UNICEF

Vu Wikipedia
United Nations Children's Fund[1]
Ofkierzung UNICEF
Zweck Hëllf fir Kanner a Mammen an de Beräicher Gesondheet, Familljeplanung, Hygiene, Ernierung a Bildung
Grënnungsdatum 11.12.1946
Sëtz New York
President Omar Hilale (bis 31.12.2019)

De United Nations Children's Fund (UNICEF) ass d'Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen. D'UNICEF ass den 11. Dezember 1946 gegrënnt ginn an huet hire Sëtz zu New York. Haaptaufgabe sinn et Entwécklungshëllef an humanitär Hëllefsaarbecht fir Kanner an hir Familljen an den Entwécklungslänner ze leeschten.

D'UNICEF krut 1965 de Friddensnobelpräis dee stellvertriedend vum amerikanesche Schauspiller Danny Kaye entgéint geholl gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nom Zweete Weltkrich war d'Leed vun de Kanner an Europa grouss. Fir dem Honger an de Krankheeten sou séier wéi méiglech bäizekommen, hunn d'Vereent Natioune sech am Dezember 1946 presséiert en internationalen Hëllefsprogramm, den United Nations International Children's Emergency Fund, op d'Been ze stellen.

Zanter 1950 gëllt d'Mandat vun der UNICEF fir Entwécklungslänner uechter d'ganz Welt. 1953 gëtt de United Nations International Children's Emergency Fund an United Nations Children's Fund ëmbenannt. Den Akronym UNICEF gouf awer wéinst senger allgemenger Bekanntheet bäibehalen. Gläichzäiteg ass och decidéiert ginn datt d'Kannerhëllefswierk zu enger permanenter Niewenorganisatioun vun de Vereenten Natioune gëtt.

1959 gëtt Deklaratioun vun de Kannerrechter (Déclaration des droits de l'enfant) vun der UNO-Generalversammlung unerkannt. Dat als Referenzpunkt zentraalt Dokument fir d'Aarbecht vun der UNICEF féiert 1989 zu der Kannerrechtskonventioun (Convention des droits de l'enfant). D'Konventioun ass zanter dem 1. Januar 1990 a Kraaft a gouf vun allen UNO-Membere bis op Somalia an de Vereenegte Staate vun Amerika ënnerschriwwen. D'USA wollten se net ratifizéiere well eent vu den zentrale Kannerrechter d'Doudesstrof fir Mannerjäreger verbidde géif, d'Regierung vu Somalia ass (nach) net vun de Vereenten Natiounen unerkannt.

Organisatioun a Prioritéiten[änneren | Quelltext änneren]

D'UNICEF ass an 190 Länner weltwäit aktiv[2]. D'Haaptorganisatioun administréiert a koordinéiert déi eenzel Projeten. Direktesch vum UNICEF-Verwaltungsrot ass zanter 2005 - op fënnef Joer - d'Ann Veneman.

D'UNICEF huet a 34 Industrielänner autonom national Kommiteeën[3] a Form vun autoriséierten Netstaatlechen Organisatioune fir sech schaffen. D'National Kommiteeën si per Kontrakt un d'Haaptorganisatioun gebonnen. Hir Haaptaufgabe sinn et de jeeweilege Public fir d'Thematik ze sensibiliséieren an z'informéieren an z. B. och zu finanzieller Ënnerstëtzung (duerch Donen, Kaf vu Chrëschtkaarten, asw.) ze motivéieren. D'National Kommiteeën hunn, nieft den Haaptprioritéite vun der internationaler Organisatioun, deelweis eng spezialiséiert Agenda wat d'Hëllef bei akuten humanitäre Katastrophen ubelaangt.

Haaptprioritéite vun der UNICEF international sinn:

  • Schutz vun der Kandheet: Et gëllt de physeschen, sexuellen a militäresche (Kannerzaldoten) Mëssbrauch vu Kanner ze verhënneren an hinnen en (Iwwer)liewen am Sënn vun de Kanner- a Mënscherechter z'erméiglechen.
  • Fréi Kannerzäit: Millioune Kënnercher stierwen all Joer nach ier se fënnef Joer hu well hinnen an hiren Elteren all Bas fir d'Iwwerliewe feelen. D'UNICEF engagéiert sech dofir besonnesch dëse Familljen en Halt ze ginn a Liewenskonditiounen an der fréier Kannerzäit allgemeng ze verbesseren.
  • Educatioun vun de Meedercher: D'Educatioun an d'Qualitéit vun der Léier sinn zentral Faktoren déi d'Liewensqualitéit vun all Eenzelen an d'Gesellschaft allgemeng beaflossen. Den Zougang zur Educatioun an den Entwécklungslänner ass fir jonk Meedercher dacks nach méi schwéier wéi e scho fir d'Bouwen ass. Well awer Meedercher déi an d'Schoul gaange sinn tendenziell méi spéit an och manner Kanner kréien, sech éischter a besser géint Geschlechtskrankheete schützen a generell méi um sozialen, ekonomeschen a politesche Liewen deelhuele kennen, setzt d'UNICEF sech virun allem och fir si an.
  • Vaccinatioun: D'Impfung géint déi geleefegst Kannerkränkten ass en effikasst Mëttel fir der Kannerstierflechkeet an der drëtter Welt eppes entgéint ze setzen.
  • Kampf géint den HIV/AIDS: D'UNICEF setzt virun allem op Opklärung a Präventioun (z. B. datt Kanner net vun hiren Elteren ugestach ginn). Eng vun de Konsequenze vun der Krankheet si Millioune vu Weesekanner, och hinne gëtt probéiert ze hëllefen.

Exekutivdirekteren[4][änneren | Quelltext änneren]

Joer Exekutivdirekter Nationalitéit
1946 - 1965 Maurice Pate  USA
1965 - 1979 Henry R. Labouisse  USA
1980 - 1995 James Grant  USA
1995 - 2005 Carol Bellamy  USA
2005 - 2010 Ann Veneman  USA
2010 - 2018 Anthony Lake  USA
2018 - Henrietta H. Fore[5]  USA

UNICEF Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Comité luxembourgeois pour l'UNICEF representéiert zanter 1979 d'UNICEF zu Lëtzebuerg a gouf 1986 als Netregierungsorganisatioun (Organisation non gouvernementale agréée) unerkannt.

UNICEF Lëtzebuerg ass eng Association sans but lucratif (a.s.b.l.) a setzt sech aus der Generalversammlung (Assemblée générale) an dem Verwaltungsrot (Conseil d'Administration) zesummen. D'Equipe vun UNICEF Lëtzebuerg besteet aus permanenten a fräiwëllege Mataarbechter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: UNICEF – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. vun der Grënnung bis 1950: United Nations International Children's Emergency Fund
  2. What we do op unicef.org, der Websäit vun der UNICEF, fir d'lescht gekuckt den 1. Januar 2019
  3. UNICEF National Committees op unicef.org, der Websäit vun der UNICEF, fir d'lescht gekuckt den 1. Januar 2019
  4. Directeurs généraux de l'UNICEF op unicef.org, der Websäit vun der UNICEF, fir d'lescht gekuckt den 1. Januar 2019
  5. Centre de presse op unicef.org, der Websäit vun der UNICEF, fir d'lescht gekuckt den 1. Januar 2019