Rheinstahl Union Brückenbau AG (Dortmund), Socol (Bréissel) an John Think (Déifferdeng) gebaut[2].

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Coupe vun der Bréck virun...
... an no der Renovatioun.

D'Rout Bréck ass 355 m laang, 26,58 m breet[3], a weit am Ganzen iwwer 4.900 Tonnen, dovu 4.185 Tonne Stol. D'Stäipen deelen d'Bréck an dräi Felder vu 95,42 - 152,56 - 107,02 Meter.

Am Cahier des charges waren d'Moosse vun der Bréck mat 2 x 7,50 m fir den Autosverkéier, enger Mëttelinsel vun 2 m, zwéin Trëttoire vun 2,25 m an zwou Vëlospiste vun 1,75 m virgesinn. Déi ursprénglech Vëlospiste goufe sengerzäit awer zu Gonschte vum Autostrafic geaffert[2].

Renovéierung[änneren | Quelltext änneren]

Wärend de Renovéierungsaarbechten, Januar 2016.

Am Oktober 2015 hu Renovéierungs- a Moderniséierungsaarbechten ugefaangen, déi bis Enn Summer 2017 gedauert hunn: d'Bréck gouf ëm ronn 1,5 Meter méi breet gemaach, soudatt Plaz ass fir eng duebel Spuer fir den Tram, 2 Bunnen an all Richtung fir de motoriséierte Verkéier an 2 Trëttoire fir Foussgänger a Vëlosfuerer. Ënner anerem gouf den Tablier verstäerkt, an den Huelkëschte sinn zousätzlech Verstriewungen ugeschweesst ginn an de klassesche Stroossebelag („Macadam“) gouf duerch e méi dënne Sandwich plate system ersat, fir Gewiicht ze spueren.

D'Plexiglas-Panneauen an dat aalt Gelänner goufen duerch en neit Gelänner ersat. Des Weidere gouf d'Beliichtung nei gemaach an d'Bréck krut en neie rouden Ustrach. Alles an allem ware fir dës Aarbechten eng 40 Milliounen Euro virgesinn[4],[5],[6]. Den Ustrach huet bis 2021 era geschleeft, well an der Tëschenzäit d'Firma, déi dat hätt solle maachen, Faillite gemaach huet, an eng nei huet misse fonnt ginn.[7]

Enn Juli 2017 goufen d'Schinne fir den Tram geluecht[8] an e Joer méi spéit, de 27. Juli 2018 ass den Tram fir d'éischt mat Passagéier iwwer d'Bréck gefuer.

D'Renovatiounsaarbechten déi am Optrag vum Fonds du Kirchberg vum Fotograf Romain Girtgen dokumentéiert goufen, goufen dem Public an enger Ausstellung am September/Oktober 2018 virgestallt an an engem Buch verëffentlecht[9].

Gelänner[änneren | Quelltext änneren]

Dat neit Gelänner mat integréierter Beliichtung.

Wéinst hirer Héicht hat dës Bréck jorelaang eng makaber Unzéiungskraaft fir Leit, déi hirem Liewen en Enn maache wollten. Eréischt 1993[10] gouf eng Anlag aus Plexiglas op deenen zwou Säiten ubruecht, déi et quasi onméiglech gemaach huet, driwwer ze klammen. Dëst geschouch, nodeem et souguer e vill beuechten Dokumentarfilm (Le pont rouge) doriwwer gouf, deen déi tragesch Ëmstänn aus der Perspektiv vun de Leit beschriwwen huet, deenen hir Haiser ënner der Bréck stinn.

Am Kader vun de Renovatiouns- a Verbreedungsaarbechte gouf 2013 vum Fonds du Kirchberg eng Consultation restreinte ausgeschriwwe fir datt déi "nei" Rout Bréck nees e Gelänner kréie soll, déi hirer würdeg wier. Dat neit Gelänner sollt kohärent mat der Architektur vun der Bréck sinn, awer och d'Notze fir d'Foussgänger an d'Cycliste sollt mat an d'Iwwerleeunge fir dat neit Gelänner mat afléissen.

Dat neit Gelänner gouf vum Lëtzebuerger Ingenieur Laurent Ney konzipéiert. Am Gelänner ass eng Virriichtung integréiert fir ze verhënneren, datt Objeten eroffalen, et huet eng Anti-Suizid Funktioun an eng funktionell grad ewéi eng agreabel Beliichtung fir d'Ëmgéigend.

D'Anti-Suizid Funktioun ergëtt sech duerch d'Héicht vun de Lamellen déi 2,70 m iwwer dem Buedem sinn, an hirer Schréi zum Trëttoir hin, wat et aussergewéinlech schwiereg mécht, driwwer ze klammen.

