Internationaalt Familljebuch

Vu Wikipedia
Deckel vun engem Lëtzebuerger Familljebuch, ausgestallt vun der Stad Esch-Uelzecht am Joer 1931.

D'Internationaalt Familljebuch, dacks just Familljebuch genannt, gouf mat enger multilateraler Konventioun an d'Liewe geruff, déi den 12. September 1974 zu Paräis ënnerschriwwe gouf[1]. Zu Lëtzebuerg gouf dës Konventioun duerch d'Gesetz vum 10. Dezember 1975 ratifizéiert[2].

D'Familljebuch ass en offiziellt Dokument, dat an enger Rëtsch Länner ausgestallt gëtt. Et besteet aus enger Sammlung vun Extraiten aus dem État civil, déi sech op eng Famill bezéien. Et gëtt gemenkerhand der Koppel iwwerreecht wann déi sech bestit oder bei der Gebuert vum éischte Kand, wann d'Koppel net bestuet ass. Et ka méi spéit completéiert gi bei der Gebuert vu weidere Kanner, am Fall vum Bestietnes, bei der Separatioun oder der Scheedung oder beim Doud vun den Elteren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Internationaalt Familljebuch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Convention créant un livret de famille international. treaties.un.org (12.09.1974). Gekuckt de(n) 20.12.2021.
  2. Loi du 10 décembre 1975 portant approbation de la Convention créant un livret de famille international, signée à Paris, le 12 septembre 1974. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-20.