Membere vun de Vereenten Natiounen

Vu Wikipedia
Memberstaate vun de Vereenten Natiounen

An de Vereenten Natioune si momentan (Januar 2024) 193 Länner vertrueden.

D'UNO hat 1945 51 Grënnungsmemberen (an der Lëscht fett markéiert), zwee vun hinnen, Jugoslawien an d'Tschechoslowakei, gëtt et haut net méi. Am Ënnerscheed zu der haut och net méi existenter Sowjetunioun (Sëtz vu Russland iwwerholl) gouf et bei dësen zwee kee Staat deen als offizielle Successeur hätt asprange kënnen.

Aktuell Memberlänner (alphabetesch)[änneren | Quelltext änneren]

Historesch Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Republik China[änneren | Quelltext änneren]

D'Republik China war 1945 ee vun deene fënnef Staaten, déi bei de Verhandlungen iwwer d'Charta vun de Vereenten Natioune mat dobäi waren an d'UNO gegrënnt hunn. D'Land war net nëmme Grënnungsmember, mä hat och e Sëtz am Sécherheetsrot. 1949, nom chineesesche Biergerkrich, huet d'republikanesch Regierung missen op Taiwan flüchten an déi nei gegrënnt kommunistesch Volleksrepublik China huet um chineesesche Festland d'Rudder an d'Hand geholl.

D'Republik China konnt bis Oktober 1971 hire Sëtz an de Vereenten Natioune behaapten, huet dunn awer op Drock vun der UNO-Generalversammlung de Stull misse fir d'Volleksrepublik fräimaachen.

Taiwan huet spéiderhin nach e puermol probéiert der UNO nees bäizetrieden, ma ouni Succès. Obwuel d'Land net méi den Usproch huet ganz China ze representéieren, gëtt Taiwan bis haut net vun de Vereenten Natiounen als souveräne Staat, mä villméi als Deel vun der Volleksrepublik China ugesinn.

Sowjetunioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Sowjetunioun war vum 24. Oktober 1945 bis den 23. Dezember 1991 Member vun de Vereenten Natiounen. Hellegowend 1991 huet du Russland de sowjetesche Sëtz am Sécherheetsrot iwwerholl. Wärend Wäissrussland an d'Ukrain vun Ufank un eegestänneg Membere waren, ass de Rescht vun den ex-sowjetesche Republike vun 1991 un no an no bäigetrueden.

DDR[änneren | Quelltext änneren]

Déi Däitsch Demokratesch Republik (DDR) ass den 18. September 1973 gläichzäiteg mat der Bundesrepublik Däitschland (BRD) bäigetrueden. No der däitscher Reunificatioun (Wiedervereinigung) ass d'Bundesrepublik, zanter dem 3. Oktober 1990, den eenzegen däitschen UNO-Representant.

Jugoslawien[änneren | Quelltext änneren]

D'Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien war vum 24. Oktober 1945 bis den 10. November 2000 UNO-Member. No hirer Opléisung huet déi nei Federativ Republik Jugoslawien sech dru ginn den ale jugoslawesche Sëtz einfach z'iwwerhuelen, wat awer op Säite vun der UNO refuséiert gouf. Den Numm gouf spéiderhin op Serbien a Montenegro geännert. Bosnien an Herzegowina, Slowenien a Kroatien waren du schonn zanter 8 Joer (1992 bäigetrueden) bei de Vereenten Natiounen. Nordmazedonien, deemools Mazedonien, ass 1993 bäikomm, allerdéngs - no Kloe vu griichescher Säit - ënner dem Numm Fréier Jugoslawesch Republik Mazedonien (Former Yugoslav Republic of Macedonia). No der Onofhängegkeetserklärung vu Montenegro, den 3. Juni 2006 huet Serbien de Sëtz vum fréiere Staat Serbien a Montenegro iwwerholl. Montenegro ass zanter dem 28. Juni 2006 Member.

Tschechoslowakei[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem datt d'Tschechoslowakei Sylvester 1992 opgehalen huet z'existéieren an et och keen offizielle Successeur gouf, hunn déi zwou nei gegrënnte Republiken Tschechien a Slowakei op en Neits misse bäitrieden.

Sansibar an Tanganyika[änneren | Quelltext änneren]

Tanganyika ass der UNO de 4. Dezember 1963 bäigetrueden, Sansibar 14 Deeg méi spéit, de 16. Dezember 1963. E puer Méint drop, de 26. Abrëll 1964 goufe s'allebéid vum nei forméierten Tansania ofgeléist.

Nord- a Südjemen[änneren | Quelltext änneren]

Den Nordjemen (Yemesch Arabesch Republik) ass de Vereenten Natiounen den 30. September 1947 an de Südjemen (Demokratesch Volleksrepublik Jemen) de 14. Dezember 1967 bäigetrueden. Den 2. Juni 1990 sinn déi zwee Staate fusionéiert a si zanter dem 22. Mee 1992 nëmme méi als Jemen bei der UNO representéiert.

Observateuren an Net-Memberen[änneren | Quelltext änneren]

De Vatikanstad ass den eenzege souveräne Staat weltwäit deen net Member ass. Den Hellege Stull huet dogéint eng permanent diplomatesch Vertriedung bei de Vereenten Natiounen.

D'Exilregierung vun der West-Sahara (Demokratesch Arabesch Republik Sahara) gëtt zwar vun enger 70 Staaten unerkannt an ass och Member an der Afrikanescher Unioun, gouf awer bis haut net als souveräne Staat vun der UNO akzeptéiert.

D'Tierkesch Republik Nordzypern gëtt - op d'mannst um Pabeier - vun der Republik Zypern matvertrueden.

D'Cookinselen si méi e spezielle Fall. Deen u sech onofhängege Staat ass nämlech a fräier Associatioun mat Neiséiland a gëtt doduerch och duerch dëse bei der UNO mat representéiert.

D'Palestinensesch Autoritéit (Palestina) ass zwar kee Member, krut awer de Beobachterstatus accordéiert. Observateure sinn och eng ganz Rëtsch vu Netstaatlechen Organisatiounen (z. B. den Internationale Kommitee vum Roude Kräiz) an aneren internationalen Organisatiounen (z. B. d'Europäesch Unioun).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]