Russesch Grammaire

Vu Wikipedia

D'Grammaire vun der russescher Sprooch charakteriséiert sech besonnesch duerch den Deklinatiounssystem, deen aus sechs Fäll besteet, an dem Zwéin-Aspekte-System vun de Verben. D'Wierder gi staark flektéiert, wéi am Latäin an am Griicheschen, an hir Betounung spillt eng wichteg Roll.

Orthographesch a phoneetesch Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

  • No de Buschtawen г, к a х an no den Zischlaute ж, ч,ш a щ gëtt den ы duerch een и ersat.
  • No de Buschtawen г, к a х an no den Zischlaute ж, ч, ш a щ ginn de ю a я duerch у an а ersat.
  • Nom Buschtaf ц steet den о nëmmen, wann e betount. Wann en onbetount ass, gëtt en an en е ëmgewandelt.
  • No den Zischlaute ж, ч,ш a щ steet den о nëmmen, wann e betount ass. Wann en onbetount ass, gëtt en an en е ëmgewandelt.

Deklinatioun vun de Substantiven[änneren | Quelltext änneren]

Am Russesche gëtt et, wéi am Lëtzebuergeschen, männlech, weiblech a sächlech Substantiven. Si ginn a sechs Fäll deklinéiert, an der Eenzuel an an der Méizuel. Doriwwer eraus ënnerscheet een am Russeschen nach tëscht liewegen an net liewege Substantiven. Déi lieweg Wierder bezeechnen eng Persoun, Mënschen, Déieren, Engelen, Gott etc. Déi net lieweg Substantiven designéieren Objeten an abstrakt Substantiven. Dës Andeelung huet e klengen Afloss op Deklinatioun.

Am Russesche gëtt et och vill friem Aflëss aus anere Sproochen. Dës Substantive ginn heiansdo net deklinéiert a sinn invariabel, souwuel an der Eenzuel wéi och an der Méizuel.

Déi sechs Fäll[änneren | Quelltext änneren]

Déi véier éischt Fäll hu méi oder wéineger déi selwecht Funktioune wéi am Däitschen an an eiser Sprooch. Mä et gëtt e puer Nuancen. Déi zwéi lescht Fäll, déi et weeder am Däitschen nach am Lëtzebuergesche gëtt, erfëllen nach aner spezifesch Funktiounen.

  • Nominativ: Am russesche Saz steet de Sujet am Nominativ.
  • Akkusativ: Virun engem transitive Verb gëtt d'Wuert an den Akkusativ gesat; et fungéiert als en direkten Objet (complément d'objet direct). Den Akkusativ steet och no verschiddene Prepositiounen, déi eng Beweegung an eng bestëmmt Richtung beschreiwen.
  • Dativ: Den indirekten Objet (complément d'objet indirect) gëtt an den Dativ gesat; dëse Fall bezeechent e Wuert, deem eppes ginn oder attribuéiert gëtt. Heiansdo gëtt den Dativ och hanner verschidde Verben a Prepositioune gesat.
  • Geenitiv: Am Russesche gëtt de Geenitiv d'Hierkonft vun eppes un (complément de nom) an e gëtt dacks bei der Negation benotzt. Bei Wierder, déi e Liewewiese bezeechnen, ersetzt hien de Akkusativ. Virun allem no Prepositiounen, déi eng Beweegung aus oder vun enger bestëmmter Richtung bezeechnen, gëtt de Geenitiv gesat.
  • Instrumentalfall: Dëse Fall kann ee mam Ablativ am Latäin vergläichen. Hien designéiert d'Aart a Weis oder mat wat eppes gemaach gëtt. Am Passivsaz steet den Agent (complément d'agent) am Instrumentalfall. Ausserdeem steet den Instrumentalfall no attributive Verbe wéi sinn, schéngen, bleiwen asw. an no e puer Prepositiounen.
  • Prepositiv: Hie gëtt nëmme mat Prepositioune benotzt, déi eng Plaz oder e bestëmmten Zäitpunkt markéieren. E gëtt och nach Lokativ genannt.

Virbemierkung zu de männleche Substantiven[änneren | Quelltext änneren]

All Substantiv, wat mat engem Konsonant ophält, ass männlech. Eng ganz Rëtsch Substantiven, déi mat ophalen, sinn och männlech. Et gëtt awer och männlech Substantiven, déi déi weiblech Endungen oder hunn. Si ginn einfach wéi weiblech Substantiven deklinéiert.

An der Eenzuel an an der Méizuel hunn déi lieweg männlech Wierder am Akkusativ déi selwecht Endung wéi am Geenitiv. Fir déi männlech Wierder mat de weiblechen Endunge gëllt déi Reegel net.

D'Betounung vum Nominativ bleift an deenen anere Fäll meeschtens gläich. Awer bei ville männleche Wierder mat enger Silb, oder mat der Betounung op der leschter Silb, wiesselt d'Betounung op d'Endung, wéi hei bei de Beispiller вол, пиро́г, a слова́рь. Da gëtt et nach Wierder, bei deenen nëmmen an der Méizuel d'Endunge betount sinn (z. B. сад a бой), mä do muss een och nach e Spezialfall ënnerscheeden: Heiansdo gëtt d'Endung nëmme vum Geenitiv Méizuel bis zum Prepositiv Méizuel betount (z. B. волк). Wéini d'Endunge betount ginn oder net, muss een heiansdo einfach auswenneg léieren, mä an de grousse Wierderbicher sinn sou Onreegelméissegkeeten normalerweis uginn.

