Clausener Viaduc

Vu Wikipedia
Clausener Viaduc
Viaduc de Clausen
De Clausener Viaduc vun der Zenser Säit aus gesinn
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 42.5’’ N
      06° 08’ 24.6’’ O
Funktioun
Benotzt als Eisebunnsbréck
Gleiser 2
Benotzt vun Nordstreck
Féiert iwwer Uelzechtdall
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Totallängt 208 m
Breet 15 m
Héicht 44 m
Material Steen
Bemierkungen
Opgaangen 1862
Architekt(en)
Konzeptioun
Waring Brothers
D'Verbindungsbréck am Clausener Bierg (2013)
De Clausener Viaduc fänkt do u wou d'Tréierer Strooss iwwer d'Bréck geet (2013)

De Clausener Viaduc ass ee vun de véier Eisebunnsviaducen um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg. En ass nom Stater Quartier Clausen, iwwer deen e féiert, genannt.

D'Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste Bou iwwerspaant 15 Meter.

Nodeem d'Nordstreck aus der Tranchée um Rummplateau kënnt, leeft se iwwer de Clausener Viaduc bis bei d'Verbindungsbréck am Clausener Bierg fir dann duerno iwwer de Pafendaller Viaduc weiderzeféieren.

D'Bréck ass 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf ginn, a se gouf am Optrag vum Adolphe Favier, deen d'Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Clausener Viaduc – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]