Iwan IV. vu Russland

Vu Wikipedia
Iwan IV. vu Russland
Gebuertsnumm Иван Васильевич
Gebuer 25. August 1530 jul.
Kolomenskoje
Gestuerwen 18. Mäerz 1584 jul.
Moskau
Doudesursaach Vergëftung
Aktivitéit Politiker
Famill
Bestuet mat Anastasia Romanowna, Marija Temrjukowna, Marfa Sobakina, Anna Koltovskaya, Anna Vasilchikova, Vasilisa Melentyeva, Marija Fjodorowna Nagaja
Papp Wassili III.
Mamm Helena Glinskaja
Geschwëster Yuri vun Uglich
Kanner Dimitri Iwanowitsch, Iwan Iwanowitsch, Fjodor I., Dmitri Iwanowitsch, Anna Ivanovna, Vasilij Ioannovitj

Den Iwan IV. Wassiljewitsch, de Schrecklechen (ru.: Ива́н (Иоа́нн) Васи́льевич Гро́зный - eigentlech z'iwwersetzen als dee Strengen an net dee Schrecklechen), gebuer de 25. August 1530 zu Kolomenskoje a gestuerwen den 18. Mäerzjul./ 28. Mäerz 1584greg. zu Moskau, war deen éischte Groussfierscht vu Moskau, dee sech zum Zar vun der ganzer Rus kréine gelooss huet. Hie kënnt fiktiv aus der Fierschtefamill vun de Kiewer Rurikiden.

Seng Eltere waren de Groussfierscht Wassili III. a seng Fra d'Helena Glinskaja.

Den Iwan IV. huet d'Verwaltung, d'Gesetzer an d'Arméi am Fong reforméiert, an doduerch d'Zentralgewalt méi staark gemaach. Hien huet och den niddregen Déngschtadel op Käschte vun de mächtege Bojare méi staark gemaach.

Ënner senger Herrschaft huet sech d'Zarentum Russland wäit no Osten an no Süde verbreet, haaptsächlech op Käschte vun den tataresche Khanate Kasan, Astrachan a Sibirien, fir sou zu engem multiethneschen a multikonfessionelle Staat vun iwwer 4 Millioune km² ze ginn.

De Livlännesche Krich deen e gefouert huet, huet zu kengem positive Resultat gefouert, an och den interne Terror (Opritschnina) hunn d'Land geschwächt.

Den Iwan IV. mat sengem erschloene Jong, Tableau vum Ilja Repin (1885)

Den Iwan gëtt als ee komplexe Personnage beschriwwen, intelligent a fläisseg, deen d'Konscht an Handel ënnerstëtzt huet, ma heiansdo och rosen a gewalttäteg, mat Ausbréch vun enger paranoider Geeschteskrankheet. Sou huet hien z. B. säi Jong an Nofollger, den Tsarewitsch Iwan Iwanowitsch, am Sträit doutgeschloen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Grey, Ian: Ivan The Terrible. Hodder & Stoughton Ltd., London 1965 (däitsch: Iwan der Schreckliche – Die Biographie. Rowohlt Verlag GmbH, Reinbek 1988; Patmos Verlag GmbH & Co. KG Albatros Verlag, Düsseldorf 2002, ISBN 3-491-96064-9).
  • Jena, Detlef: Ivan IV. Wassiljewitsch – der Schreckliche 1547–1584 in: Die russischen Zaren in Lebensbildern Verlag Styria, Graz, Wien, Köln 1996, ISBN 3-222-12375-6.
  • Kämpfer, Frank: Ivan (IV.) der Schreckliche 1533–1584 in: Torke, H.-J. (Hrsg.): Die russischen Zaren: 1547–1917 Beck Verlag, München 1995, S. 27–49, ISBN 3-406-38110-3.
  • Neumann-Hoditz, Reinhold: Iwan der Schreckliche. Rowohlt Taschenbuch Verlag, Reinbek 1990, ISBN 3-499-50435-9.
  • Skrynnikow, Ruslan G.: Iwan der Schreckliche und seine Zeit. C. H. Beck Verlag, München 1992, ISBN 3-406-36492-6.
  • Torke, Hans-Joachim: Die russischen Zaren 1547–1917. C. H. Beck-Verlag, 3. Aufl., München 2005, ISBN 3-406-42105-9.
  • Robert Payne: Iwan der Schreckliche, Carl Habel Verlag, Darmstadt 1975.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iwan IV. vu Russland – Biller, Videoen oder Audiodateien