Männlech Substantiven op Konsonanten[änneren | Quelltext änneren]

фильм (Film); вол (Ochs); пиро́г (Kuch)

Fall Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel
Nom фи́льм фи́льмы вол волы́ пиро́г пироги́
Akk фи́льм фи́льмы вола́ волы́ пиро́г пироги́
Gen фи́льма фи́льмов вола́ воло́в пирога́ пирого́в
Dat фи́льму фи́льмам волу́ вола́м пирогу́ пирога́м
Ins фи́льмом фи́льмами воло́м вола́ми пирого́м пирога́ми
Pre о фи́льме о фи́льмах о воле́ о вола́х о пироге́ о пирога́х

сад* (Gaart); волк (Wollef)

Fall Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel
Nom сад сады́ волк во́лки
Akk сад сады́ во́лка волко́в
Gen са́да садо́в во́лка волко́в
Dat са́ду сада́м во́лку волка́м
Ins са́дом сада́ми во́лком волка́ми
Pre о са́де о сада́х о во́лке о волка́х
  • *Am Prepositiv virun de Prepositioune в an на steet саду́.

Männlech Substantiven op -ь[änneren | Quelltext änneren]

фестива́ль (Festival); слова́рь (Dictionnaire)

Fall Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel
Nom фестива́ль фестива́ли слова́рь словари́
Akk фестива́ль фестива́ли слова́рь словари́
Gen фестива́ля фестива́лей словаря́ словаре́й
Dat фестива́лю фестива́лям словарю́ словаря́м
Ins фестива́лем фестива́лями словарём словаря́ми
Pre о фестива́ле о фестива́лях о словаре́ о словаря́х

Männlech Substantiven op -й[änneren | Quelltext änneren]

геро́й (Held); бой* (Schluecht, Kampf); руче́й** (Baach)

Fall Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel
Nom геро́й геро́и бой бои́ руче́й ручьи́
Akk геро́я геро́и бой бои́ руче́й ручьи́
Gen геро́я геро́ев бо́я боёв ручья́ ручьёв
Dat геро́ю геро́ям бо́ю боя́м ручью́ ручья́м
Ins геро́ем геро́ями бо́ем боя́ми ручьём ручья́ми
Pre о геро́е о геро́ях о бо́е о боя́х о ручье́ о ручья́х
  • * Virun de Prepositioune в an на steet бою́, eng aner Form vum Prepositiv, déi nëmme bei e puer Wierder virkënnt.
  • ** Substantive vum Typ руче́й sinn onreegelméisseg a seelen: мураве́й (Seechomes), солове́й (Nuechtegail), воробе́й (Spatz) ginn och no dësem Modell deklinéiert.

Virbemierkung zu de weibleche Substantiven[änneren | Quelltext änneren]

Substantiven déi op a ende si weiblech, heiansdo, wa si eng männlech Persoun bezeechne si se männlech. Et gëtt och vill Substantiven op , déi weiblech sinn. Besonnesch déi, déi vun Adjektiver ofgeleet ginn an eng Qualitéit designéieren.

An der Eenzuel gëtt et tëscht liewege an net liewege Substantive keen Ënnerscheed. Mä an der Méizuel fält bei deene liewege weibleche Substantiven den Akkusativ mam Geenitiv zesummen.

Am Russessche gëtt et immens vill weiblech Substantiven, déi mat -ка ophalen. Am Geenitiv Méizuel fält den -a normal ewech, mä et kënnt nach en o tëscht de Stamm an de . Am Fall, wou de Stamm mat engem Zischlaut ophält, kënnt en е amplaz vum o dohistoen, wann deen net betount ass.

Normalerweis bleift d'Betoung déi selwecht, wéi am Nominativ, mä et gëtt och hei e puer Onreegelméissegkeeten. Virun allem déi weiblech Wierder op a , déi op der Endsilb betount ginn, äneren dacks hir Betounung. Am Akkusativ Singulier an am Pluriel fält bei deene Wierder d'Betounung op déi éischt Silb. Mä bei e puer Wierder ass den Akkusativ Singulier, den Dativ, den Instrumentalfall an de Prepositiv Pluriel erëm net dovu betraff. De Genetiv Pluriel awer bleift meeschtens endbetount. Wéi a wéini d'Betoung bei endbetounte weibleche Wierder ännert, muss een einfach auswenneg léieren oder am Wierderbuch nokucken. Bei de weibleche Wierder op wiesselt d'Betoung och. Mä dat kënnt meeschtens nëmme bei den zweesilbege Wierder vir an et betrëfft normalerweis just de Geenitiv, den Dativ an de Prepositiv Pluriel, wou d'Betoung eng Silb no weider réckelt.

