Prekmuresch
| Prekmuresch Prekmürščina, Prekmörščina, Prekmürski jezik, Prekmörski Jezik | |
|---|---|
| Gëtt geschwat an: | Slowenien, Ungarn (Emigranten an den USA, Däitschland, Éisträich) |
| Regioun: | Europa |
| Gëtt geschwat vun: | 80.000 - 90.000 |
| Klassement: | |
| Klassifikatioun no Famill: | Indo-Europäesch |
| Offizielle Status | |
| Offiziell Sprooch vun: | |
| Reglementéiert vun: | |
| Sproochcoden | |
| ISO 639-1 | |
| ISO 639-2 | |
| ISO 639-3 | |
Prekmuresch oder Übermuresch, Pannonesch-Sloweenesch (sl: prekmurščina, prekmurski jezik, prek.: prekmürščina, prekmörščina, prekmörski jezik, prekmürski jezik, oder panonska slovenščina) zielt zu de südslawesche Sproochen, et ass eng separat sloweenesch Mondaart mat 80-90 dausend Riedner a Slowenien, am Übermurland (Prekmurje) an an Ungarn (bei Szentgotthárd).
Dës slawesch Sprooch huet d'Graphemer ü an ö, charakteristesch sinn och déi heefeg Diphthonger ou, au, ej, aj.
Prekmurescht Alphabet
|
D'Téin, D'Intonatioun an d'Palataliséierung ass och anescht wéi am Sloweeneschen.
Deen eelste bekannten Text, deen op Prekmuresch geschriwwe gouf, ass aus dem 16. Joerhonnert. Et ass d'Al Gesank-Buch aus Martjanci (Stára martijanska pesmarica, Stara martjanska pesmarica). De Ferenc Temlin huet dat éischt gedréckte Buch an där Sprooch publizéiert: Mali katechismus ("Klenge Katchëssem") vum Martin Luther. Den István Küzmics an de Miklós Küzmics hunn d'Bibel iwwersat (Nouvi Zákon/Neit Testament, Szvéti evangyeliomi/Helleg Evangelien).
Fir ze vergläichen: Eise Papp (Prekmuresch, Sloweenesch a Lëtzebuergesch)
[änneren | Quelltext änneren]| Sloweenesch | Prekmuresch | Lëtzebuergesch |
|---|---|---|
| Oče naš, ki si v nebesih, posvečeno bodi tvoje ime, |
Oča naš, ki si vu nebésaj! Svéti se Ime tvoje. |
Eise Papp am Himmel, gehellegt sief däin Numm. |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Prekmuresch – Biller, Videoen oder Audiodateien |