Wolodymyr Selenskyj

Vu Wikipedia
Wolodymyr Selenskyj
Pseudonym Зелёный
Gebuer 25. Januar 1978
Nationalitéit Ukrain
Aktivitéit Politiker

De Wolodymyr Oleksandrowytsch Selenskyj, gebuer de 25. Januar 1978 zu Krywyj Rih, dunn an der Ukrainescher SSR, ass en ukrainesche Politiker (Sluha narodu), fréiere Schauspiller an zanter dem 20. Mee 2019 President vun der Ukrain.

De Selenskyi huet Droit studéiert an dono als russesch-sproochege Schauspiller, Synchronspriecher, Dréibuchauteur, Televisiounspresentateur a Filmproduzent geschafft a war 2003 Grënner vum Filmstudio Студія Квартал-95 (Studio Kvartal 95).

Hie war besonnesch beléift an der Televisiounsserie Sluga naroda ("Dinger vum Vollek"), an där en d'Haaptroll vun engem 'einfache' Schoulmeeschter, dee Staatspresident gëtt, gespillt huet. Dës Popularitéit huet mat derzou bäigedroen, dass e bei der Presidentschaftswal 2019 géint den amtéierende President Petro Poroschenko ugetrueden ass an am éischten Tour, den 31. Mäerz 2019, an am zweeten Tour, den 21. Abrëll, mat ronn 73 % vun de Stëmme gewonne huet.

Hien ass zanter 2003 mat der Olena Selenska geb. Kijaschko, bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Hie soll dem ukraineschen Oligarch Ihor Kolomojskyj nostoen, fir deem seng Televisiounschaîne 1+1 hie schafft.

Den 2. Juni 2022 huet de Selenskyj sech an enger ëffentlecher Seance iwwer Visiokonferenz an der Chamber un d'Lëtzebuergesch Deputéiert geriicht.[1]

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Als Schauspiller[2]
  • 2005: Tri mushketyora (Tëleesfilm)
  • 2009: Lyubov v bolshom gorode
  • 2010: Lyubov v bolshom gorode 2
  • 2011: Sluzhebnyy roman. Nashe vremya
  • 2012: Rzhevskiy protiv Napoleona
  • 2012: 8 erste Dates
  • 2012: Skazochnaya Rus (Tëleesserie)
  • 2014: Lyubov v bolshom gorod 3
  • 2014: Lyubov v bolshom gorode 3 (Tëleesserie)
  • 2015: 8 novykh svidaniy
  • 2015: Sluga naroda, Tëleesserie)
  • 2016: 8 luchshikh svidaniy
  • 2016: Sluga naroda 2, Tëleesserie
  • 2018: Me You He She (post-production)
Als Produzent[3]
  • 2009: Svaty 2 (Tëleesserie)
  • 2009: Svaty 3 (Tëleesserie)
  • 2010: Svaty 4 (Tëleesserie)
  • 2009-2010: Svaty (Tëleesserie, 3 Episoden)
  • 2011: Novogodnie svaty (Tëleesfilm)
  • 2011: Sluzhebnyy roman. Nashe vremya
  • 2011: Svaty 5 (Fernseeserie)
  • 2012: Rzhevskiy protiv Napoleona
  • 2012: Papashi (Fernseeserie)
  • 2012: 8 erste Dates
  • 2012: Chempiony iz podvorotni (Tëlees-Mini-Serie)
  • 2012: Ya budu ryadom
  • 2013: 1+1 doma (Fernseeen)
  • 2013: Svaty 6 (Fernseeserie)
  • 2014: Lyubov v bolshom gorode 3 (Tëleesserie, 8 Episoden)
  • 2016: Sluga naroda 2 (Fernseeserie)
Als Dréibuchauteur[4]
  • 2005: Tri mushketyora (Tëleesfilm)
  • 2006: Kushat podano!
  • 2008: Svaty (Tëleesserie)
  • 2009: Lyubov v bolshom gorode (Ideesauteur)
  • 2011: Sluzhebnyy roman. Nashe vremya
  • 2011: Legenda. Lyudmila Gurchenko (Tëleesfilm)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wolodymyr Selenskyj – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Volodymyr Zelensky s'est adressé à la Chambre. Gekuckt de(n) 4. Juni 2022.
  2. Vladimir Zelenskiy Producer imdb.com.
  3. Vladimir Zelenskiy Producer imdb.com.
  4. Vladimir Zelenskiy Writer imdb.com.