Nationalstrooss 3

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 3
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 2
Koordinaten 49°36'27,25"N, 6°7'39,61"O
Enn Fréiseng
Koordinaten 49°30'22,39"N, 6°11'34,98"O
duerch Lëtzebuerg, Hesper, Weiler zum Tuer, Fréiseng
Längt 13 km
Vitesslimitatioun 50 km/h, 70 km/h, 90 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 3
Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg
Metzer Plaz
N 2 CR 222
Lëtzebuerg
Garer Plaz
N 50
      = Al Avenue
N 56
      = Rue de Hollerich
Jean-Pierre-
Büchler-Bréck
CFL-Linn
Lëtzebuerg-Klengbetten

Lëtzebuerg-Beetebuerg
Lëtzebuerg-Péiteng
Bouneweg B 3
      = Rocade de Bonnevoie
N 40
      = Boulevard de Kyiv
CR 224 (l.)
      = Rue de Hesperange
CR 224 (r.)
      = Rue de Neufchâteau
Houwald A 1
Hesper Drosbech
CR 159
      = Rue de Bettembourg
Uelzecht
CR 159
      = Rue d'Itzig
CR 226
      = Allée de la Jeunesse Sacrifiée 1940-1945
Alzeng CR 154
      = Rue de Syren
CR 157
      = Rue de Roeser
CFL-Linn
Alzeng-Éiter
CR 162
Schlammestee CR 132
Fréiseng Albaach
N 13
A 13
D653

D'Nationalstrooss 3 oder N3, och Diddenuewener Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, an de Kantone Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht. Se féiert vum Garer Quartier an der Stad bis op Fréiseng a vun do weider a Frankräich, wou se Uschloss un déi franséisch D653 huet.

Si huet hiren Ufank an der Stad op der Metzer Plaz wou se vun der N2 fortgeet. Vun do féiert se iwwert d'Nei Avenue, dann iwwert d'Garer Plaz an d'Jean-Pierre-Büchler-Bréck iwwert d'Eisebunn op d'Diddenuewener Strooss. Do wou d'N40 fort geet, dréint se no lénks a leeft dann duerch Bouneweg, iwwert den Houwald an ënnert der Autobunn A1 erduerch bis op Hesper.

Vun do geet se virun iwwer d'Route de Thionville duerch Alzeng bis op de Schlammestee, wou se den CR132 kräizt.

Duerno geet et virun duerch d'Rue de Luxembourg bis an den Zentrum vu Fréiseng, wou se d'N13 (Dräikantonsstrooss) kräizt. No der Kräizung leeft se virun iwwert d'Rue Robert Schuman bis op d'franséisch Grenz, wou se an déi franséisch D653 iwwergeet. Kuerz virun der franséischer Grenz passéiert se nach e Rond-point wou se Uschloss un d'Autobunn A13 huet.

D'N3 ass ronn 13,0 km laang.

Si gehéiert op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.

Entwécklung vun der N3[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Strooss Lëtzebuerg - Fréiseng besteet zanter 1843. Se gouf deemools als „Diddenuewener Strooss“ bezeechent an huet déi belsch Grande route de deuxième classe ersat, déi vu Lëtzebuerg op Diddenuewe gelaf ass;
  • mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau sinn 1995 déi Deeler vun der Paräisser Plaz an dem Rousegäertchen, déi baussent der Emprise vun der N3 louchen, an d'Kompetenz vun der Stad Lëtzebuerg gefall[1];
  • 2020 hunn d'Viraarbechten ugefaangen, d'Strooss vum Ufank vun der Diddenuewener Strooss zu Bouneweg aus bis hannert Hesper ëmzeleeden, fir mëttelfristeg Hesper ganz ze ëmfueren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nationalstrooss 40.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalstrooss 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-17.