Ukrain

Vu Wikipedia


Україна
Ukrajina

Ukrainesche Fändel

Ukraineschet Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Ukrainesch
Haaptstad: Kiew
Staatsform: Republik
 • President: Wolodymyr Selenskyj
 • Premierminister: Denys Schmyhal
Fläch: 603 700[1] km²
Bevëlkerung: 48 457 102[2]
 • Bevëlkerungsdicht: 80,3/km²
Onofhängegkeet: vun der Sowjetunioun
deklaréiert de 24. August 1991
Nationalfeierdag: 24. August
Nationalhymn: Schtsche ne wmerla Ukrajina
Lauschteren
Wärung: Hrywnja
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .ua
Internationalen
Telefonsprefix
:
+380

D'Ukrain (uk: Україна) ass eng Republik an Osteuropa, déi tëscht Moldawien, Rumänien, Ungarn, der Slowakei, Polen, Wäissrussland a Russland läit. Am Süde gëtt se vum Schwaarze Mier begrenzt. D'Ukrain ass wat seng Fläch ugeet, no Russland dat zweetgréisst Land vun Europa. D'Land ass zanter 1991, nom Kollaps vun der Sowjetunioun, en onofhängege Staat.

Toponymie a Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ukrain staamt vum Alostslaweschen ukraina, wat Grenzland bedeit.

Den Numm Ukrain ass fréistens am spéide 16. Joerhonnert opkomm, wéi den Iwan IV. vu Moskowien, genannt "de Schrecklechen", sech nom Ofzuch vun der mongolescher Gëllener Hord, den Titel "Tsar" (Cäsar) ginn huet a sech ongenéiert zum Nofollger vun de Groussfürste vu Kiew erkläert huet. Doduerch huet en eng fiktiv Filiatioun mat der Kiewer Rus hiergestallt an, driwwer eraus, och mat der méi prestigiéiser byzantinesch-orthodoxer Kultur. Dobäi huet den Iwan IV. awer och den Numm "Russland" iwwerholl, an dat grousst steppenaartegt Flaachland tëscht dem Fürstentum Moskowien an dem Schwaarze Mier, wou verstreet Communautéite vu Kosacke gelieft hunn, gouf dunn als "Grenzgebitt" vu Russland betruecht.

(...)

Politik[änneren | Quelltext änneren]

D'Ukrain ass zanter der Onofhängegkeetserklärung vum 24. August 1991 eng souverän, demokratesch Republik mat presidentiellem Regierungssystem.

Staatschef ass den op fënnef Joer direkt vum Vollek gewielte President. D'Mandat däerf just eng Kéier verlängert ginn. D'Konstitutioun, déi uganks grad wéi déi a Russland e relativ staarke President virgeschriwwen huet, gouf am Dezember 2004 am Kader vun den turbulente Presidentschaftswale geännert. D'exekutiv Vollmuecht vum President ass zu Gonschte vu Parlament a Premier limitéiert ginn. D'Ännerung ass zanter dem 1. Januar 2006 a Kraaft.

De Premierminister ass de Regierungschef a steet un der Spëtzt vum Ministerrot. D'Parlament heescht Werchowna Rada ("ieweschte Rot") an huet eng Kummer an där 450 Deputéierte setzen. D'Parlament gëtt direkt vum Vollek gewielt, all Kéier op véier Joer. D'Parlament wielt och d'Riichter vum ieweschte Geriichtshaff (Mandat op fënnef Joer).

Rezent Entwécklungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Evenementer ëm d'Presidentschaftswale vun 2004 huet der Welt eng Ukrain virun A gefouert, déi es op der enger Säit net méi Wëlles war Gefuddels a Manipulatioun bei demokratesche Walen z'akzeptéieren. Anerwäerts huet sech och e Land gewisen dat matzen an enger nationaler Identitéitskris stécht an – wat d'Zukunft vun der Republik ugeet – gesellschaftlech a politesch, no banne grad wéi no baussen, déif zerspléckt ass.

