Tierkesch Republik Nordzypern
| Tierkesch Republik Nordzypern | |||||
| |||||
| Offiziell Sprooch: | Tierkesch | ||||
| Haaptstad: | Nord-Nikosia | ||||
| • Koordinaten: | 35° 11’ 24’’ N 33° 21’ 49’’ E | ||||
| Staatsform: | Presidentielle Regierungssystem | ||||
| • President: | Tufan Erhürman | ||||
| • Premierminister: | Ünal Üstel | ||||
| Fläch: | 3.355,0 km² | ||||
| Bevëlkerung: | 476.214 (2023) | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 112/km² | ||||
| Nationalfeierdag: | 15. November | ||||
| Nationalhymn: | İstiklâl Marşı | ||||
| Wärung: | Tierkesch Lira (TRY) | ||||
| Zäitzon: | UTC +2 | ||||
D'Tierkesch Republik Nordzypern, kuerz Nordzypern, Tierkesch: Kuzey Kıbrıs Türk Cumhuriyeti (KKTC), ass en De facto-Regimm am Norde vun der Mëttelmierinsel Zypern, dee vun der internationaler Staatecommunautéit (mat Ausnam vun der Tierkei) net als Staat unerkannt gëtt. De jure gehéiert den Territoire zu der Republik Zypern, där hir Regierung zanter 1963 just nach aus zypriotesch Griiche besteet an – zanter datt den Norde vun der Insel 1974 vun der Tierkescher Arméi besat gouf – keng Autoritéit méi iwwer dësen Territoire huet.
D'Haaptstad vun der Tierkescher Republik Nordzypern ass Nord-Nikosia, den nërdlechen Deel vun Nikosia (Lefkoşa).
D'Bevëlkerung besteet op der enger Säit aus tierkeschen Zyprioten, déi zanter Joerhonnerten op der Insel liewen an an der Suite vum Zypern-Konflikt zu engem groussen Deel aus hiren Heemechtsuertschaften am Süden dohin hu misse plënneren, an op der anerer Säit aus Tierken, déi zanter 1974 vum tierkesche Festland, besonnesch aus Anatolien, dohi koumen.
Déi meescht zypriotesch Griichen, déi am Norde gewunnt hunn, sinn 1974 vun do verdriwwe ginn.
2014 gouf et eng Vollekszielung, no där et an der Tierkescher Republik Nordzypern 313.626 Awunner gouf. Fir 2023 gouf d'Populatioun op 476.214 Awunner geschat.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Staatspresident gëtt fir 5 Joer direkt vum Vollek gewielt. D'Parlament vun der Republik (Cumhuriyet Meclisi) huet 50 Sëtz a gëtt och fir 5 Joer gewielt.
Administrativ Andeelung
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt 5 Distrikter (İlçe):
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Tierkesch Republik Nordzypern – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Zypern Times

