Gare Näerzeng
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 6a, 6c | ||||
PK | 4,090 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 2 + 1 Stompgleis | ||||
Uertschaft | Näerzeng | ||||
Gemeng | Beetebuerg | ||||
Kanton | Esch-Uelzecht | ||||
Koordinaten | 49° 30’ 29’’ N 6° 03’ 03’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare Näerzeng ass eng Gare op der CFL-Linn 6 tëscht der Gare Beetebuerg, der Gare Keel respektiv der Gare Schëffleng vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.
D'Gare Näerzeng huet e gratis Park & Rail-Parking mat 19 Parkplazen.
Nieft deem Parking läit de Bus-Arrêt: Näerzeng-Gare. Dee gëtt vun den RGTR-Linnen 310 (Näerzeng-Lycée Nic-Biever zu Diddeleng iwwer Beetebuerg an zréck) (Schoulbus) an 168 (Näerzeng - Biergem - Beetebuerg - Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum zu Perl iwwer Fréiseng an Uespelt) (Schoulbus) an zréck ugefuer.
D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]
D'Gebai vun der Gare ass am Joer 1873 am typesche Stil vun där Zäit gebaut ginn.
2003 gouf et op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen an als Nationalmonument klasséiert.[1]
No Ëmbauaarbechten a Studentewunnengen, tëscht 2009 an 2011, ënner Opsiicht vum Service des sites et monuments nationaux ass et den 23. Februar 2013 a Presenz vun der Kulturministesch Octavie Modert, dem Buergermeeschter vu Beetebuerg Laurent Zeimet an dem CFL-Generaldirekter Alex Kremer nei ageweit ginn. D'Gebai gëtt elo vun Doktorante vun der Uni Lëtzebuerg als Wunneng benotzt.[2]
Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung |
Lëtzebuerg |
Beetebuerg | RB
CFL-Linn 6a |
Schëffleng | Péiteng |
Lëtzebuerg | Beetebuerg | RE
CFL-Linn 6a |
Schëffleng | Rodange |
Péiteng | Schëffleng | RB
CFL-Linn 6a |
Beetebuerg | Lëtzebuerg |
Rodange | Schëffleng | RE
CFL-Linn 6a |
Beetebuerg | Lëtzebuerg |
Terminus | Terminus | RB
CFL-Linn 6c |
Keel |
Rëmeleng |
Rëmeleng | Keel | RB
CFL-Linn 6c |
Terminus | Terminus |
Busarrêten bei der Gare[änneren | Quelltext änneren]
Gare (nemmen Schulbusser)
Am Duerf (RGTR-Linn 307 a Schoulbusser)
Lohrwies (RGTR-Linn 307 a Schoulbusser)
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gare Näerzeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Näerzeng op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Näerzeng op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Näerzeng op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Dezember 2022).
- ↑ Wort.lu: "Schlafen, lernen und feiern in altem Bahnhofsgebäude." wort.lu, 24.02.13 10:34.
| |||
Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Houwald - Bierchem - Beetebuerg |