Zu der Oranger Revolutioun koum et no der Verëffentlechung vun de Resultater vum zweeten Tour (Ballottage) bei de Presidentschaftswale vum 21. November 2004. Nodeem de pro-russesche Kandidat Wiktor Janukowytsch (Partei vun de Regiounen) grad wéi schonn am éischten Tour als Gewënner proklaméiert gi war, sinn d'Leit zu Dausenden – haaptsächlech zu Kiew – op d'Strooss gaangen an hu protestéiert. D'Legitimitéit vun de Wale gouf net nëmmen net vun den Unhänger vum Géigekandidat Wiktor Juschtschenko (Eis Ukrain) unerkannt, mä och am Weste staark ugezweiwelt[3]. An där Zäit ass et am Oste vum Land, wou majoritär russesch geschwat gëtt an de Janukowytsch seng meescht Wieler huet, zu Géigendemonstratioune komm.

Den ieweschte Geriichtshaff vun der Ukrain huet dunn den 3. Dezember d'Resultat vum zweeten Tour annuléiert, esou datt de 26. Dezember op en Neits huet misse gewielt ginn. Déi Kéier konnt sech de Wiktor Juschtschenko mat 51,99 % vun de Stëmmen duerchsetzen. Am Januar 2005 ass de Juschtschenko als neie President vereedegt ginn an de 4. Februar 2005 ass déi nei, pro-westlech Regierung ënner der radikal-liberaler Premierministesch Julija Tymoschenko bestätegt ginn.

Méi roueg sollt et dofir awer net ginn. D'Regierung gouf schonn nëmmen e puer Méint drop (8. September 2005) nees vum President opgeléist. Premier vun der Iwwergankszäit war de Wirtschaftspolitiker Jurij Jechanurow.

D'Parlamentswale vum August 2006 hunn d'politesch Situatioun alt erëm op d'Kopp gehäit. De Janukowytsch, dee mat senger Partei vun de Regiounen kloer gewonnen hat, gouf, nodeem näischt aus enger zweeter "Oranger Koalitioun" (Eis Ukrain, Block Julija Tymoschenko, Sozialistesch Partei) ginn ass, neie Premierminister.

D'Rivalitéit tëscht de parteipoliteschen Extremer Juschtschenko a Janukowytsch op den zentrale Muechtpositioune President a Premier ass schonn no kuerzer Zäit eskaléiert an huet zu neie Staatskrise gefouert. Am Mäerz 2007 huet de President d'Parlament opgeléist an Neiwalen ugekënnegt. No villem Gedeessems ëm d'Neiwalen, am Kader vun deenen et och erëm zu grousse Manifestatiounen zu Kiew koum, si sech d'Parteien dunn um Enn dach nach eens ginn: dat neit Parlament gouf den 30. September 2007 gewielt, d'Julija Tymoschenko gouf Premierministesch.

Bei de Presidentschaftswale am Joer 2010 huet de Wiktor Janukowytsch de 7. Februar beim zweeten Tour mat enger Majoritéit vun 48,95 % géint d'Julija Tymoschenko mat 45,47 % gewonnen. Dem Janukowytsch seng Partei vun de Regiounen huet dunn d'Regierungskoalitioun gesprengt, andeems se onofhängeg Deputéiert op hir Säit gezunn huet. Den neie Premierminister war dunn zanter dem 11. Mäerz 2010 de Mykola Asarow. Bei de Parlamentswalen den 28. Oktober 2012 krut d'Partei vun de Regiounen 30,0 % vun de Stëmmen, blouf awer op d'Ënnerstëtzung vun der Kommunistescher Partei a vun onofhängegen Deputéierten ugewisen. Trotzdeem huet sech déi inoffiziell Allianz staark gewisen an dat vum Juschtschenko agefouert Gesetz vun der Muechtbegrenzung vum President gouf zeréckgeholl.

