Adolphe-Bréck

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 36’ 30’’ N 06° 07’ 37’’ O
D'Adolphe-Bréck (2013, kuerz virun der Renovéierung).
... an no der Renovéierung am August 2017.

D'Adolphe-Bréck, och Nei Bréck genannt, ass eng Bréck an der Stad Lëtzebuerg, déi d'Alstad mam Garer Quartier verbënnt. Benannt ass se nom Groussherzog Adolphe.

De Projet, eng Bréck an d'Verlängerung vum Boulevard Royal ze bauen, geet an d'Joer 1887 zréck. D'Propositioun fir eng Bréck mat engem grousse Bou ze baue war vum lëtzebuergeschen Ingenieur Eugène Ferron. Éischt Pläng ware vum lëtzebuergeschen Ingenieur Albert Rodange[1], déi definitiv Pläng goufe vum franséischen Ingenieur Paul Séjourné opgestallt. De 14. Juli 1900 huet de Groussherzog Adolphe de Grondstee geluecht, an 3 Joer drop, de 24. Juli 1903 gouf d'Bréck fir de Verkéier opgemaach.

D'Adolphe-Bréck war, wéi se gebaut gouf, déi gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Se ass 153 m laang an 42 m héich. Hiren Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65 m. Vir- an hannendru si méi kleng Béi vun 21,60 m. D'Bréck sëtzt sech aus 2 Parallelbéi zesummen, wat et erlaabt, eng Breet vun der Strooss vun uganks 16 an haut 18,7 m z'erméiglechen. Eleng déi 2 Mëttelbéi bestinn aus 2850 m³ Gilsdrefer Sandsteen (de Rescht gouf mat Steng vun Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht gebaut).

Den Numm Nei Bréck krut se, well et schonn eng Bréck iwwer de Péitrussdall gouf, nämlech d'Al Bréck, déi och "Passerelle" genannt gëtt. En ass bis haut erhalen.

Renovéierungs- a Moderniséierungsaarbechten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1928: Elektrifizéierung vun der Charelisbunn [2]
  • 1936: Erneierung vu 500 Balustraden
  • 1961/62: D'Fuerpist kritt eng nei Stolbëtongsplack, déi 1,2 m méi breet ass
  • 1976: Neie Pistebelag an Ofsécherung vun den Trottoiren
  • 2003/04: Rëssstabiliséierung duerch 258 provisoresch Spanglidder

Wéi d'Stroossebauverwaltung d'Bréck 1996 ënnersicht hat, gouf festgestallt, datt an de Bréckebéi en etlech Steebléck Schied haten, déi op d'Trassenaarbechten aus den 1960er Joren zréckzeféiere waren. Fir déi Rëss ze bremsen, huet d'Stroossebauverwaltung am September 2003 ugefaangen, iwwer 250 Verankerungstaangen un de Béi festzemaachen. 7 Joer drop sinn nei Rëss festgestallt ginn, an d'Staangen hunn deelweis missen ersat ginn. Et gouf kloer, datt d'Bréck eng méi grëndlech Renovéierung néideg hätt.

Renovéierung 2014-2017[änneren | Quelltext änneren]

Dës Aarbechte goufen tëscht 2014 an 2017 ausgefouert an hunn 63 Milliounen Euro kascht.[3]

Fir d'éischt huet missen eng Deviatioun fir de Verkéier tëscht der Uewerstad an dem Garer Quartier gebaut ginn. Dofir gouf 30 m méi westlech, eng provisoresch Bréck mat dräi Bunnen an engem Trottoir opgeriicht. Si war aus Stol a gouf wéinst hirer bloer Faarf "Blo Bréck" genannt. D'Aarbechten dozou hunn de 6. August 2013 ugefaangen a waren den 12. Abrëll 2014 fâerdeg.[4] D'Käschte vum Provisorium louche bei 23 Milliounen Euro.[5]

Den 19. Mee 2014 hunn d'Aarbechten un der Adolphe-Bréck selwer ugefaangen.[6] Si gouf an eng Baatsch agepaakt, déi wéi Verband ausgesinn huet, mat der Opschrëft Guérir le Pont Adolphe. Du gouf Stee fir Steen de Belag an dann de Plateau vun der Bréck bis op d'Béi ofgedroen. D'Rëss goufe mat engem Spezialprodukt ausgefout an d'Béi mat am Ganzen 1.050 Eisestaange stabiliséiert. Iwwerdeems goufen d'Steng eenzel gebotzt a wann néideg gefléckt. Just 5% hu missen erneiert ginn. Dono goufe se nees een nom aneren agesat. Um Enn gouf nees eng Plack fir d'Fuerbunnen dropgesat. Dës ass ewell 1,5 m méi breet wéi virdrun, wat et erméiglecht, méi Plaz fir Trëttoiren ze hunn. Ausserdeem goufe schonns d'Schinne fir den Tram geluecht, deen awer viraussiichtlech eréischt 2019 do fuere kann, wann d'Streck vun der Rouder Bréck bis bei d'Gare fäerdeg gebaut ass. Bis dohi fueren d'Bussen iwwer déi Spuren.[3]

Nodeems d'Nei Bréck de 25. Mäerz 2017 nees fir de Verkéier opgoung, gouf déi Blo Bréck nees ofmontéiert, an d'Metzer Plaz an d'Bréisseler Plaz nees an d'Rei gesat.

