Sewastopol

Vu Wikipedia
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Севастополь
Sewastopol
COA of Sevastopol.svg Карта-схема Севастополя 0.png
Land (ëmstridden)
Flag of Ukraine.svg Ukrain(de jure)Flag of Russia.svg Russland(de facto)
Verwaltungseenheet: Stad mat Sujetsstatus
Koordinaten: 44° 36’ 00’’ N
      33° 32’ 00’’ O
Fläch: 864 km²
Awunner: 385.900 (2014)
Héicht: 50 m

Sewastopol (rus. an ukr. Севастополь) ass déi gréisst Stad op der Hallefinsel Krim a läit un hirem südwestleche Rand, op den Ausleefer vun de Krimbierger an direkt um Schwaarze Mier.

Si bitt en Handels- a Fëschereihafen, an ass d'Basis vun der russescher Schwaarzmierflott.

Scho virun 300.000 Joer sollen éischt Mënschen an Hiele bei Chersones gelieft hunn. Am Joer 422 v. Chr. hu griichesch Koloniste Kalamita (haut Sewastopol) a Chersones besidelt. D'Stad selwer gouf 1783 op Uerder vun der russescher Zarin Katharina II. gegrënnt.

Zanter dem 21. Mäerz 2014 gehéiert d'Stad de facto net méi zur Ukrain, mä ass e Federatiounssujet vu Russland. Dat ass awer international ëmstridden.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sewastopol – Biller, Videoen oder Audiodateien
Schëffer vun der Schwaarzmierflott
Promenad a Skyline vu Sewastopol
Konstantin Batterie
Panorama-Musée
Aadlersail am Hafen
Ruine vu Chersones