Famill

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Famill am tëschemënschleche Sënn. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Famill (Homonymie).
Family.

De Begrëff Famill ass, a senger wäiter Definitioun, eng Grupp vu Leit déi zesummelieft an där een no deem anere kuckt.

D'Wuert kënnt vum laténgesche Begrëff familia (vu famulus - "Haussklav"), wou et ufanks net déi bestuete Koppel an hir Kanner bezeechent huet, mä den Numm war fir all d'Sklaven, déi zum Besëtz vum Patriarch gehéiert hunn. Mann ouni Famill ass deemools ee genannt ginn, deen an Aarmut gelieft huet.

Hautdesdaags bezeechent ee mam Begrëff Famill awer éischter déi Leit, déi biologesch a sozial Verbindungen hunn, wéi de Papp, d'Mamm, d'Kanner, d'Enkelen (Kandskanner), d'Grousselteren, d'Monnien, d'Tattaen an d'Kosengen.

D'Kärfamill ass nach méi enk gefaasst a besteet nëmmen aus Papp, Mamm a Kanner, oder souguer just aus engem eenzegen Elterendeel mat dem Kand oder de Kanner.

Basisschema vun enger Famill[änneren | Quelltext änneren]

Basisschema vun enger Famill

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Famill – Biller, Videoen oder Audiodateien