Vëlos- a Foussgängerbréck[änneren | Quelltext änneren]

Vue op d'Nei Bréck mat der Passerelle fir Vëlosfuerer a Foussgänger.

Wéi déi blo Bréck bis demontéiert war, konnten och d'Aarbechten un enger Neierung fäerdeg gemaach ginn: Eng zousätzlech Bréck fir Vëlosfuerer a Foussgänger, déi direkt ënner dem Plateau vun der Bréck, tëscht de Béi, u stole Seeler, hänkt[7]. Se gouf de 17. September 2017 fir de Verkéier opgemaach. D'Iddi fir esou eng Passerelle ënnert der eigentlecher Bréck opzehänke war am Joer 2007 dem deemolegen Transportminister vun engem Vëlosaktivist, dem Jo Simon, virgestallt ginn. Déi Pläng goufen dunn awer eréischt ënnert dem François Bausch am Joer 2013 nees aus dem Tirang gezunn. Et gouf keng gréisser Oppositioun, sou datt d'Passerelle dunn och esou konnt realiséiert ginn[8]. D'Bréck ass ongeféier 200 Meter laang an de Käschtepunkt fir de Bau louch bei 6,2 Milliounen Euro[9].

Schwësterbrécken[änneren | Quelltext änneren]

Et gi fënnef Kopien, resp. "Sëschterbrécken": Eng Kopie vun der Adolphe-Bréck steet zu Philadelphia. Et ass d'Walnut Lane Bridge, a si ass am arméierte Bëtong gebaut.

Och de Ponte de San Jorge zu Arguisuelas (Castilla La Mancha), eng Eisebunnsbréck, gläicht der Neier Bréck, ofgesi vun e puer klenge Béi méi iwwer dem Haaptbou, dee bei där Bréck aus just engem Bou besteet.[10]

En anere Guet vun der Bréck (mat dräi amplaz véier klenge Béi iwwer dem Haaptbou) ass de Viaduc vu Lavaur, tëscht de Gemenge Lavaur a Labastide-Saint-Georges, am Departement Tarn. Et ass eng Eisebunnsbréck déi iwwer den Agoût féiert. Si ass och vum Séjourné geplangt ginn an ass haut als Monument klasséiert.

Eng weider Eisebunnsbréck iwwer den Agout ass de Pont de l'Aguillou, och Pont Antoinette genannt, zu Vielmur-sur-Agoût am Departement Tarn.

Tëscht 1908 bis 1912 ass zu Constantine an Algerien d'Sidi Rached Bréck ënner der Leedung vum Ingenieur Aubin Eyraud gebaut ginn. Och hien huet sech op d'Pläng vum Séjourné gestëtzt, hien huet d'Bréck awer verlängert fir sou de Staddeel El Kantara mat der Gare ze verbannen, déi op der anerer Säit vun deem breeden Dall vum Oued Rhumel läit.[11]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Adolphe-Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Bau, fotograféiert vum Charles Bernhoeft[änneren | Quelltext änneren]

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Den Albert Rodange hat 1895 fir eng Boubréck iwwer d'Sauer op der Buerschtermille verantwortlech gezeechent.
    Déi Bréck hat eng Spanwäit vun 38m, ma gouf 50 Joer méi spéit, den 21. Januar 1945 vun däitschen Zaldoten an d'Luucht gesprengt. "De Buurschter", November 2013, Säit 42 mat Fotoe vun där Bréck.
  2. Ons Stad 26/1987
  3. 3,0 3,1 "Wiedereröffnung des Pont Adolphe: 114 Jahre alt und wieder in Bestform." wort.lu, 24. März 2017 um 06:00.
  4. wort.lu:Die blaue Brücke ist offen
  5. rtl.lu:Provisoresch Bréck laanscht déi Nei Bréck hëlt Form un
  6. wort.lu:Auf bald, Pont Adolphe!
  7. "Radfahren unter der Tram." wort.lu, 2. Abrêll 2015 14:14.
  8. Neue "Velosbréck" - as „Puzzlestück“ unter der Brücke, op wort.lu de 17. September 2017
  9. 200 m laang, 6,2 Mio € deierVëlosbréck ënnert dem Pont Adolphe offiziell ageweit, op rtl.lu de 17. September 2017
  10. eng Foto.
  11. Le pont de Sidi Rached