Nationalstrooss 4
![]() | |
![]() D'N4 zu Hollerech am August 2019 | |
Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht | |
---|---|
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Lëtzebuerg, Nationalstrooss 2, Nationalstrooss 7, Nationalstrooss 50 |
Koordinaten | 49°36'33,88"N, 6°7'34,39"O |
Enn | Esch-Uelzecht |
Koordinaten | 49°29'10,82"N, 5°58'5,45"O |
duerch | Lëtzebuerg, Leideleng, Monnerech, Esch-Uelzecht |
Vitesslimitatioun | 50 km/h, 70 km/h, 90 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 4 |
Laf an Uschlëss | ||
Lëtzebuerg | ![]() |
N 2 N 7 N 50 Bréisseler Plaz |
![]() |
CR 204 Bd Prince Henri | |
![]() |
CR 211 Bd Joseph II | |
![]() |
N 5 Av. Guillaume | |
![]() |
N 56A Bd Dr Charles Marx | |
![]() |
Péitruss | |
![]() |
N 56 Rue de Hollerich | |
![]() |
CR 178 Rue de Cessange | |
![]() |
CFL-Streck 5, CFL-Streck 7 | |
![]() |
CR 231 Bd F.-W. Raiffeisen | |
![]() |
Drosbech | |
![]() |
A 6 | |
![]() |
CR 186 Route de Bettembourg | |
![]() |
CR 179A Rue Roudebësch | |
Leideleng | ![]() |
A 4 |
![]() |
CR 163 Rue de Bettembourg | |
![]() |
A 4 Verdeeler Leideleng-Süd | |
![]() | ||
Steebrécken | ![]() |
A 4 Verdeeler Steebrécken-Nord |
![]() |
CR 169 | |
![]() |
N 31 | |
![]() |
Mess | |
![]() |
A 4 Verdeeler Steebrécken-Zentrum | |
![]() | ||
Esch-Uelzecht | ![]() |
Jonctioun Esch-Lalleng |
![]() |
N 4C Bd G-D Charlotte
CR 170 Bd Aloyse Meyer | |
![]() |
Dipbech | |
![]() |
Uelzecht | |
![]() |
N 31A | |
![]() |
N 31 | |
![]() |
||
![]() ![]() |
N 31 CR 168 CFL-Streck 6a | |
![]() |
||
![]() |
![]() |
D16 |
D'Nationalstrooss 4 oder N4 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Si féiert vu Lëtzebuerg op Esch-Uelzecht a vun do weider a Frankräich, wou se Uschloss un déi franséisch D16 huet. Allerdéngs ass se, zanter et d'Autobunn A4 gëtt, net méi duerchgängeg, mä et sinn Deeler dovun duerch d'Autobunn ersat ginn.
Streck vun der N4[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg - Leideleng[änneren | Quelltext änneren]
Si huet hiren Ufank an der Stad op der Bréisseler Plaz wou se vun der N2, N7 an N50 fortgeet. Vun do féiert se iwwer d'Avenue Marie-Thérèse, dann no lénks iwwer d'Route d'Esch duerch Hollerech, Gaasperech an d'Cloche d'or (wou se mat enger Bréck iwwer d'A6 geet). Zanter de Rond-point Schaarfen Eck 2019 ofgerappt gouf, stéisst d'N4 op der Héicht vum nationale Foussballstadion op de Boulevard de Kockelscheuer an den CR186. Se dréint do no riets, leeft e Stéck virun iwwer de Boulevard de Kockelscheuer a weider iwwer d'Route d'Esch Richtung Leideleng. Se féiert iwwer eng Bréck iwwer d'A4, a weider duerch d'Industriezon Grasbësch duerch Leideleng bis s'um Ausgang vun der Uertschaft op der Autobunn A4 erauskënnt.
Steebrécken[änneren | Quelltext änneren]
En zweet Stéck vun der N4 existéiert nach zu Steebrécken, wou se vum Agank bis zum Ausgank vun der Uertschaft féiert (Rue d'Europe), allerdéngs kann een dat Stéck nëmmen a Richtung Lëtzebuerg befueren.
Esch-Uelzecht[änneren | Quelltext änneren]
Dat drëtt Stéck geet vun der Ausfaart Esch-Uelzecht vun der A4 (Ausfaart Nr 5) iwwer d'Route de Luxembourg duerch Lalleng bis an den Zentrum vun Esch-Uelzecht laanscht d'Gare iwwer de Boulevard John F. Kennedy a weider iwwer de Boulevard Prince Henri bis op de Rond-point Um Däich wou och d'N31 an den CR168 erauskommen.
Vun do geet se weider iwwer d'Rue des Acacias an d'Rue d'Audun bis op d'franséisch Grenz, wou se an déi franséisch D16 iwwergeet.
Entwécklung vun der N4[änneren | Quelltext änneren]
Mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau koum et zu enger Rei Ännerunge wat d'N4 ugeet:
1958[1][änneren | Quelltext änneren]
- Knapp 500 m. sinn op der Kräizung zu Lalleng vun der Nationalstrooss an e Chemin repris deklasséiert ginn.
1995[2][änneren | Quelltext änneren]
- Zu Esch hu verschidde Gemengestroossen de Statut vun der Nationalstrooss 4 kritt: en Deel vum Boulevard Prince Henri, en Deel vun der Avenue des Terres-rouges, d'Rue des Acacias an de Boulevard Berwart;
- Och zu Esch goufen Deeler vun der Rue d'Audun a vun der Rue de Luxembourg an eng Gemengestrooss deklasséiert.
2021 oder duerno[änneren | Quelltext änneren]
Et ass geplangt d'Rue d'Europe zu Steebrécken an e Chemin repris ze deklasséieren[3].
Biller[änneren | Quelltext änneren]
Kilometersteen op der N4
D'N4 am Gaasperecher Bierg
Fréiere Rond-point Schaarfen Eck mam CR186 zu Gaasperech
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Nationalstrooss 4 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Loi du 5 mai 1958 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-09.
- ↑ Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-09.
- ↑ Projet de loi 7423 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. chd.lu (19.03.2019). Gekuckt de(n) 06.01.2021.