CFL 4000

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Serie CFL 4000
CFL 4015.jpg
Nummeréierung: 4001-4020
Stéckzuel: 20
Constructeur: Bombardier
Baujoren: 2004-2005
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 84 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 18900 mm
Héicht ouni Pantograph: 3.845 mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitess: 140 km/h
Stroumsystemer: 25kV 50 Hz Wiesselstroum
15kV 16,7 Hz Wiesselstroum
Leeschtung: 5600 kW
Zuchsécherungssystemer Memor II+
PZB 90
KVB (net am Asaz)
ETCS
Kraaft beim Ufueren 300 kN
Bremskraaft: 150 kN
Bremsen Scheiwebremsen
Drockloftsystem Uelegfräi Kolwekompressere
VV270-T vu Knorr[1]

D'CFL-Lokomotiven aus der Serie 4000 sinn Elektroloken, déi bei der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL ënner den Nummere 4001 - 4020 immatrikuléiert sinn.

Déi Lokomotive ginn zu Lëtzebuerg haaptsächlech am Gidderverkéier gebraucht, a kënnen zesumme mat de Voiturë vum Typ Dosto am Persouneverkéier agesat ze ginn.

Et si Lokomotiven aus der Gamme TRAXX déi vun der Firma Bombardier Transportation ënner der Typebezeechnung TRAXX P140 AC1 gebaut goufen. D'Maschinne goufen nom Modell BR185.1 vun der DB AG mat e puer Adaptatioune vum Modell BR 146 gebaut, an tëscht September 2004 a Mäerz 2005 a Betrib geholl.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Maschinnen däerfen um däitsche Reseau fräi zirkuléieren an hunn eng Autorisatioun fir den Trafic bis op déi belsch Garë vu Gouvy, Attem a Virton. Fir de franséische Reseau si se, genee wéi d'CFL-Dostoen ni homologéiert ginn. Eenzeg Ausnam ass d'Gare Wuelmereng déi geographesch a Frankräich läit, mä als assimiléiert Gare zum Lëtzebuerger Streckennetz zielt.
  • D'Maschinnen hunn eng speziell Noverkéierssoftware, déi et erméiglecht méi séier unzefueren a Vitess opzehuelen. Dat ass virun allem wichteg fir den Asaz op Regionalbunnen déi vill Garen ufueren.

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

Bestand[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi d'Säite vu Lokomotive fir Reklamm ze benotzen kënnt aus Däitschland. D'CFL 4000 eegene sech besonnesch, well op de Säite vill fräi, a virun allem glat Fläch ass.

All d'Reklamme goufen an den Atelieren zu Péiteng gemaach a si gréisstendeels haut nach un de Maschinnen drun.

Verschidde Maschinne kruten ni eng Reklamm, well se haaptsächlech fir d'CFL Cargo gefuer sinn.

Nummer Reklamm (Joer vun der Realisatioun) Bemierkung Foto
4001 2005: EU Presidence a Lëtzebuerger Wort, La Voix
2010: Biodiversitéit ass Liewen
CFL Class 4000 Luxembourg.JPG
4002 2005: EU Presidence a Lëtzebuerger Wort, La Voix
2011: UNICEF Global Parents
CFL 4002 Luxembourg.jpg
4003 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude"
2007: Kulturjoer;
2008: Blues Express
2011: Loscht op Ettelbréck
CFL - 4003 - Loscht op Ettelbreck.jpg
4004 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude"
2011: Blues Express
4005 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude" CFL 4005 passes the viaduct in Clausen.jpg
4006 2005: EU Presidence, "Tarif Escapade Belgique" an Top zum Job
2008:Top zum Job! Schweich > Trier > Luxemburg
2011: Croix-rouge luxembourgeoise 'Donnez pour agir'
CFL 4006 Berchem.jpg
4007 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude"
2007: Stärenzuch '07 a "Festival des Jardins"
2011: Biking in Luxembourg www.bikingtours.lu
2015: Eppur si muove (eng Ausstellung am Mudam)
CFL 4007 - Biking in Luxembourg.jpg
4008 2005: EU Presidence
2008: DirActors-Festival
CFL 4008 Berchem.jpg
4009 2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee (Cegedel) CFL 4009.jpg
4010 2008: Klimaschutz: Et läit an denger Hand.
2009: Lorraine TGV
2012: Musée Dräi Eechelen www.m3e.lu
CFL 4010 Berchem.jpg
4011 2006: Spuerkeess
2007: Original Zoustand
2013: CFL Cargo
gedeeft op den Numm Ettelbréck
gouf 2008 bei engem Feier uerg beschiedegt
CFLCargo 4011 CFL 012 CFL 2007 Gare-Usines.jpg
4012 2013: CFL Cargo gouf de 4. Mee 2016 op der Barrière zu Manternach bei engem Zesummestouss mat engem Baugefier beschiedegt[2] an ass mëttlerweil erëm reparéiert.
CFL 4012 Troisvierges 13-08-2007.jpg
4013 2007: Kulturjoer
2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee
CFL 4013.JPG
4014 2009: Fotosconcours 2009
2010: CFL Personal Reklamm
CFL 4014 p03.jpg
4015 CFL 4015.jpg
4016 2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee
2012: Musée Dräi Eechelen www.m3e.lu
Accidentéiert den 29.Juni 2010 zu Lëntgen
CFL 4016 pic1.JPG
4017 2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee
2011: A vous de chanter
2013: GAR
CFL 4017 Lamadelaine.JPG
4018 2005: "Mobile Attitude"
2009: 30 Joer UNICEF Lëtzebuerg
gedeeft op den Numm Wolz CFL 4018 unicef.jpg
4019 2008: "eGO Kaart"
2013: 5519
CFL 4019.JPG
4020 2005: Télévie
2006: 50 Joer Elektrifizéierung bei der CFL
2010: CFL Personal Reklamm
2013: 100 Joer Gare Lëtzebuerg
2017: Un train peut cacher deux rotondes
PeitLetz 4000.jpg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CFL 4000 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Knorr Kompresseren op TRAXX
  2. Zug gegen Baumaschine - Strecke blockiert op wort.lu vum 4. Mee 2016