Weiblech Wierder op -а[änneren | Quelltext änneren]

актри́са (Schauspillerin); кни́га (Buch); студе́нтка (Studentin)

Fall Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel
Nom актри́са актри́сы кни́га кни́ги студе́нтка студе́нтки
Akk актри́су актри́с кни́гу кни́ги студе́нтку студе́нток
Gen актри́сы актри́с кни́ги кни́г студе́нтки студе́нток
Dat актри́се актри́сам кни́ге кни́гам студе́нтке студе́нткам
Ins актри́сой актри́сами кни́гой кни́гами студе́нткой студе́нтками
Pre о актри́се о актри́сах о кни́ге о кни́гах о студе́нтке о студе́нтках

де́вочка (Meedchen); душа́ (Séil) ; кры́ша (Daach)

Fall Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel
Nom де́вочка де́вочкы душа́ ду́ши кры́ша кры́ши
Akk де́вочку де́вочек* ду́шу ду́ши кры́шу кры́ши
Gen де́вочкы де́вочек* души́ душ кры́ши кры́ш
Dat де́вочке де́вочкам душе́ ду́шам кры́ше кры́шам
Ins де́вочкой де́вочками душо́й ду́шами кры́шей* кры́шами
Pre о де́вочке о де́вочках о душе́ о ду́шах о кры́ше о кры́шах
  • *Hei ginn déi orthographesch Reegelen am Paragraph do uewe gebraucht. Den onbetounten о gëtt no Zischlauten an en е ëmgewandelt.

Weiblech Wierder op -я[änneren | Quelltext änneren]

бу́ря (Stuerm); федера́ция (Federatioun); семья́ (Famill)

Fall Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel
Nom бу́ря бу́ри федера́ция федера́ции семья́ се́мьи
Akk бу́рю бу́ри федера́цию федера́ции семью́ се́мьи
Gen бу́ри бу́рь федера́ции федера́ций семьи́ семе́й
Dat бу́ре бу́рям федера́ции федера́циям семье́ се́мьям
Ins бу́рей бу́рями федера́цией федера́циями семьёй* се́мьями
Pre о бу́ре о бу́рях о федера́ции о федера́циях о семье́ о се́мьях
  • *Wann de betount ass, kënnt am Instrumentalfall -ёй dohistoen, soss ëmmer -ей.

Weiblech Wierder op -ь[änneren | Quelltext änneren]

крова́ть (Bett)

Fall Eenzuel Méizuel
Nom крова́ть крова́ти
Akk крова́ть крова́ти
Gen крова́ти крова́тей
Dat крова́ти крова́тям
Ins крова́тью крова́тями
Pre о крова́ти о крова́тях

Virbemierkung zu de sächleche Substantiven[änneren | Quelltext änneren]

All déi Substantiven, déi mat engem oder ophalen, si sächlech Substantiven. Awer och friem Substantiven aus anere Sprooche sinn heiansdo sächlech, wa se op , , oder enden. Dës Substantive kënnen net deklinéiert ginn.

D'Betounung vun de sächleche Substantive mat zwou Silbe wiesselt meeschtens an der Méizuel. Déi Substantiven, déi an der Eenzuel op der éischter Silb betount sinn, ginn an der Méizuel op der leschter Silb betount a vice versa. Dat kënnt bei de sächleche Substantive mat méi wéi zwou Silbe vir meeschtens net vir.

Sächlech Substantiven op -о[änneren | Quelltext änneren]

пра́во (Recht); прави́тельство (Regierung); я́блоко (Apel)

Fall Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel
Nom пра́во права́ прави́тельство прави́тельства я́блоко я́блоки
Akk пра́во права́ прави́тельство прави́тельства я́блоко я́блоки
Gen пра́ва прав прави́тельства прави́тельств я́блока я́блок
Dat пра́ву права́м прави́тельству прави́тельствам я́блоку я́блокам
Ins пра́вом права́ми прави́тельством прави́тельствами я́блоком я́блоками
Pre о пра́ве о права́х о прави́тельстве о прави́тельствах о я́блоке о я́блоках

Sächlech Substantiven op -е an -ё[änneren | Quelltext änneren]

по́ле (Feld); зада́ние (Aufgab); ружьё (Flënt); кладби́ще (Kiefeg), воскресенье (Sonndeg)

Fall Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel Eenzuel Méizuel
Nom по́ле поля́ зада́ние зада́ния ружьё ру́жья
Akk по́ле поля́ зада́ние зада́ния ружьё ру́жья
Gen по́ля поле́й зада́ния зада́ний ружья́ ру́жей
Dat по́лю поля́м зада́нию зада́ниям ружью́ ру́жьям
Ins по́лем поля́ми зада́нием зада́ниями ружьём ру́жьями
Pre о по́ле о поля́х о зада́нии о зада́ниях о ружье́ о ру́жьях
Fall Enzuel Méizuel Eenzuel Méizuel
Nom воскресе́нье воскресе́нья кладби́ще кладби́ща
Akk воскресе́нье воскресе́нья кладби́ще кладби́ща
Gen воскресе́нья воскресе́ний кладби́ща кладби́щ
Dat воскресе́нью воскресе́ньям кладби́ще кладби́щами
Ins воскресе́ньем воскресе́ньями кладби́щем кладби́ща
Pre о воскресе́нье о воскресе́ньях о кладби́ще о кладби́щах
  • De е vu кладби́ще ass eigentlech en о, den duerch déi phoneetesch Reegelen an en е ëmgewandelt gouf. Dowéinst gëtt кладби́ще net sou deklinéiert wéi по́ле.

