Nikita Sergejewitsch Chruschtschow

Vu Wikipedia
Nikita Sergejewitsch Chruschtschow
Gebuer 3. Abrëll 1894 jul.
Gestuerwen 11. September 1971
Moskau
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Sowjetrussland, Sowjetunioun
Aktivitéit Politiker, Militär, Revolutionär
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

Den Nikita Sergejewitsch Chruschtschow (Никита Сергеевич Хрущёв; * 17. Abrëll 1894 zu Kalinowka am Oblast Kursk; † 11. September 1971 zu Moskau) war e sowjetesche Politiker a Regierungschef.

Nom Doud vum Stalin de 5. Mäerz 1953 huet de Chruschtschow säi verbriecheresche Rival a Geheimdéngschtchef Beria ausgeschalt a gouf dunn de 7. September 1953 Éischte Sekretär vum Zentralkommitee vun der KPdSU.

De Chruschtschow wollt fort vum Stalin senger bluddeger Diktatur. A senger "Geheimer Ried" um XX. Parteitag vun der KPdSU 1956 kritiséiert hien de Persounekult ëm de Stalin an déi domat verbonne Verbriechen ("Entstaliniséirung"). No an no gi vill Affer vun der "Grousser Botz" rehabilitéiert. Zugläich trëtt de wirtschaftlechen Opschwonk vun der Sowjetunioun un éischt Plaz, d'Landwirtschaft gëtt moderniséiert an eng Hellewull nei Wunnenge gebaut ("Chruschtschowkaen").

Leider si vill vu senge geplangte grousse Reformen an d'Waasser gefall, well e se net richteg duerchduecht an organiséiert krut. Sou huet e sech z. B. bei enger Visite an den USA vun den US-amerikanesche Maisfelder impressionéiere gelooss, an dunn huet en och doheem de groussflächege Maisubau forcéiere wëllen - de Mais huet sech awer wéinst de ganz anere klimatesche Bedingunge praktesch niergends an der Sowjetunioun richteg uplanze gelooss. Dee Mësserfolleg huet em de Spëtznumm "Här Mais" (Kukurusnik) abruecht.

An der Aussepolitik ass de Chruschtschow haaptsächlech wéinst sengen exzellente Blufffäegkeete spéitstens no der Kuba-Kris 1962 bekannt.

Dem Chruschtschow seng Riede sinn haut nach bekannt fir hir witzeg Einlagen a seng ironesch Momenter. Dacks huet hien a Riede seng eege Ministeren op d'Schëpp geholl. Seng bekanntst humoristesch Einlag war, wéi en an enger Ried virun der UNO-Vollversammlung säi Schong ausgedoen huet a mat ëm op d'Riednerpult geschloen huet, fir méi Opmierksamkeet ze kréien.

1964 huet de Chruschtschow wéinst dem Echec vu senger Wirtschaftspolitik an de gestéierte Bezéiunge mat China säint Amt als Staats- a Parteichef verluer. Säin Nofollger gouf de Leonid Brejnew. 1966 goung och nach säi Sëtz am Zentralkommitee vun der KPdSU fleeten an zanterhier huet en ënner Hausarrest a senger Datscha bei Moskau liewe missen. Do ass en och den 11. September 1971 am Alter vu 77 Joer un Häerzversoe gestuerwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikita Chruschtschow – Biller, Videoen oder Audiodateien