Kannerrechtskonventioun

Vu Wikipedia
Vertragsstaaten
Ënnerschriwwen, awer net ratifizéiert
Net ënnerschriwwen

D'Kannerrechtskonventioun[1] gouf den 20. November 1989 vun der UNO formuléiert an ass d'Fortsetzung vun der Genfer Erklärung iwwer d'Kannerrechter vun 1924 an der Erklärung vun der UNO-Generalversammlung vun 1959 iwwer d'Rechter vum Kand.

An enger éischter Phas gëtt e Kand als eng Persoun vu manner wéi 18 Joer definéiert an et gëtt generell festgehalen, datt kee Kand däerf diskriminéiert gi wéinst Hautfaarf, Relioun an anere Kennzeechen. Et gëtt och gesot, datt all Kand e Recht huet seng Meenung fräi ze soen. D'Kanner hunn ausserdeem e Recht drop, mat hirer Famill zesummenzeliewen (wat relevant ass, wann et ëm Flüchtlingen an hir Openthaltsrechter geet), e Recht op Bildung an e Recht op medezinesch Versuergung. Et gëtt dann och nach Stellung geholl zu Problemer vum Kannerhandel, Kannermëssbrauch a Kanneraarbecht.

Zanter 1989 ass déi Konventioun, déi aus 54 Artikele besteet, weltwäit dat am meeschte ratifizéiert Mënscherechtsinstrument ginn. Ausser den USA, Somalia a Südsudan hunn all Länner dat Dokument iwwer d'Rechter vum Kand ënnerschriwwen a ratifizéiert.

Zanter 1989 gëllt och den 20. November als Weltkannerdag, als Internationalen Dag vun de Kannerrechter.

Zu Lëtzebuerg gouf dës Konventioun vun 1989[2] duerch d'Gesetz vum 20. Dezember 1993 approuvéiert an a Lëtzebuerger Recht ëmgesat[3]. Am Joer 2002 gouf den Ombuds Comité fir d'Rechter vum Kand an d'Liewe geruff, fir d'Kannerrechtsconventioun méi bekannt ze maachen.

D'Kannerrechter aus der Kannerrechtskonventioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Kannerrechtskonventioun besteet aus 3 Deeler[4],[5]. Am 1. Deel sinn d'Kannerrechter an 41 Artikele festgehalen, déi sou kuerz gefaasst kënne ginn:

  1. Dës Konventioun vun de Kannerrechter bezitt sech op all Mënschen, déi manner wéi 18 Joer al sinn.
  2. All Kanner si gläich an hunn e Recht net diskriminéiert ze ginn, egal aus wat fir engem Grond.
  3. D'Kanner ginn ëmmer fir. Bei Problemer a Sträitfroen ass eng Léisung nëmmen da gutt, wa s'och fir d'Kanner déi bescht ass.
  4. D'Kannerrechter mussen agehale ginn, ouni Ausnam.
  5. D'Elteren hu fir hir Kanner ze suergen.
  6. All Kand huet en ugebuerent Recht ze liewen an sech beschtméiglech z'entwéckelen.
  7. All Kand kritt en Numm an eng Nationalitéit, soubal et op d'Welt kënnt.
  8. All Kand huet eng onverwiesselbar Identitéit, déi onbedéngt ze schützen ass.
  9. All Kand däerf bei sengen Eltere liewen ouni mësshandelt oder vernoléissegt ze ginn.
  10. All Kand huet e Recht mat senger Famill zesummen ze liewen.
  11. All Kand ass virun Entféierung ze schützen.
  12. All Kand däerf sech selwer seng eege Meenung bilden.
  13. All Kand soll sech informéieren an däerf soe wat et denkt am Respekt vun aneren.
  14. All Kand huet e Recht op Gedanken-, Gewëssens- a Reliounsfräiheet am Respekt ee virun deem aneren. D'Elteren hunn d'Recht an d'Flicht d'Kanner an der Ausübung vun dësem Recht z'ënnerstëtzen.
  15. All Kand däerf sech fräi mat aneren a Veräiner zesummendinn a sech fir friddlech Zwecker versammelen.
  16. All Kand huet e Recht op perséinlech Geheimnisser an de Schutz vu senger Privatsphär.
  17. All Kand muss sech an de Medie fair informéiere kënnen. Et ass un de Medien national, international a kulturell Informatioune sou ze verbreeden, datt s'am Déngscht vum Wuel vun de Kanner stinn.
  18. D'Eltere sinn zesumme fir d'Erzéiung an d'Entwécklung vun hire Kanner verantwortlech. De Staat muss d'Elteren an dëser Verantwortung ënnerstëtzen.
  19. De Staat ass verflicht, all Kand ze schütze virun all Form vu Gewalt, Mësshandlung, Vernoléissegung, schlechter Behandlung, Ausbeutung oder sexuellem Mëssbrauch.
  20. De Staat huet sech besonnesch ëm all Kand ze këmmeren, dat net méi a senger Famill liewe kann.
  21. All Kand huet e Recht zu sengem Wuel adoptéiert ze ginn.
  22. Flüchtlingskanner hunn e Recht op eng besonnesch Ënnerstëtzung an Hëllef duerch national oder international Organisatiounen.
  23. Geeschteg oder kierperlech behënnert Kanner hunn e besonnescht Recht op en erfëlltent a mënschewierdegt Liewen. Si brauchen déi néideg Ënnerstëtzung an hirer Selbstännegkeet an dem aktiven Deelhuelen um gesellschaftleche Liewen.
  24. All Kand huet e Recht op de Schutz vu senger Gesondheet an eng medezinesch Betreiung. Zur Gesondheet gehéiert och Ernährung an Hygiène.
  25. All Kand, dat vum Staat placéiert gouf, huet e Recht op eng reegelméisseg Iwwerpréiwung vun dëse Moossnamen.
  26. All Kand huet e Recht op sozial Sécherheet.
  27. All Kand huet e Recht net an Nout liewen ze mussen.
  28. All Kand muss déi selwecht Chance kréie sou vill wéi méiglech ze léieren. D'Schoul muss am Respekt vun de Kannerrechter obligatoresch a gratis sinn.
  29. D'Bildung muss all Kand a senge Fäegkeeten a Begabunge fërderen, am Respekt vun de Mënscherechter a senger kultureller Identitéit, hin zu engem verantwortungsvolle Liewen an der Gesellschaft an am Respekt vu senger natierlecher Ëmwelt.
  30. Kanner aus ethnesche, reliéisen oder sproochleche Minoritéiten däerfen net dru gehënnert ginn déi besonnesch Kultur ze fleegen.
  31. All Kand huet e Recht op Fräizäit, Spill, Erhuelung a Rou.
  32. Kanner si besonnesch viru wirtschaftlecher Ausbeutung ze schützen a verdénge besonnesche Schutz wa se schaffe ginn.
  33. All Kand muss virun Alkohol, Tubak an allen Zorte vun Droge geschützt ginn.
  34. All Kand muss virun all Form vu sexuellem Mëssbrauch an Ausbeutung geschützt ginn.
  35. De Staat verbitt all Form vun Handel a Verkaf vu Kanner.
  36. De Staat schützt all Kand virun all Form vun Ausbeutung.
  37. Kee Kand däerf gequält, gefoltert oder grausam, onmënschlech oder erniddregend behandelt ginn.
  38. Kanner ënner 15 Joer däerfen net als Zaldoten agesat ginn. Am Krich sinn d'Kanner besonnesch ze schützen.
  39. All Kand, deem e grousst Leed widderfuer ass, huet e Recht op den entspriechenden Ausgläich.
  40. Kanner, déi duerch Strofdote schëlleg goufen, profitéiere vu besonneschem Jugendschutz vu Mannerjäregen.
  41. Bei ënnerschiddleche Gesetzer oder Konventiounen zielen ëmmer déi, déi fir d'Kanner am gënschtegste sinn.

Den Artikel 42 seet, datt de Staat sech verflicht, dës Kannerrechter bekannt ze maachen. Am 2. Deel vun der Konventioun steet an den Artikelen 43 bis 45, wéi dat geschéie soll.

Den Artikel 46 seet, datt all Staaten dës Konventioun ënnerschreiwe kënnen. Am 3. Deel vun der Konventioun ass d'Ratifikatioun vun dëser Konventioun an den Artikelen 47 bis 54 definéiert.

Zousazprotokoller[änneren | Quelltext änneren]

An zwee Zousazprotokoller gëtt d'Bedeelegung vu Mannerjäregen a bewaffente Konflikter (Kannerzaldoten)[6] gereegelt wéi och an all Form vu Kannerhandel, Kannerprostitutioun a Kannerpornografie[7] verbueden.

En drëtten Zousazprotokoll vum 19. Dezember 2011 erlaabt all Kand oder senge Vertrieder d'Mëssuechtung vun de Kannerrechter virum Kommitee vun de Kannerrechter anzekloen[8] Lëtzebuerg huet dësen Zousatzprotokoll, zesumme mat 19 anere Länner, den 28. Februar 2012 ënnerschriwwen[9]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Convention des droits de l'enfant
  2. Lëtzebuerg huet d'Konventioun den 21. Mäerz 1990 ënnerschriwwen an de 7. Mäerz 1994 ratifizéiert UNTC
  3. Approbation de la Convention relative aux droits de l'enfant Mémorial A n° 104 vun 1993
  4. D'Kannerrechtskonventioun op unicef.lu
  5. Convention on the Rights of the Child um Children's Rights Portal
  6. Bureau de Représentant Spécial du Secrétaire Général pour Les Enfants et Les Conflits Armés
  7. Optional Protocol to the Convention on the Rights of the Child on the sale of children, child prostitution and child pornography Gearchiveerd op 2012-03-14. Gekuckt de(n) 2012-02-09.
  8. Le 3ème Protocole facultatif à la Convention des droits de l'enfant adopté par l'ONU.
  9. UNTC Gearchiveerd op 2015-01-14. Gekuckt de(n) 2012-03-02.