Den 11. Oktober 2011 huet d'Kiewer Stadgeriicht d'Tymoschenko zu siwe Joer Prisong verurteelt, mat der Begrënnung datt se 2009 mat Russland Kontrakter iwwer Äerdgasliwwerungen zum Nodeel vun der Ukrain ofgeschloss hätt.

Am November 2013 koum et zu "Euromaidan" genannte Masseprotester, wéi de Janukowytsch refuséiert hat dat jorelaang mat der Europäescher Unioun ausgehandelt Assoziéirungsofkommes z'ënnerschreiwen. Anescht wéi 2004 bei der friddlecher Oranger Revolutioun koum et hei zu iwwer 80 Doudesaffer. Am Februar 2014 gouf eng Eenegung erreecht, duerch déi d'Verfassung vu viru September 2010 nees a Kraaft getratt ass, d'Tymoschenko aus dem Prisong koum an de President Janukowytsch de facto ofgesat gouf. De 25. Mee 2014 koum et zu virgezunnee Presidentschaftswalen. D'Oppositioun vu bis ewell huet d'Land awer net direkt an de Grëff kritt, a verschiddene Landesdeeler hu Banditten d'Leit ongehënnert geplëmmt, op der Krim koum et zu Zesummestéiss tëscht Krimtataren an "ethnesche" Russe bis datt d'Krim sech de facto Russland ugeschloss huet, an an der Ostukrain kënnt et ëmmer nach zu Protester vu vexéierte Bierger.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Administratioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Ukrain ass a 24 Oblaster (ukr. область/Oblast, Provënzen, wiertlech: Gebidder) ënnerdeelt. D'Autonom Republik Krim an d'Stied Kiew a Sewastopol hu gesonnerte regionale Status.

Folkloristesche Chouer aus der Oblast Ternopil, Ukrain

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Böhme, Britta: Grenzland zwischen Mythos und Realität. Real- und Ideengeschichte des ukrainischen Territoriums. Lemberg 1999. ISBN 3-931703-33-9
  • Benoist-Méchin, Jacques: Ukraine - Le fantôme de l'Europe. 1991 (Éditions du Rocher, Monaco / Valmonde); 158 Säiten (2 Kaarten). ISBN 2-268-01287-5
  • Michel Foucher, Ukraine-Russie: La carte mentale du duel; Paräis (Gallimard; collection "Tracts", n° 39), 2022; 57 S., mat 5 grousse Kaarten.
  • Éric Fottorino (ënnert der Leedung vum), Ukraine, 1ère guerre mondialisée; Paräis (LE UN hors-série / Les 1ndispensables), [September] 2022; 96 Säiten. ISBN 978-2-84876-937-0
  • Serhii Plokhy, Les portes de l'Europe - Une histoire de l'Ukraine (aus dem Engleschen iwwersat); Paräis (Gallimard, collection "Bibliothèque des Histoires"), 2022. ISBN 978-2-07299-953-6. Däitsch Ausgab: Das Tor Europas - Die Geschichte der Ukraine; Hamburg (Hoffmann und Campe), 2022; 557 S. (mat 10 Kaarten); ISBN 978-3-455-01526-3
  • Jean-François Colosimo, La crucifixion de l'Ukraine. Mille ans de guerres de religions en Europe; Paräis (Albin Michel), 2022.
  • Wilson, Andrew: The Ukrainians. Unexpected Nation. 2002. ISBN 0-300-09309-8
  • Simon, Gerhard: Die neue Ukraine. 2002. ISBN 3-412-12401-X
  • Kappeler, Andreas: Kleine Geschichte der Ukraine. München (Beck) 1994. ISBN 3-406-37449-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ukrain – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Vereent Natiounen 2004
  2. Offiziell Vollekszielung vum 5.Dezember 2001 (via UNO)
  3. Resolutioun vum EU-Parlament den 28. Oktober 2004, nach dräi Deeg virun de Walen