Pronomen[änneren | Quelltext änneren]

Adjektiver[änneren | Quelltext änneren]

D'Adjektiver am Russeschen hunn am grousse Ganzen dee selwechten Deklinatiounsschema wéi d'Substantiven. Et gëtt sechs Fäll, dräi Geschlechter an eng Eenzuel an eng Méizuel. Et gëtt eng ganz Rëtsch verschidden Zorte vun Adjektiver, mä d'Deklinatioun ass net sou verschidde wéi déi vun de Substantiven.

Donieft gëtt et am Russesche vun all Adjektiv eng Laangform an eng Kuerzform. D'Laangforme ginn an der Eenzuel an an der Méizuel an alle Fäll a Geschlechter deklinéiert. Vun de Kuerzformen existéiert nëmmen den Nominativ.

D'Betounung vun de Laangformen ännert net, wa se deklinéiert ginn. Et gëtt souguer eng Reegel: Wann en Adjektiv am Nominativ Eenzuel mat der männlecher Endung -ой ophält, gi seng Endungen iwwwerall betount. Dogéint ass d'Betounung vun de Kuerzforme variabel. Si kann an de verschiddene Geschlechter änneren.

Adjektiver op -ый[änneren | Quelltext änneren]

Fall Männlech Weiblech Sächlech Méizuel
Nom -ый -ая -ое -ые
Akk -ой, -ого -ую -ое, -ого -ые, -ых
Dat -ому -ой -ому -ым
Gen -ого -ой -ого -ых
Ins -ым -ой -ым -ыми
Pre -ом -ой -ом -ых

Adjektiver op -ой[änneren | Quelltext änneren]

Fall Männlech Weiblech Sächlech Méizuel
Nom -ой -ая -ое -ые, -ие*
Akk -ой, -ого -ую -ое, -ого -ые, -ие*, -ых, -их*
Dat -ому -ой -ому -ым, -им*
Gen -ого -ой -ого -ых, -их*
Ins -ым, -им* -ой -ым, -им* -ыми, -ими*
Pre -ом -ой -ом -ых, -их*

Adjektiver op -ий[änneren | Quelltext änneren]

Fall Männlech Weiblech Sächlech Méizuel
Nom -ий -яя,-ая* -ее,-ое* -ие
Akk -ий, -его, -ого* -юю, -ую* -ее, -его, -ое,* -ого* -ие, -их
Dat -ему, -ому* -ей, -ой* -ему, -ому* -им
Gen -его, -ого* -ей, -ой* -его, -ого* -их
Ins -им -ей, -ой* -им -ими
Pre -ем, -ом* -ей, -ой* -ем, -ом* -их
  • *No г, к an х an den Zischlaute verwandelt sech den ы an en и, an den an en . Wann no den Zischlauten d'Endung net betount ass, gëtt den erëm zeréck an en verwandelt (cf. orthographesch Reegelen).
  • Bei liewege Wierder fält de Geenitiv mam Akkusativ zesummen.

Kuerzform vun den Adjektiver[änneren | Quelltext änneren]

D'Kuerzforme sinn am Russeschen dacks onreegelméisseg an et brauch ee vill Übung, fir se richteg ze forméieren an ze betounen. Am einfache Vollek gi se zimmlech heefeg benotzt. Doduerch kréien d'Adjektiver och eng méi familiär Bedeitung. D'Laangformen dogéint hunn eng neutral Bedeitung.

An dëser Tabell sinn d'Endunge vun de Kuerzformen opgelëscht.

Adjektiver op Männlech Weiblech Sächlech Méizuel
-ый /
-гий, -кий, -хий / и
-жий, -чий, -ший, -щий / , * и
-ий и
  • * Hei ginn déi orthographesch Reegelen am Paragraph do uewe gebraucht. Wann d'Endung betount ass, kënnt amplaz vun dohistoen.

Opgepasst: Adjektiver op -ный kréien an der männlecher Kuerzform en -е- oder -о- (seelen) tëscht de Stamm an den gesat, wa virun der Endung -ный e Konsonant steet.

Beispiller:

Laangform Männlech Kuerzform
тру́дный (schwéier) тру́ден
сло́жный (komplizéiert) сло́жен
смешно́й (witzeg) смешо́н

Adverben[änneren | Quelltext änneren]

Am Russesche sinn d'Adverbe ganz einfach ze forméieren. Et hëlt een einfach déi sächlech Kuerzform vun den Adjektiver. Just d'Adjektiver op -ский, déi eng Nationalitéit bezeechen, kréien по- virdru gesat an als Endung.

