Josef Wissarionowitsch Stalin

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Josef Stalin)
Josef Wissarionowitsch Stalin
Gebuertsnumm იოსებ ბესარიონის ძე ჯუღაშვილი
Pseudonym Сталин
Gebuer 18. Dezember 1878
Gori
Gestuerwen 5. Mäerz 1953
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Sowjetrussland, Sowjetunioun
Aktivitéit Politiker, Revolutionär, Publizist, Staatsmann, Linguist
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun Wëssenschaftsakademie vun der URSS
Famill
Bestuet mat Ekaterina Swanidse, Nadeschda Allilujewa
Papp Bessarion Dschugaschwili
Mamm Ekaterina Geladze
Geschwëster Joseph Davrichachvili
Kanner Jakow Dschugaschwili, Konstantin Kuzakov, Wassili Iossifowitsch Stalin, Artjom Fjodorowitsch Sergejew, Swetlana Allilujewa
De Stalin am sibireschen Exil (1915)

De Josef Wissarionowitsch Stalin (Иосиф Виссарионович Сталин), gebuer als Iosseb Bessarionis dse Djughaschwili (იოსებ ბესარიონის ძე ჯუღაშვილი) den 18. Dezember 1878 zu Gori a gestuerwen de 5. Mäerz 1953 zu Moskau, war e sowjetesche Politiker mat georgeschen Originnen.

Wärend senger Zäit un der Spëtzt vun der Sowjetunioun (1920er Jore bi zu sengem Doud 1953) huet en eng totalitär Diktatur erriicht, där eng 20 Millioune Sowjetbierger zum Affer gefall sinn, sief et duerch Hongersnéit am Kader vun der Kollektivéirung vun der Landwirtschaft, politesch "Botzaktiounen" oder Zwangsaarbecht a Stroflager.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als Jong vun enger aarmer georgescher Schousterfamill goung hien zu Tiflis an de Seminaire fir Paschtouer ze ginn. Do gouf hien awer 1899 wéinst senge revolutionären Aktiounen erausgehäit.

Zanter 1903 war hie Bolschewist an ënner dem Decknumm Koba am kommunisteschen Ënnergrond aktiv. Der definitiver Verbannung no Sibirien ass hien all Kéier duerch e puer riskéiert Fuiten entgaang. De Kamfnumm Stalin ("deen aus Stol") huet en 1912 ugeholl.

No der Revolutioun a Russland huet hie verschidde wichteg Aufgaben an der Partei an an der Regierung iwwerholl. 1922 gouf en zum Generalsekretär vun der Partei hirem Zentralkommitee ernannt. Nom Lenin sengem Doud 1924 huet en et fäerdegbruecht, de Pouvoir a sengen Hänn ze konsolidéieren andeems en d'Funktioune vu sengem Posten ausgewäit an all Oppositioun eliminéiert huet. Hien huet dee Poste gehale bis datt en en 1952 ofgeschaaft huet, an den 1941 nei geschaafte Poste vum Premier vun der Sowjetunioun iwwerholl huet.

An d'Stalinperiod fält eng Rei vun de wichtegsten Ereegnesser an der Geschicht vun der Sowjetunioun a vun der ganzer Welt: d'Industrialiséirung vun der Sowjetunioun, d'Kollektivéirung an Entkulakiséirung, Masserepressalien, Vëlkerdeportatiounen a Bildung vu Gulag-Strofaarbechtslager, den Honger an den 1932-1933 Joren an Deeler vum Sowjetterritorium, den Ugrëff vun der Sowjetunioun op Finnland, d'Repressalien an der Rouder Arméi, den Zweete Weltkrich, d'Erriichtung vun der sozialistescher Uerdnung an Osteuropa an Ostasien, de Perséinlechkeetskult, d'sowjetesch Atombomm, den Ufank vum Kale Krich.

Privat huet de Stalin sech 1906 mam Ketewan Swanidse bestuet, déi awer schonn 1907 u Fleckféiwer an EHEC gestuerwen ass. Si haten zesummen ee Jong, de Jakow, den de 16. Juli 1941 an däitsch Krichsgefangeschaft gerode war an de 14. Abrëll 1943 am Konzentratiounslager Sachsenhausen zu Doud koum, nodeem datt de Stalin refuséiert hat, e géint den um 31. Januar 1943 a sowjetesch Gefaangenschaft gerodenen däitsche Generolfeldmarschall Friedrich Paulus auszetauschen ("Et koppelt ee keen Zaldot géint e Generol").

1919 huet en d'Nadejda Allilujewa bestuet, déi sech 1932 wuel selwer erschoss huet. Mat hir hat en de Bouf Wassili (1921–1962), dee spéider Generol gouf, an d'Duechter Swetlana (1926–2011), déi 1967 an d'USA ausgewandert ass an hir Kanner an der Sowjetunioun zeréckgelooss huet.

Den 1. Mäerz 1953 gouf de Stalin vun engem Mataarbechter um Buedem vu senger Datscha fonnt. Den Dag drop mueres hunn d'Dokteren, déi an d'Datscha geruff goufen, eng Lämung vun der rietser Säit vum Kierper festgestallt. De 5. Mäerz um 21 Auer 50 ass de Stalin am Alter vu 74 Joer gestuerwen, offiziell als Folleg vun engem Schlag. Verschwéirungstheoretiker gleewen éischter un en onnatierlechen Doud, a beschëllege jee no Theorie entweeder de Chruschtschow oder de Beria. Bal all d'Fuerscher si sech awer eens, datt seng Parteikomeroden op d'mannst indirekt zu sengem Doud bäigedroen hunn, andeems se sech express net geflass hu fir d'Dokteren ze ruffen. Dem Stalin säi Kierper gouf abalsaméiert a vun 1953-1961 am Lenin-Mausoleum ënnerbruecht, bis datt den XXII. Kongress vun der KPdSU am Kader vun der laangwiereger Entstaliniséirung decidéiert huet, en do erauszehuelen an un der Kremlmauer ze begruewen, wou en och nach haut läit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Josef Stalin – Biller, Videoen oder Audiodateien