Petro Poroschenko

Vu Wikipedia
Petro Poroschenko
Gebuer 26. September 1965
Nationalitéit Ukrain
Aktivitéit Geschäftspersoun, Politiker, Diplomat, Ekonomist, Entreprener

De Petro Olexijowytsch Poroschenko (ukrainesch: Петро Олексійович Порошенко), gebuer de 26. September 1965 zu Bolhrad, ass en ukraineschen Entreprener (Spëtznumm "Schocklaskinnek"). Hie war vum 7. Juni 2014 bis Mee 2019 President vun der Ukrain[1].

Hien huet mat de Gewënner aus senger Entreprisegrupp Ukrprominvest (ë. a. Schockela, Autoen, Schëffbau, Rëschtung an Televisiounssenderen) e Verméige verdéngt, dat 2013 vum Forbes Magazine op 1,6 Milliarden US-Dollar geschat gouf, woumatter en de siwenträichsten Oligarch aus der Ukrain wier.

Hien hat och scho verschidde Regierungsfunktiounen. Vu Februar bis September 2005 war hie President vum "Nationale Sécherheets- a Verdeedegungsrot vun der Ukrain", vum Februar 2007 bis Mäerz 2012 Direkter vun der ukrainescher Nationalbank a vum Conseil de surveillance vun der Noutebank, ënner dem Staatspresident Wiktor Juschtschenko war en Ausseminister an ënner dem President Wiktor Janukowytsch Minister fir Ekonomie.

De 25. Mee 2014 huet hien d'Presidentewal am éischten Tour gewonnen a gouf zwou Wochen drop vereedegt. Am Mäerz/Abrëll 2019 hat hie beim Versuch, erëmgewielt ze ginn, keng Chance géint de Wolodymyr Selenskyj‎‎, dee mat ronn 73% vun de Stëmmen am zweeten Tour gewielt gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Petro Poroshenko – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Petro Poroschenko als neuer Präsident vereidigt" Zeit.de, 7. Juni 2014.