Beispiller:

Adjektiv Adverb
тру́дный (schwéier) тру́дно
ру́сский (russesch) по-ру́сски

Verben[änneren | Quelltext änneren]

D'russesch Verbe ginn an zwou Haaptgruppen opgedeelt. Donieft gëtt et nach e puer onreegelméisseg Verben, déi een net klasséiere kann. Am Russesche gëtt et zwéin Aspekter: den ofgeschlossenen an den net ofgeschlossenen Aspekt. D'Verben trieden dowéinst meeschtens a Koppelen op, dat heescht, et gëtt zwou Infinitivformen. Mat dem ofgeschlossenen Aspekt forméiert een de Futur an de Perfekt, mat dem net ofgeschlossenen Aspekt de Present an den Imperfekt. Et gëtt awer och Verben, déi, aus logesche Grënn, keen ofgeschlossenen Aspekt hunn, wéi z. B.: рабо́тать (schaffen) oder сиде́ть (sëtzen).

Beispiller vun e puer Verbkoppelen:

net ofgeschlossenen Aspekt ofgeschlossenen Aspekt Iwwersetzung
пока́зывать показа́ть weisen
покупа́ть купи́ть kafen
де́лать сде́лать maachen

Aspekter an Zäiten[änneren | Quelltext änneren]

Net ofgeschlossenen Aspekt:
Dësen Aspekt bezeechent eng Gewunnecht (habituativ), eng Widderhuelung (iterativ) oder eng Aktioun, déi grad am Gaang ass (durativ). Mat de Verbe vum net ofgeschlossenen Aspekt forméiert een de Present an den Imperfekt.

Ofgeschlossenen Aspekt:
Den ofgeschlossenen Aspekt bezeechent eng Aktioun, déi fäerdeg ass (perfektiv), nëmmen eemol geschitt (punktuell) an e Resultat opweist (resultativ). Dowéinst gëtt mat dësem Aspekt de Perfekt an en zweete Futur forméiert. Dëse Futur hei bezeechent eng Aktioun, déi ugefaange gëtt (ingressiv) an eng fest Decisioun ass.

Futur mam Verb быть

De Futur vum Verb быть gëtt och als Hilfsverb geholl, fir e Futur ze bilden, deen eng Gewunnecht oder eng Widderhuelung an der Zukunft bezeechnt. E funktionéiert geneesou wéi de Futur am Däitschen mam Hëllefsverb werden, mä et däerf een nëmme Verbe vum net ofgeschlossenen Aspekt benotzen.

Beispiller:

Net ofgeschlossenen Aspekt Ofgeschlossenen Aspekt Futur mam Verb быть
я де́лаю (Präsens)
ech sinn am Gaang ze maachen
я сде́лаю (Futur)
ech wäert oder wëll (ganz sécher!) maachen
я бу́ду де́лать
ech wäert (an d'Zukunft am Gaang sinn ze) maachen
я де́лал (Imperfekt)
ech war am Gaang ze maachen (ech sinn net fäerdeg ginn)
я сде́лал (Perfekt)
ech hu gemaach (ech si fäerdeg ginn)

Verb быть[änneren | Quelltext änneren]

D'Verb быть (sinn) gëtt am Russeschen nëmmen am Futur an an der Vergaangenheet benotzt. De Present vun dësem Verb gëtt net benotzt an einfach ewechgelooss.

Beispill:

Я студе́нт. – Ech sinn e Student.

Et hëlt een de Sujet a setzt den Attribut direkt hannendrun ouni d'Verb быть ze benotzen. Dat gëllt fir all Persoun ob an der Eenzuel oder an der Méizuel.

De Futur vu быть gëtt awer konjugéiert a benotzt:

Persoun Verb Persoun Verb
я бу́ду мы бу́дем
ты бу́дешь вы бу́дете
он бу́дет они́ бу́дут

Present a Futur[änneren | Quelltext änneren]

Aneschters, wéi an de romanesche Sproochen hunn de Present an de Futur am Russeschen déi selwecht Endungen. Den Ënnerscheed tëscht deenen zwou Zäite besteet doran, datt de Verbstamm verännert gëtt. Meeschtens kënnt am Futur eng Prepositioun un d'Verb drun oder de Stamm gëtt verkierzt.

Verbkoppel Present Futur
де́лать; сде́лать (maachen) я де́лаю я сде́лаю
носи́ть; нести́; понести́ (droen) я ношу́, я несу́ я понесу́

Verbe vun der Grupp I[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp I bezeechent all déi Verben, déi no dësem Modell konjugéiert ginn:

Persoun Endung Persoun Endung
я (ech) -у (Stamm op e Konsonant), -ю (Stamm op e Vokal) мы (mir) -ем, -ём
ты (du) -ешь, -ёшь вы (dir) -ете, -ёте
он (hien) -ет, -ёт они́ (si) -ут (Stamm op e Konsonant), -ют (Stamm op e Vokal)

D'Endung kënnt un de Stamm vum Verb. Mä deen ass vu Verb zu Verb verschidden. Meeschtens ginn d'Verben op -ать a -ять sou konjugéiert. Bei deene brauch een nëmmen den -ть ewechzehuelen an dann huet een de Stamm.

