Société nationale des chemins de fer luxembourgeois

Vu Wikipedia
Société nationale des chemins de fer luxembourgeois
Typ Speziell Rechtsform op Grondlag vum Gesetz vum 28. Mäerz 1997[1]
Slogan Mir bréngen Iech weider
Grënnungsdatum 14. Mee 1946
Sëtz Lëtzebuerg
Branche Eisebunnsmarché
Homepage www.cfl.lu

D'Société nationale des chemins de fer luxembourgeois, ofgekierzt CFL, ass déi national lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wärend dem Zweete Weltkrich war dat ganzt lëtzebuergescht Eisebunnsnetz vum Nazi-Okkupant der Reichsbahn ënnerstallt ginn. Nom Enn vum Krich huet de Staat sech provisoresch ëm d'Exploitatioun gekëmmert[2] bis d'CFL de 14. Mee 1946 gegrënnt gouf[3]. D'Kapital an dëser "société d'économie mixte" gouf zu 51 Prozent vum Lëtzebuerger Staat gehalen, wärend d'Belsch a Frankräich jee 24,5 Prozent haten.

De Verwaltungsrot war aus 21 Memberen zesummegesat: de President an 10 Membere vu Lëtzebuerg a jee 5 Memberen aus Frankräich an aus der Belsch.

D'CFL huet déi zwéin am 19. Joerhonnert gebaute Normalspuer-Reseaue Guillaume-Luxembourg a Prince-Henri an enger Gesellschaft zesummebruecht, nodeem déi zwéi Reseaue schonn ënner däitscher Besatzung 1940 de facto zesummegeluecht gi waren. Déi al Concessionnairë sinn am Kader vun engem Accord à l'amiable vum Staat indemniséiert ginn. D'CFL huet awer och d'Schmuelspuerbunnen, déi schonn an de Joerzéngte virdru lues a lues vum Staat iwwerholl gi waren, iwwerdroe kritt.[4]

Am Oktober 1949 huet den deemolegen Transportminister Victor Bodson d'CFL ugestallt fir eng Etüd iwwer d'Elektrifikatioun vum lëtzebuergesche Reseau ze maachen. Déi Etüd ass de 5. Abrëll 1950 virgeluecht ginn.

Am November 1952 ass de CFL-Busdéngscht agefouert ginn.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: CFL-Busdéngscht.

Den 29. September 1956 ass d'Elektrifikatioun offiziell vun der Grand-Duchesse Charlotte ageweit ginn. Deemools sinn d'Zich vu belschen a franséische Lokomotive gezu ginn.

Als Ausgläich vun de Käschten, déi beim Bau vun der Muselkanaliséierung entstane waren, huet de franséische Staat dem Lëtzebuerger Staat 3 elektresch Lokomotive ginn, déi dunn 1958 un d'CFL weiderverkaaft goufen. Et waren dat d'Lokomotive BB 3600 (N°3601-3603). 17 Stéck vun der selwechter Zort goufe bei MET kaaft.

1977 koum et zu enger Kapitalerhéijung, bei där Frankräich net matgemaach huet. Wärend déi Belsch Participatioun bei 24,5 Prozent bliwwen ass, ass déi vu Lëtzebuerg ob 63,25 Prozent geklommen an déi vu Frankräich ob 12,25 Prozent gefall.[5]

Duerch d'Gesetz vum 10. Mee 1995[6] gëtt de Staat Proprietär vun der Infrastruktur (Gleiser, Garen asw.) an d'CFL kritt d'Gestioun dovun iwwerdroen.

1997 koum et mam Gesetz vum 28. Mäerz zu enger neier Kapitalerhéijung am Kader vum neie Status vum CFL. Zanterhier hält de Lëtzebuerger Staat 94 Prozent vum Kapital, d'Belsch 4 Prozent a Frankräich 2 Prozent. D'Zuel vun de Membere vum Verwaltungsrot ass op 15 erofgesat, mat der Garantie fir d'Belsch a Frankräich mindestens een Administrateur ze stellen[5].

D'CFL haut[änneren | Quelltext änneren]

Gebai vun der CFL-Direktioun nieft der Stater Gare
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Fuerpark[änneren | Quelltext änneren]

2003 huet d'Moderniséierung vum Fuerpark ugefaangen. Et goufe 6 nei Lokomotive geleast.

2004 goufen 20 weiderer vum selwechten Typ bei der Firma Bombardier zu Kassel an Däitschland bestallt. Bei de Maschinnen handelt et sech ëm eng Schwëstermaschinn vun der däitscher Baurei 185.1. Dës Lokomotive gi bei der CFL als Serie 4000 gefouert. Si hunn eng Leeschtung vu 5.600 kW, dat sinn ongeféier 7.600 PS.

Bei der selwechter Firma goufen och nach 62 nei duebelstäckeg Voituren an 18 Steierween bestallt (+2 nobestallt). Dat ganzt war bis Dezember 2008 ausgeliwwert. Dës Zuchgarnituren hunn déi deelweis iwwer 40 Joer al Persounenzich ersat.

Weider goufen nach 22 nei Automotricë bei der franséischer Firma Alstom bestallt a goufe bis 2012 ausgeliwwert.[7]

Déi al Diesellokomotive vun der Serie 1800, wat gutt, a virun allem zouverléisseg Maschinne sinn, goufen no an no all enger grousser Revisioun ënnerzunn, a gi weiderhin am Gidderzuchverkéier agesat. Eng Ofléisung vun dëse Maschinnen ass an den nächste Joren [Wéini ?] net an Aussiicht.

