Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch-Uelzecht
D'Gare vun Esch, vun der Passerelle op de Gaalgebierg aus.
Streckekaart vun der Linn 6a
Linnennummer 6a
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Beetebuerg
op Gare Esch-Uelzecht
iwwer Beetebuerg-West, Gare Näerzeng, Scheierbësch, Gare Schëffleng
opgaangen 1860
Technesch Donnéeën
Längt 9,55 km
Gréisst Steigung 11 ‰
Klengste Radius 190 m
Spuerbreet Normalspuer
Streckentyp duebelgleiseg
Fuerrichtung riets
Zuchsécherungssystem European Train Control System
Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barriären
P.K.
Garen - Uschlëss - Brécken - Tunnellen - Barriären Km
Uschloss: Lëtzebuerg
Uschloss: Diddeleng - Wuelmereng
Beetebuerg 0.00
N 31 (Diddelenger Strooss)
Feldwee Laangeweiler
Feldwee Burwiss
CR165 Näerzeng
CR164 Näerzeng
Gare Näerzeng 4.090
Ofzweigung Keel
A 13
Ofzweigung Scheierbësch
CR168 Schëffleng
Rue du Pont
Rue de Hédange
Gare Schëffleng 7.196
Rue de la Gare
Rue de Lallange
N 31 Esch-Uelzecht
Gare Esch-Uelzecht 9.504
Ofzweigung Däitsch-Oth
Uschloss Péiteng

D'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch-Uelzecht ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Beetebuerg op Esch-Uelzecht.

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch-Uelzecht gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Streck gouf 1860 a Betrib geholl an huet deemools der Gesellschaft Guillaume-Luxembourg gehéiert. 1960 gouf se mat enger Spannung vu 25 kV - 50 Hz elektrifizéiert.

Linn[änneren | Quelltext änneren]

D'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch-Uelzecht gëtt als Linn 6a bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass se als Deel vun der Linn 60 bekannt[1]. Et ass eng 9,50 km laang zweegleiseg Streck mat Normalspuer.

Weidere Streckeverlaf[änneren | Quelltext änneren]

D'Eisebunnsstreck 6a ass eng Ofzweigung vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz, der Linn 6, a westlecher Richtung.

Vun der Linn 6a zweigt zu Näerzeng d'Streck op Rëmeleng als Linn 6c of. Vun der 6c geet dann zu Téiteng d'Streck an de Laangegronn als Linn 6d fort.

Vun Esch-Uelzecht geet d'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng als Linn 6f weider. Ausserdeem féiert vun Esch och déi kuerz Streck Esch-Uelzecht - Däitsch-Oth als Linn 6e virun.

Schlussendlech féiere vu Péiteng dräi Strecken iwwer Rodange weider a Richtung Éibeng (Linn 6g), Mont Saint-Martin (Linn 6h) an Attem (Linn 6j).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Réseau op cfl.lu, gekuckt den 9. Mäerz 2020