де́лать (maachen); повторя́ть (widderhuelen)

Persoun Verb Persoun Verb
я де́лаю мы де́лаем
ты де́лаешь вы де́лаете
он де́лает они́ де́лают
Persoun Verb Persoun Verb
я повторя́ю мы повторя́ем
ты повторя́ешь вы повторя́ете
он повторя́ет они́ повторя́ют

Bei Verben op -овать and e puer Verben op -евать kritt een de Stamm wann een d'Endung -овать respektiv -евать duerch en -у- oder (seelen) -ю- ersetzt.

рисова́ть (molen); танцева́ть (danzen)

Persoun Verb Persoun Verb
я рису́ю мы рису́ем
ты рису́ешь вы рису́ете
он рису́ет они́ рису́ют
Persoun Verb Persoun Verb
я танцу́ю мы танцу́ем
ты танцу́ешь вы танцу́ете
он танцу́ет они́ танцу́ют

Mä et gëtt och Verben op -ать, déi en onreegelméissege Stamm hunn, wéi zum Beispill е́хать (fueren). Hire Stamm ass ед-.

Persoun Verb Persoun Verb
я е́ду мы е́дем
ты е́дешь вы е́дете
он е́дет они́ е́дут

Bei de Verben op -уть hëlt een d'Endung vum Infinitiv ganz ewech an et setzt een d'Konjugatiounsendungen direkt un d'Verb drun. Wann d'Infinitvendung -уть betount ass, komme vun der zweeter Persoun Eenzuel bis zu der zweeter Persoun Méizuel d'Endungen -ёшь, -ёт, -ём a -ёте dohistoen. Falls d'Betounung net op der Endung steet, benotzt een d'Endungen -ешь, -ет, -ем a -ете.

отдохну́ть (sech ausrouen), поги́бнуть (ëmkommen)

Persoun Verb Persoun Verb
я поги́бну мы поги́бнем
ты поги́бнешь вы поги́бнете
он поги́бнет они́ поги́бнут
Persoun Verb Persoun Verb
я отдохну́ мы отдохнём
ты отдохнёшь вы отдохнёте
он отдохнёт они́ отдохну́т

E puer Verben op -ти ginn och no dësem Modell konjugéiert. De Stamm kritt ee, wann een -ти ewechhëlt. Mä vun der zweeter Persoun Eenzuel bis zu der zweeter Persoun Méizuel hëlt ee bei dëse Verben d'Endungen -ёшь, -ёт, -ём a -ёте.

идти́ (goen); трясти́ (rëselen)

Persoun Verb Persoun Verb
я иду́ мы идём
ты идёшь вы идёте
он идёт они́ иду́т
Persoun Verb Persoun Verb
я трясу́ мы трясём
ты трясёшь вы трясёте
он трясёт они́ трясу́т

Konsonantewiessel bei de Verbe vun der Grupp I[änneren | Quelltext änneren]

Bei e puer Verben op -ать verwandele sech gewësse Konsonanten an Zischlauter, wa se konjugéiert ginn. Bei enger spezieller Grupp vu Verben déi op -чь enden, geschitt dat och.

Tabell mat de Konsonantewiessel:

Konsonant Zischlaut
г ж
д ж, жд*
з ж
к ч
с ш
ст щ
т ч oder щ
х ш
  • жд ass seelen a vereelzt a kënnt meeschtens nëmmen an de Participë vir.

Beispill:

пла́кать (kräischen) (кч)

Persoun Verb Persoun Verb
я пла́чу мы пла́чем
ты пла́чешь вы пла́чете
он пла́чет они́ пла́чут

Bei de Verben op -чь muss een de Stamm kennen, fir se ze konjugéieren. An den Dictionnairë steet normalerweis, wéi se konjugéiert ginn.

Beispiller:

D'Verb мочь (kënnen, däerfen) huet als Stamm мог-. De г verwandelt sech an e ж, ausser an der éischter Persoun Eenzuel a Méizuel, wéi dat ëmmer de Fall ass bei deene Verben. D'Verb печь (baken) huet als Stamm пек-. De к gëtt en ч. Mä vun der zweeter Persoun Eenzuel bis zu der zweeter Persoun Méizuel hëlt ee bei dësem Verb d'Endungen -ёшь, -ёт, -ём a -ёте. Dat ass zimmlech dacks de Fall bei Verben op -чь.

Persoun Verb Persoun Verb
я могу́ мы мо́жем
ты мо́жешь вы мо́жете
он мо́жет они́ мо́гут
Persoun Verb Persoun Verb
я пеку́ мы печём
ты печёшь вы печёте
он печёт они́ пеку́т

Verbe vun der Grupp II[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp II bezeechent all déi Verben, déi no dësem Modell konjugéiert ginn:

Persoun Endung Persoun Endung
я (ech) -ю, -у (no engem Zischlaut) мы (mir) -им
ты (du) -ишь вы (dir) -ите
он (hien) -ит они́ (si) -ят, -ат (no engem Zischlaut)

D'Endung kënnt un de Stamm vum Verb. Mä deen ass vu Verb zu Verb verschidden. Meeschtens ginn d'Verben op -ить, heiansdo och déi op -еть, sou konjugéiert. Bei deene brauch een nëmmen den -ить respektiv -еть ewechzehuelen an dann huet een de Stamm.

