Schleesesch

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schleesesch
ślůnsko godka, ślōnskŏ gŏdka
Gëtt geschwat an: Polen
Regioun: Zentaleuropa
Gëtt geschwat vun: 529.400
Klassement:
Klassifikatioun no Famill: Indo-Europäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun:
Reglementéiert vun:
Sproochcoden
ISO 639-1
ISO 639-2
ISO 639-3 szl

D'Schleesesch Sprooch (Schleesesch: ślůnsko godka, ślůnski, munnechmol och pů našymu) ass eng slawesch Sprooch, déi vun der Bevëlkerung an der uewerschleesescher Regioun a Pole geschwat gëtt, awer och an Tschechien an an Däitschland. Beim statisteschen nationalen Zensus vu Polen, deen 2011 gemaach gouf, hunn ongeféier 509.000[1] Persounen erkläert, d'Schleesescht wier hir Mammesprooch.

D'Schleesescht gläicht der polnescher Sprooch an dofir gëtt d'Schleesescht vu verschiddene Sproochwëssenschaftler als Dialekt vun der polnescher Sprooch betruecht.

Alphabet[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt kee spezifescht schleesescht Alphabet. Déi, déi d'Schleesescht schreiwen, benotzen déi polnesch Buschtawen. 2006 gouf allerdéngs en neit schleesescht Alphabet ausgeschafft. Et gëtt allgemeng am Internet an och an der Schleesescher Wikipedia benotzt.

Aa Bb Cc Ćć Čč Dd Ee Ff Gg Hh Ii Jj Kk Ll Mm Nn Ńń Oo Pp Rr Řř Ss Śś Šš Tt Uu Ůů Ww Yy Zz Źź Žž
Duebel Buschtawe fir e bestëmmte Laut: Ch Dz Dź Dž.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schleesesch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Narodowy Spis Powszechny Ludności i Mieszkań 2011. Raport z wyników - Central Statistical Office of Poland