Um Gelänner ass och en 20 cm breeden Handlaf, wat de Foussgänger a Cyclisten och eng gewësse Sécherheet gëtt.

Déi rout Faarf vun der Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Vun Ufank u goufen et hëtzeg Diskussiounen a wat fir enger Faarf d'Bréck sollt ugestrach ginn. Et gouf sech deemools fir Rout decidéiert, ë. a. fir déi „harmonesch Linne vun der Bréck ervirzesträichen, absënns och bei schlechtem Wieder“[2]. D'Bréck ass karminrout (RAL 3002) ugestrach[11].

Dacks gouf fälschlecherweis ugeholl, d'Bréck wier mat Minium, engem Produit géint de Rascht traitéiert, wat hir géif déi Faarf ginn, wat awer net stëmmt.

1989 gouf d'Bréck eng éischt Kéier nei ugestrach, well déi rout Faarf verblatzt war.

Vun 2018 bis 2021 war eng éischt an duerno eng zweet Firma mam neien Ustrach vun der Bréck beschäftegt. Déi éischt Firma hat am Juli 2019 Faillite gemaach.[12]. Nodeems no enger neier Ausschreiwung eng nei Firma fonnt gouf, déi al Stee of- an eng nei opgeriicht gouf, huet d'COVID-Pandemie fir weider Verspéidunge gesuergt, sou datt Enn 2021, de viraussiichtlechen Datum fir den Ofschloss vun den Aarbechten, op d'Fréijoer 2022 verréckelt gouf.[13]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme, 2016. Rout Bréck. Pont Grande-Duchesse Charlotte. Heute vor 50 Jahren. Luxemburger Wort vum 24. Oktober 2016, S. 8-9.
  • Dessouroux, Christian: 2008: D'Rout Bréck. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 297-302. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
  • Un grand pont métallique à Luxembourg, in "Acier = Stahl = Steel", September 1961 v. 26.
  • Fernández Troyano, Leonardo: Bridge engineering, Thomas Telford, London, ISBN 0727732153, 2003; S. 456.
  • Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg (Luxembourg), Pont Grande-Duchesse Charlotte : 2015 - 2017, ISBN 978-2-9599770-3-9, 2017
  • Hagon, Robert: Le pont Grande-Duchesse Charlotte à Luxembourg, in "Acier = Stahl = Steel", Juni 1965 v. 30.
  • Kinnen, Fred.: Wettbewerb für den Bau einer großen Talbrücke in der Stadt Luxemburg, in "Stahlbau", März 1964, n. 3 v. 33.
  • Quaranta, Arnaud: Le Passage (1. Ausgabe), Everest Communication, Luxemburg (Luxemburg), ISBN 287996976X, 1999; S. 132-133.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pont grande-duchesse Charlotte – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Zeitunge vun deem Dag
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Patrick Gillen, Pont Grande-Duchesse Charlotte : 2015 - 2017, S. 60-63 an der Literatur
  3. no der Renovatioun 2015-2017; ursprénglech 25,07 Meter breet
  4. "Vun Oktober u gëtt d'Rout Bréck 2 Meter méi breet gemaach." rtl.lu, 18.09.2015, 06:25:41.
  5. " 'Rout Bréck' bekommt komplettes Makeover." wort.lu, 2012
  6. Startschuss für zwei Jahre "Rout-Bréck"-Baustelle. Sanierung des Pont Grande-Duchesse Charlotte bringt neue Streckenführung mit sich. Luxemburger Wort vum 6. Oktober 2015, S. 20.
  7. "D'Aarbechte fänken nees un, fir d'Rout Bréck weider unzesträichen." rtl.lu, 14.01.2020 14:09.
  8. "Erste Gleise auf der Roten Brücke." wort.lu, 25. Juli 2017, 17:45.
  9. Pont Grande-Duchesse Charlotte : 2015 - 2017 an der Literatur.
  10. Laurent Ney, Pont Grande-Duchesse Charlotte : 2015 - 2017, S. 142-145 an der Literatur
  11. Marianne Brausch, Pont Grande-Duchesse Charlotte : 2015 - 2017, S. 218-220 an der Literatur
  12. Die unendliche Geschichte. Wie ein Konkurs und die Corona-Pandemie den Neuanstrich der Roten Brücke in der Hauptstadt in die Länge ziehen. Luxemburger Wort vum 16. Abrëll 2021, S. 27.
  13. "Rout Bréck kritt een neien Ustrach." rtl.lu, 07.12.2021.