Prepositioun

Vu Wikipedia

Eng Prepositioun oder Verhältniswuert gëtt gebraucht fir eng Plaz, e Moment, d'Aart a Weis, d'Konditioune vun enger Aktioun oder vun enger Situatioun, déi vun engem Verb ausgedréckt ginn, unzeginn.

Eng Prepositiounsgrupp gëtt vun enger Prepositioun (Prep.) zesumme mat enger Nummgrupp (Ng.) gebilt.
Beispill:

  • Si schwätzt mat (Prep.) hirem Mann (Ng.)

Hanner enger Prepositioun kann awer och e Pronomen oder en Adverb stoen.
Beispiller:

  • Dir schwätzt iwwer (Prep.) si (Pronomen).
  • Si luussen no (Prep.) hannen (Adverb).

Déi verschidde Prepositiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Prepositioune kënnen an dräi Gruppen agedeelt ginn:

  • Déi, déi ëmmer en Akkusativ mat sech bréngen. Dat sinn: fir, duerch, ouni, géint, ëm, bis, laanscht.
  • Déi, déi ëmmer en Dativ mat sech bréngen. Dat sinn: aus, mat, zanter, vun, zu, wéinst, bannent, trotz, virun (zäitlech).
  • Déi, déi kënne sief et en Dativ oder en Akkusativ mat sech bréngen. Dat sinn: an, op, un, iwwer, ënner, hanner, tëscht, nieft, widder, bei, baussent.
Déi Prepositioune generéieren en Akkusativ wa s'eng Richtung, oder en Deplacement uginn.
Se generéieren en Dativ wa s'eng Situatioun oder eng Plaz uginn.
Prepositioun Deplacement a Richtung
Akkusativ
Situatioun a Plaz
Dativ
an Si geet an de Stall Dir schafft an der Zär
op Ech stelle mech op d'Kopp Ech spillen op der Strooss
un Ech hänken de Raf un d'Mauer D'Schëld hänkt un der Mauer
iwwer(t) De Fliger flitt iwwer d'Mier D'Kräiz hänkt iwwer der Dier
ënner(t) D'Kaz schlauft ënner d'Bett D'Kaz schléift ënner dem Bett
virun / vrun De Jemp geet virun d'Dier Hi kiert virun der Dier
hanner(t) D'Maus leeft ënner de Schaf Si sëtzt elo ënner dem Schaf
tëschen(t) / tëscht Ech leeën d'Brout tëscht d'Bréidercher Den Haff läit tëscht den Dierfer
niewen(t) / nieft De Gäertner stellt de Spuet nieft d'Schëpp E steet gewéinlech nieft dem Reech
widder(t) Hie leeft mam Kapp widder de Bam Duerno steet e widder dem Bam
bei Ech gi bei de Bäcker Ech kafe Bréidercher beim Bäcker
baussen(t) Si geet baussent d'Haus Si ass baussent dem Haus

Verschidde Prepositiounen hanner deenen e bestëmmten Artikel am Dativ kënnt, kënnen eng Kontraktioun am Masculin an Neutre, all Kéier an der Eenzuel hunn.

mat + dem = mam an + dem = am
no + dem = nom op + dem = um
vun + dem = vum un + dem = um
zu + dem = zum vrun + dem = vrum
ënner(t) + dem = ënnerem bei + dem = beim
iwwer(t) + dem = iwwrem widder(t) + dem = widderem
hanner(t) + dem = hannerem virun + dem =virum

D'Prepositioun zu gefollegt vum bestëmmten Artikel am Feminin an der Eenzuel kritt déi kontraktéiert Form zur.

  • Komm zur Saach!
  • Zur Zäit vun der franséischer Revolutioun.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Grammaire de la langue luxembourgeoise, Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse, Luxembourg 2005, Nouvelle édition entièrement révisée et actualisée, Luxembourg 2020, 2e tirage, Luxembourg 2022 ISBN 978-99959-1-206-2