Op den Inhalt sprangen

Ukrainesch

Vu Wikipedia
Ukrainesch
Gëtt geschwat an: Ukrain, Wäissrussland, Russland, Moldawien, Polen, Slowakei, Rumänien, Kasachstan, a vun Emigranten an den USA, Kanada, Brasilien an anere westeuropäesche Länner
Regioun Osteuropa
Gëtt geschwat vun: 37 Millioune
Mammesproochler, a
15 Milliounen
Zweetsproochler
Klassement 26
Klassifikatioun no Sproochfamill:

Indoeuropäesch

Offizielle Status
Reglementéiert vun: Ukrainesch Akademie vun de Wëssenschaften
(Академія наук України)
Sproochcoden
ISO 639-2 ukr
ISO 639-3 ukr

Ukrainesch (uk: українська мова) ass eng vun de meeschtgeschwate slawesche Sproochen. Schrëftlech Beispiller vum Ukrainesch sinn zanter dem 10. Joerhonnert beluecht.

Ukrainesch ass offiziell Landessprooch an der Ukrain an am net-unerkannten, mä de facto onofhängege Staat vun Transnistrien, souwéi eng regional unerkannt Sprooch a Rumänien, Serbien, der Slowakei, Polen, Kroatien a Bosnien an Herzegowina.

D'Schrëft baséiert sech op dat kyrillescht Alphabet. D'Transkriptioun an dat laténgescht Alphabet kann op sëllegen Aart a Weise geschéien - zu Lëtzebuerg gëtt sech meeschtens un d'Transkriptiounsreegele vum Duden gehalen.

Ukrainesch

Ukrainescht Alphabet

[änneren | Quelltext änneren]
 Ukrainesch Alphabet
АаБбВвГ㥴ДдЕе
ЄєЖжЗзИиІіЇїЙй
КкЛлМмНнОоПпРр
СсТтУуФфХхЦцЧч
ШшЩщЬьЮюЯя

Ukrainesch gëtt mam ukraineschen Alphabet geschriwwen (ukr.: українська абетка oder український алфавіт), wat dem kyrilleschen Alphabet (ukr.: кирилична абетка oder кирилиця) entstaamt.

Wikipedia op Ukrainesch
 Commons: Ukrainesch – Biller, Videoen oder Audiodateien