Alslawesch

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Alslawesch, oder Alkiercheslawesch, Albulgaresch, Liturgesch Slawesch (alsl.: словѣ́ньскъ ѩзы́къ) war déi éischt slawesch Sprooch, déi schrëftlech festgesat gouf. Si war am Mëttelalter och en allgemengt Kommunikatiounsmëttel vun de slawesche Vëlker, well deemools gouf et nach net sou vill Ënnerscheeder tëscht de verschiddene slawesche Sproochen. Déi hu sech eréischt méi spéit erauskristalliséiert. Am Allgemengen ass déi alslawesch Sprooch d'Basis vun alle slawesche Sprooche vun haut. Si ass net mam Kiercheslaweschen ze verwiesselen, obscho se bal identesch sinn. Déi Sprooch gouf nämlech spéider op der Basis vum Alslaweschen entwéckelt.