Nationalstrooss 4C

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 4C
Verbindung N4 - N31
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Esch-Uelzecht,
Nationalstrooss 4
Koordinaten 49°30'24,95"N, 5°59'19,86"O
Enn Esch-Uelzecht,
Nationalstrooss 31
Koordinaten 49°29'59,75"N, 5°58'5,84"O
duerch Esch-Uelzecht
Längt 1.800 m
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 4C
Laf an Uschlëss
Esch-Uelzecht N 4 Rue de Luxembourg
CR 110 Bd Aloyse Meyer
CR 106 Rue de Mondercange
CR 110
Dipbech
N 31 Rue Sidney Thomas
N 31 Rue du 1er mai,
Bd Charles de Gaulle

D'Nationalstrooss 4C oder N4C ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Esch-Uelzecht.

Se verbënnt zu Esch-Uelzecht d'N4 bei der Lallenger Kierch mat der N31 am Rond-point Clair-Chêne wou se op de Boulevard Charles de Gaulle an d'Rue du 1er mai trëfft.

Se heescht Boulevard Grande-Duchesse Charlotte bis op d'Kräizung bei der Place Benelux an duerno Boulevard Pierre Krier. Se huet ongeféier an der Mëtt eng Ofzweigung op den CR110 an N4D.

Se ass ronn 1,8 km laang.

Entwécklung vun der N4C[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum Ëmklasséierungsgesetz vum staatleche Stroossereseau koum et 1995 zu follgenden Ännerungen am Zesummenhank mat der N4C[1]:

  • Zu Esch hunn d'Gemengestroosse Boulevard Grande-Duchesse Charlotte a Boulevard Pierre Krier de Statut vun enger Nationalstrooss (N4C) kritt;
  • Zu Steebrécken ass dat Stéck Staatsstrooss tëscht der N13 an dem CR163 dat bis dohin d'N4C war, an e Chemin repris (CR169) deklasséiert ginn. Am Géigenzuch krut d'Gemengestrooss Route de Luxembourg de Statut vun der N4C.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalstrooss 4C – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-09.