Bestietnes

Vu Wikipedia
Eng koreanesch Hochzäitszeremonie (2008)
Eng zivil Hochzäit an Däitschland (2005)
Gungunhana, de leschte Keeser vu Gaza (haut Mosambik), mat senge siwe Fraen (1896)
Eng gläichgeschlechtlech Hochzäit an Taiwan (2012)

E Bestietnes oder e Bestietnis, e Mariage oder eng Hochzäit, ass eng sozial Unioun oder e legale Kontrakt tëscht meeschtens zwou Persounen. Déi genee Definitioun vum Bestietnes ass kulturell variabel; d'Bestietnes selwer gëllt awer als kulturell universell an am Prinzip als Institutioun an där interpersonell Relatiounen, generell intim a sexuell, unerkannt sinn. D'Bestietnes gëtt meeschtens an enger ritueller, reliéiser oder juristescher Zeremonie, der Hochzäitsfeier, formaliséiert.

Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

An de meeschten onofhängege Länner gëtt d'legal Bestietnes als Unioun tëscht Fra a Mann definéiert, a verschidde vun deene Länner erlaben d'Polygynie, bei där e Mann méi wéi eng Fra kann hunn. Zanter 2000 hu verschidde Länner an aner Staate mat limitéierter Souveränitéit (zum Beispill e puer US-amerikanesch Bundesstaaten) d'gläichgeschlechtlecht Bestietnes legaliséiert. Zu Lëtzebuerg ass dat vum 1. Januar 2015 un de Fall. A verschidde Kulturkreesser ass d'Hochzäit virun der sexueller Aktivitéit recommandéiert oder obligatoresch.

D'Motivatiounen an d'Grënn, sech ze bestueden, kënne ganz ënnerschiddlech sinn: legal, reliéis, sozial, emotional, finanziell, sexuell a spirituell. A westleche Länner gëtt d'Bestietnes dacks an enger weltlech ziviller an/oder an enger reliéiser Zeremonie gefeiert. Den Hochzäitsakt gëtt dobäi dacks als Aart Kontrakt ugesinn a schaaft normativ oder legal Obligatioune tëscht de Partner. D'zivilt Bestietnes ass de legale Konzept vum Bestietnes vun de Regierungsinstitutiounen a spillt sech am Kader vu Gesetzer of, bei deenen déi reliéis Affiliatioun keng Roll spillt. Verschidde Kulturen erlaben eng Opléisung vun der Unioun duerch Scheedung oder Annulatioun an a verschiddene Länner si forcéiert Bestietnesser verbueden.

Nieft dem formelle Bestietnes gëtt et och nach aner Forme vun Unioun tëscht zwou oder méi Persounen, wéi e wëllt Bestietnes ("union libre"), Konkubinat an divers Forme vun ziviller Unioun wéi de PACS.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zivilt Bestietnes[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg muss ee sech virun enger reliéiser Hochzäit fir d'éischt zivil bestueden. D'reliéist Bestietnes eleng ass verbueden. Déi zwéi Partner mussen awer mindestens 18 Joer al sinn. Och e Mannerjärege ka sech bestueden, mä da mussen d'Elteren oder d'Tuteure sech domat averstanen erklären. Wéinstens ee vun der zukünfteger Koppel muss seng offiziell Residenz am Groussherzogtum hunn. D'Zeremonie ass op engem Schaffdag an enger vun de Gemengen, an där si liewen an déi si selwer eraussichen. D'Hochzäit muss sech obligatoresch am Gemengenhaus ofspillen. Nëmmen "en cas d'empêchement grave" däerf e Bestietnes och bei engem vun de Partner doheem zelebréiert ginn.[1]

Ier ee sech ka bestuede muss een eng Rei administrativ Prozedure maachen. Dozou gehéiert ënner anerem d'Zesummesetze vun engem dossier de mariage, dee wéinstens ee Mount virun der Zeremonie fäerdeg muss sinn. All zivilt Bestietnes muss wärend 10 Deeg an der Residenzgemeng vun den zwee Brautleit ausgehaangen (zum Beispill am Reider) an duerno an den nächsten 12 Méint zelebréiert ginn.[1] D'Gesetz erlaabt et der Koppel, virum Nottär e Contrat de mariage ze maachen, dee bestëmmt (materiell) Reegele fir d'Bestietnes, virun allem awer fir de Fall vun enger Scheedung festleet.

Den 18. Juni 2014 ass an der Chamber eng Reform vum Bestietnes ugeholl ginn, déi d'Bestietnes och gläichgeschlechtleche Persoune opgemaach huet. Déi Reform huet ënner anerem och eng obligatoresch Visite beim Dokter ofgeschaaft an de Mindestalter vun der Fra fir sech ze bestuede vu 16 op 18 Joer eropgesat.[2],[3]

D'Bestietnes ka wéinst dräi Motiver gescheet ginn: Verscholden, Echec vum Zesummeliewen, a mam Averständnes vun den zwéi Partner.[4]

Reliéist Bestietnes[änneren | Quelltext änneren]

D'Kathoulesch Kierch freet all Koppel, déi sech well bestueden, sechs bis zéng Méint virdrun de Paschtouer ze kontaktéieren an da Course fir d'Virbereedung op d'Bestietnes ze maachen.[5] D'Hochzäit spillt sech an enger vun den Uertschaften of, an där ee vun de Partner wunnt. Wa se an enger anerer Uertschaft zelebréiert soll ginn, da muss d'Autorisatioun vun engem vun de Paschtéier an de Residenzuertschafte vun der Koppel ugefrot ginn.[6]

D'protestantesch Kierch stellt d'Dräifaltegkeetskierch an der Stad fir Koppelen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, fir evangeelesch, ökumeenesch an interreliéis Bestietnesser zur Verfügung.[7]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 guichet.lu: Préparer le mariage civil (1. Januar 2015)
  2. guichet.lu: Mariage et adoption s'ouvrent aux couples de personnes du même sexe (19.06.2014)
  3. Réforme du mariage am Mémorial vum 17. Juli 2014
  4. guichet.lu: Choisir une forme de divorce ou de séparation (de fait ou légale) (28. Oktober 2014)
  5. cathol.lu: En quoi consiste la préparation au mariage?
  6. cathol.lu: Dans quelle localité peut se dérouler le mariage ?
  7. protestant.lu: Hochzeiten in Trinitatis