Jalta

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
An dësem Sall war 1945 d'Konferenz vu Jalta
De Liwadija Palais, wou 1945 d'Konferenz vu Jalta ofgehale gouf

Jalta (Ukrainesch a Russesch Ялта) ass e eng Kur- an Vakanzenuertschaft op der Südküst vun der Hallefinsel Krim um Schwaarze Mier an der Ukrain. Jalta huet 77.100 Awunner (Stand op den 1. Januar 2004). Gegrënnt gouf d'Stad wahrscheinlech vun den ale Griichen. Den Numm Jalta kënnt aus dem Griicheschen a bedeit einfach nëmmen Uwänner (op Däitsch Ufer). International bekannt gouf Jalta durch d'Konferenz vu Jalta, op där 1945 iwwer d'Schicksal vun Däitschland, dat de Krich verluer hat, entscheet gouf. Doru bedeelegt waren déi alliéiert Regierungscheffe Winston Churchill, Stalin a Franklin D. Roosevelt. D'Welt gouf do nei opgedeelt.

Vu Jalta aus féiert déi längst Trolleybuslinn vun der Welt iwwer Aluschta op Simferopol bannen an d'Land.

Haut ass Jalta eng, besonnesch bei de Russen, beléift Touristestad an dofir déi modernst a räichst Stad vun der Krim. Jalta ass net un d'Eisebunnsnetz ugeschloss. Mat Busse kënnt een op Simferopol a Sewastopol. Beléift Verkéiersmëttel sinn och d'Marschrutki, eng Zort Sammeltaxien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Yalta – Biller, Videoen oder Audiodateien
Jalta, Bléck op den Hafen