An nächster Zäit[Wéini ?] wäerten déi al Rangéierdiesele vun der 800/850/900 no an no duerch méi modern Maschinnen ersat ginn. Dëst huet mat der Liwwerung vun deenen neien (geléinte) Maschinnen och schonn ugefaangen. Et sinn dëst d'Maschinnen 1501 bis 1508 (MAK G1206) an 1101-1106 (Mak G1000BB) souwéi de 1581-1586 (Mak G1206). Ausserdeem koumen nach e puer kleng Lokotraktere vu verschiddene Produzenten dobäi. Dës Maschinne sinn um neisten technesche Stand (ënner anerem hu se en ëmweltfrëndleche Rouschtpartikelfilter am Auspuff), si hunn eng Funkfernsteierung, d. h. de Rangéierer kann nieft dem Zuch stoen, fir ze manövréieren.

Et ass virgesinn[Wéini ?], datt d'Lok 804 vum Service des sites et monuments nationaux, an engem änleche Kader wéi d'1604, als Muséesmaschinn erhale bleift. D'Aarbechten hunn am Februar 2014 ugefaangen.

D'Restauratioun vun der E-lok 3608 ass am Mäerz 2014 mat enger Prouffaart ofgeschloss ginn. Si ass nees an den Ausliwwerungszoustand vun 1958 zeréckversat ginn, d. h. bloe Lack a gegossen Nummereschëlter. Och de Westwon 208/218 grad wéi den De Dietrich Z105 goufe vun den Arriva Werke Nord Gmbh zu Neustrelitz an Däitschland restauréiert a gehéieren elo zum betribsfäege Muséesmaterial.

Am Dezember 2018 hunn d'CFL fir am Ganzen 350 Milliounen Euro bei der Firma Alstom 34 Zich vum Modell Coradia bestallt, déi d'Z2-Serie ersetze soll. Si sollen tëscht Dezember 2021 an Enn 2024 a Betrib geholl ginn.[8]

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

Am Mäerz 2023 gouf an der Chamber de Gesetzprojet 8058 diskutéiert dee virgesäit, dass d'CFL fir den Zäitraum 2025 bis 2039 am ganze 7,14 Milliarden Euro kréichen, fir den Ënnerhalt an Ausbau vum Reseau, souwéi fir d'Exploitatioun dovun.[9]

Zuchsécherung[änneren | Quelltext änneren]

Bei der CFL gi momentan zwéi Zuchsécherungssystemer benotzt, de Memor II+ an den European Train Control System mam Level 1. De Memor II+ ass den ale System vun der CFL a gëtt effektiv vum 1. Januar 2020 un net méi benotzt (ausser fir op Beetebuerg-Marchandise a Péiteng-Grenz-Ausland). De European Train Control System ass op allen CFL-Gefierer installéiert an ass eng zwéngend Konditioun fir Gefierer vu friemen Eisebunnen déi um Lëtzebuerger Reseau wëlle fueren. Mam European Train Control System kënnen iwwer Balisen am Gleis all Geschwindegkeeten a rout Signaler kontrolléiert ginn, domat ass e méi sécher wéi de Memor II+. D'ganzt Lëtzebuerger Streckennetz ass mat ETCS ekipéiert.

Zuchfunk[änneren | Quelltext änneren]

Zurzäit (2017) gi verschidden analog RST-Zuchfunkkanäl[10] agesat.

De GSM-R ass am Opbau[11].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym 1953. Spezialnummer vun den "Les cahiers luxembourgeois" iwwer d'Eisebunn.
  • Philippart, Robert L., Charles-Léon Mayer, Charles Barthel, Denis Scuto & Jeannot Poeker, 2009. 150 Joer Eisebunn zu Lëtzebuerg 1859-2009. Depuis 150 ans, l'avenir appartient au train. 182 S. Erausgi vun der Société nationale des chemins de fer luxembourgeois an dem Ministère vun der nohalteger Entwécklung a vun den Infrastrukturen. ISBN 978-2-87996-608-3.
  • Ries, Jean, 1910. Travaux publics, chemins de fer: note: exposition universelle et internationale de Bruxelles 1910, groupe VI, classe 29: génie civil, moyens de transport. 27 p. Luxembourg: M. Huss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Société nationale des chemins de fer luxembourgeois – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz vum 28. Mäerz 1997
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 24 mai 1945 concernant l'exploitation provisoire des chemins de fer luxembourgeois. legilux.public.lu (24.05.1945). Gekuckt de(n) 21.03.2023.
  3. . Dës Grënnung gouf eréischt 1947 duerch e Gesetz legaliséiert: Loi du 16 juin 1947 concernant l'approbation de la convention Belgo-Franco-Luxembourgeoise du 17 avril 1946 relative à l'exploitation des chemins de fer du Grand-Duché et des conventions annexes. Mémorial A n° 30 du 25.06.1947. Cf. Art. 1er. Sont approuvés et ont force de loi... d) Les Statuts de la Société de droit luxembourgeois dite la Société Nationale des Chemins de Fer luxembourgeois, en date du 14 mai 1946.
  4. Projet de loi n° 46 vum 30. August 1946
  5. 5,0 5,1 Projet de loi n° 4265 vum 13. Februar 1997
  6. Projet de loi sur la gestion de l'infrastructure
  7. Archive copy Gearchiveerd op 2012-01-12. Gekuckt de(n) 2010-08-26.
  8. "Alstom livrera 34 trains Coradia aux CFL." paperjam.lu, 19.12.2018.
  9. "7 milliards d’euros pour l’exploitation du réseau ferroviaire." chd.lu, 02.03.2023.
  10. Instruction de Service vum Radio sol-train (analogen Zuchfunk) Gearchiveerd op 2017-01-10. Gekuckt de(n) 2017-03-16.
  11. Kapsch CarrierCom baut GSM-R Réseau zu Lëtzebuerg op