Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng iresch Famill: d'Eltere mat hire siwe Kanner (1913)
Grafik mat den allgemeng gebräichlechen europäesche Bezéiungen tëscht de Familljememberen. Net all Bezeechnung ass am allgemenge Sproochgebrauch, absënns wat ee sech méi wäit vum Proband "Ech" ewech beweegt.
D'Eltere sinn déi direkt Virfare vun enger Persoun vun deene s'an direkter Linn ofstaamt oder déi rechtlech bestëmmt goufen. D'Wuert Elteren ass e Pluralwuert; wann et an der Eenzuel gebraucht gëtt, schwätzt ee vun engem Elterendeel.
Stéifelteren: Stéifmamm, Stéifpapp = neie Liewenspartner vun engem eegenen Elterendeel: mat deem ass d'Persoun net direkt Famill, just par alliance ((de)verschwägert);
Fleegeelteren: Fleegemamm, Fleegepapp = groussjäreg Persounen, déi provisoresch oder dauerhaft Kanner vun aneren Elterendeeler ophuelen.