Bréck op der Cloche d'or
Ausgesinn
|
D'Bréck op der Cloche d'or a Richtung Kockelscheier gekuckt | |
| Geographie | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Plaz | Lëtzebuerg (Gaasperech) |
| Koordinaten |
49° 34’ 41.7’’ N 06° 06’ 43.9’’ E |
| Funktioun | |
| Benotzt als | Stroossebréck |
| Féiert iwwer | Autobunn A6 |
| Technesch Detailer | |
| Bréckentyp | Bowstring |
| Totallängt | 50 m |
| Breet | 18,30 m |
| Bemierkungen | |
| Opgaangen | 2004 |
|
| |
D'Bréck op der Cloche d'or féiert d'Nationalstrooss 4 (N4) iwwer d'Autobunn A6 (Areler Autobunn).
D'Bréck ass eng Bowstring-Bréck. Si ass 50 m laang, 18,30 m breet an huet e Gewiicht vu 1600 Tonnen[1].
Si ersetzt eng Bréck déi donieft bestanen huet, an déi huet missen ofgerappt ginn, well hir Spanwäit net grouss genuch war fir den Ausbau vun der Areler Autobunn vun 2 op 3 Spueren op béide Säiten z'erméiglechen[1].
D'Viraarbechten haten am Hierscht 2002 ugefaangen. Am Oktober 2003 gouf déi fäerdeg Bréck op d'Plaz bruecht an dunn iwwer d'Autobunn gezunn[1].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Grouss Brécken an der Stad Lëtzebuerg
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- 1 2 3 Luxemburger Wort vum 8. Mäerz 2013: Chronik vor neun Jahren. Neue Brücke auf Cloche d'Or für den Verkehr frei.