спо́рить (streiden; diskutéieren); горе́ть (brennen)

Persoun Endung Persoun Endung
я спо́рю мы спо́рим
ты спо́ришь вы спо́рите
он спо́рит они́ спо́рят
Persoun Endung Persoun Endung
я горю́ мы гори́м
ты гори́шь вы гори́те
он гори́т они́ горя́т

Konsonantewiessel bei de Verbe vun der Grupp II[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Verbe vun der Grupp II wandele sech nëmmen d'Konsonanten д, з, с, ст an т an Zischlauter ëm (cf. Tabell mat de Konsonantewiessel). Doriwwer eraus geschitt de Konsonantewiessel hei nëmmen an der éischter Persoun Eenzuel.

Beispill:

ви́деть (gesinn) (дж)

Persoun Verb Persoun Verb
я ви́жу мы ви́дим
ты ви́дишь вы ви́дите
он ви́дит они́ ви́дят

Verben, déi e Stamm op б, в, м, п an ф hunn, vollzéien nach e spezielle Konsonantewiessel. An der éischter Person Eenzuel kënnt bei deene Verben en -л- tëscht de Stamm an d'Endung.

Tabell:

б бл
в вл
м мл
п пл
ф фл

Beispill:

гото́вить (virbereeden) (ввл)

Persoun Verb Persoun Verb
я гото́влю мы гото́вим
ты гото́вишь вы гото́вите
он гото́вит они́ гото́вят

Imperfekt a Perfekt[änneren | Quelltext änneren]

Den Imperfekt a Perfekt ënnerscheede sech och nëmmen duerch de Verbstamm, d'Endunge sinn ëmmer déi selwecht. Ausserdeem sinn dës zwou Zäite méi einfach ze forméiere wéi de Präsens an de Futur. Et hëlt een einfach de Stamm vun de Verben an et setzt een d'Endungen drun. Et muss een awer op d'Geschlecht an d'Zuel vum Sujet oppassen. Dowéinst gëtt et véier Endungen: oder guer keng Endung* (männlech), -ла (weiblech), -ло (sächlech) a -ли (Méizuel, fir all Geschlecht).

  • *Heiansdo gëtt bei der männlecher Form einfach nëmmen de Verbstamm geholl.

Beispill:

Verbkoppel Stammm Imperfekt Perfekt
де́лать; сде́лать (maachen) дела-; сдела- де́лал сде́лал, а, о, и
носи́ть; нести́ (droen) носи-; нес- носи́л, а, о, и нёс, несла́, о́, и́

Participen[änneren | Quelltext änneren]

An der Russescher Sprooch gëtt et sechs Participen. Zwéi vun hinnen hunn déi selwecht Funktioun wéi de Gerondif am Franséischen a sinn invariabel. Déi aner véier ginn deklinéiert wéi Adjektiver an et kann ee se mat de Participen an der däitscher a franséischer Sprooch vergläichen. Am Groussen a Ganze gi se benotzt, fir d'Verben an de Passiv ze setzen, kënnen awer och als Adjektiver oder Adverbe fungéieren. Ausserdeem hunn all deklinéiert Participen eng Kuerz- a Laangform, wéi d'Adjektiver.

  • De Participe Present Aktiv huet déi selwecht Funktioun wéi de Participe Present am Franséischen an am Däitschen a bezeechent eng Handlung, déi grad am Gaang ass.
    Beispill: чита́ющий (lisant; lesend)
    Мужчи́на, чита́ющий кни́гу. - E Mann, deen e Buch liest. (Un homme lisant un livre.)
  • De Participe Passé Aktiv gëtt et weeder am Däitschen nach am Lëtzebuergeschen. Am Franséischen existéiert awer eng Méiglechkeet, en ze iwwersetzen. Hie beschreift eng Handlung, déi ofgeschloss ass.
    Beispill: прочита́вший (ayant lu)
    Мужчи́на, прочита́вший кни́гу. - E Mann, deen e Buch gelies huet. (Un homme ayant lu un livre.)
  • De Participe Present Passiv gëtt et och weeder am Däitschen nach am Lëtzebuergeschen. Am Franséischen existéiert awer erëm eng Méiglechkeet, en z'iwwersetzen. Hie beschreift eppes oder eng Person, mat der grag eppes gemaach gëtt. Et kann een och e complément d'agent am Instrumentalfall derbäisetzen.
    Beispill: чита́емый (étant lu)
    Кни́га, чита́емая мужчи́ной. - E Buch, dat grad vun enge Mann gelies gëtt. (Un livre étant lu par un homme.)
  • De Participe Passé Passiv entsprécht dem däitschen a franséische Participe Passé a bezeechent eppes oder eng Person, mat där eppes gemaach ginn ass. D'Handlung ass ofgeschloss. Hei kann een och e complément d'agent am Instrumentalfall derbäisetzen.
    Beispill: прочи́танный (lu; gelesen)
    Кни́га, прочи́танная мужчи́ной. - E Buch, dat vun engem Mann gelies gouf. (Un livre lu par un homme.)
  • Den Adverbiale Participe Present kann ee mam franséische Gérondif Present vergläichen a beschreift, wéi an duerch wat eng Handlung duerchgefouert gëtt. E kann och en temporalen Niewesaz aleeden.
    Beispill: чита́я (en lisant)
    Мужчи́на у́чить ру́сский язы́к, чита́я кни́гу. - E Mann léiert déi russesch Sprooch an iwwerdeems liest en e Buch. (Un homme apprend la langue russe en lisant un livre.)
  • Den Adverbiale Participe Passé entsprécht dem franséische Gérondif Passé a beschreift, wéi eng Handlung duerchgefouert gouf. Hie kann awer och en temporalen Niewesaz aleeden.
    Beispill: прочита́в(ши) (en ayant lu)
    Прочита́в кни́гу, мужчи́на ложи́тся спать. - Nodeem en d'Buch gelies huet, geet de Mann schlofen. (Ayant lu le livre l'homme va se coucher.)

