Wäissrussesch

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wäissrussesch
беларуская мова
Gëtt geschwat an: Wäissrussland, Polen, Ukrain, Russland, Litauen, Tschechesch Republik an an anere Länner
Regioun: Osteuropa
Gëtt geschwat vun: 7,9 Mio.
Klassement:
Klassifikatioun no Famill: Indo-Europäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Wäissrussland
Reglementéiert vun: National Akademie vun de Wëssenschafte vu Wäissrussland
Sproochcoden
ISO 639-1 be
ISO 639-2 bel
ISO 639-3 bel
D'Sproochkaart vun der Sprooch

Wäissrussesch oder och Belarussesch (беларуская мова) ass eng ostslawesch Sprooch, déi enk Famill ass mam Russeschen, Ukraineschen a Russineschen. Zesumme si Wäissrussesch a Russesch déi zwou offiziell Sprooche vu Wäissrussland. D'Sprooch gëtt och vun enger wäissrussescher Minoritéit a Pole geschwat. Et ass d'Mammesprooch vun zirka 7,9 Millioune Leit.

Wäissrussescht Alphabet[änneren | Quelltext änneren]

D'Wäissrussesch gëtt mat enger modifizéierter Versioun vum Kyrilleschen Alphabet geschriwwen:

A, Б, В, Г, Ґ, Д, Е, Ё, Ж, З, І, Й, К, Л, М, Н, О, П, Р, С, Т, У, Ў, Ф, Х, Ч, Ш, Ы, Ь, Э, Ю, Я

Grammaire[änneren | Quelltext änneren]

D'Grammaire vun der wäissrussescher Sprooch huet vill Gemeinsamkeete mat der russescher Grammaire, mä gëtt och zu engem gudden Deel vum Polnesche beaflosst. Wéi an de meeschte slawesche Sproochen, ginn am Wäissrusseschen d'Wierder deklinéiert an d'Verben hunn Aspekter amplaz vun Zäiten.

Beispilltext[änneren | Quelltext änneren]

Eise Papp op Wäissrussesch:

Ойча наш, які ёсць на небе!
Свяціся Імя Тваё.
Прыйдзі Валадарства Тваё.
Будзь воля Твая
Як на Небе, так і на зямлі.
Хлеб наш штодзённы
дай нам сёння.
І адпусці нам грахі нашы,
як і мы адпускаем
вінаватым нашым.
І ня ўводзь нас у спакусу,
але збаў нас ад злога.
Амэн.