Participe Present Aktiv[änneren | Quelltext änneren]

De Participe Present Aktiv gëtt vun onofgeschlossene Verben aus ofgeleet. E gëtt vun der drëtter Persoun Méizuel aus forméiert. Vun der Endung -ют, -ут, -ят oder -ат gëtt den einfach ewechgeholl an d'Endung -щий drugesat. Dëse Participe gëtt deklinéiert wéi en Adjektiv an en huet eng Laang- a Kuerzform.

Verbe Laangform Kuerzform
де́лать >> они́ де́лаю(maachen) де́лающий, -ая, -ее, -ие де́лающ, , ,
е́хать >> они́ е́ду(fueren) е́дущий, -ая, -ее, -ие е́дущ, , ,
горори́ть >> они́ говоря́(schwätzen) говоря́щий, -ая, -ее, -ие говоря́щ, , ,
спеши́ть >> они́ спеша́(sech beeilen) спеша́щий, -ая, -ее, -ие спеша́щ, , ,

Participe Passé Aktiv[änneren | Quelltext änneren]

Participe Present Passiv[änneren | Quelltext änneren]

Participe Passé Passiv[änneren | Quelltext änneren]

Am Russeschen hunn all transitiv Verben e Participe Passé Passiv. Normalerweis sinn dat nëmme Verbe vum ofgeschlossenen Aspekt. D'Formatioun vum Participe Passé Passiv hänkt vun der Grupp of, zu deenen Verbe gehéieren. Et gëtt och vill onreegelméisseg Formen an d'Betounung ass vu Verb zu Verb verschidden. Ausserdeem muss ee bei de Verbe vun der Grupp II dacks op de Konsonantewiessel oppassen, wann een dëse Participe forméiere wëll.

Verben op -ать[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Verben, déi op -ать a -ять ophalen, muss een -ть eweghuelen an -нный oder drusetzen. Et gëtt eng Laang- an eng Kuerzform. D'Kuerzform gëtt geholl fir de Passiv vun de Verben ze forméieren. D'Laangform dogéint huet déi selwecht Funktioun wéi en Adjektiv mat passivescher Bedeitung. E puer Verben op -ать a -ять, déi nëmmen eng Silb hunn, verléieren nëmmen d'mëllt Zeechen a kréien -ый drugesat.

Verb Langform Kuerzform
сде́лать (maachen) сде́ланный сде́лан,,,
прочита́ть (liesen) прочи́танный прочи́тан,,,
написа́ть (schreiwen) напи́санный напи́сан,,,
звать (ruffen) зва́нный зван,-а́,,
посла́ть (schécken) по́сланный по́слан,,,
жать (drécken; méinen) жа́тый жат,,,
нача́ть (ufänken) на́чатый на́чат,-а́,,

Verben op -ить[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Verben, déi op -ить ophalen, muss een -ить eweghuelen. Da muss een de Konsonant virum -ить wéi an der Tabell uewen ëmwandelen an -ённый, -енный, -ён oder -ен drusetzen. E puer Verben op -ить, déi nëmmen eng Silb hunn, verléieren nëmmen d'mëllt Zeechen a kréien -ый drugesat.

Verb Laangform Kuerzform
роди́ть (op d'Welt setzen) рождённый рождён, -ена́, -ено́, -ены́
бро́сить (geheien) бро́шенный бро́шен, , ,
защити́ть (schützen) защищённый защищён, -ена́, -ено́, -ены́

Verben op -чь[änneren | Quelltext änneren]

Bei dësem Typ vu Verben muss een de Stamm kennen, fir de Participe Passé Passiv ofzeleeden.

Verb Stamm Laangform Kuerzform
испе́чь (baken) испек (cf. испеку́, испечёшь) испечённый испечён, -ена́, -ено́, -ены́
сбере́чь (schützen) сберег (cf. сберегу́, сбережёшь) сбережённый сбережён, -ена́, -ено́, -ены́

Adverbiale Participe Present[änneren | Quelltext änneren]

Adverbiale Participe Passé[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]