Jamaika

Vu Wikipedia


Jamaika

Fändel vu Jamaika

Detailer

Offiziell Sprooch: Englesch
Haaptstad: Kingston
 • Koordinaten: 17° 59’ 33’’ N
      76° 47’ 31’’ W
Staatsform: Parlamentaresch Monarchie
 • Kinnek: Charles III.
gëtt duerch e Gouverneur vertrueden
Fläch: 10.991 km²
Bevëlkerung: 2.758.124

Jamaika [jaˈmaɪ̯ka] (engl. Jamaica) ass e souveränen Inselstaat am Commonwealth of Nations an der Karibik.

Den Numm staamt vum arawakeschen Xaymaca oder Chaymaka of, wat souvill wéi Quelleland oder Holz- a Waasserland bedeit. Déi fréier Kolonie ass fir déi villsäiteg Kultur a wéinst hire sozialen a wirtschaftleche Problemer bekannt.

Geographie an Natur[änneren | Quelltext änneren]

Lag[änneren | Quelltext änneren]

Jamaikaner beim Opmaache vu Kokosnëss

Jamaika ass déi drëttgréissten Insel vun de groussen Antillen a läit 145 km südlech vu Kuba an 160 km westlech vun Hispaniola mat de Staaten Haiti an der Dominikanescher Republik. Dat mëttelamerikanescht Festland ass 635 km vun der Westspëtz vun der Insel ewech.

D'Haaptinsel ass 235 km laang an tëscht 35 an 82 km breet. Mat enger Fläch vun 10.991 km² ass Jamaika de gréisste Member vum Commonwealth an der Karibik an ongeféier véiermol sou grouss wéi Lëtzebuerg. 50 bis 70 km virun der Südküst läit d'Pedro Bank, eng vun deene gréisste Sandbänken an der Karibik. Op enger Fläch vun 2.400 km² bedréit d'Waasserdéift manner wéi 20 m. An dëser Bänk leien d'Pedro Cays déi zu Jamaika gehéieren. Et ass eng kleng Inselgrupp mat enger Fläch vun 23 Hektar. 30 km südlech vu Morant Bay leien d'Morant Cays.

Landschaft a Geologie[änneren | Quelltext änneren]

Lovers´ Leap

Jamaika läit am Norden op der karibescher Plack op der Grenz zur nordamerikanescher Plack. Nieft Formatiounen aus ofgekilltem Magma, Gneisen a Schifer besteet d'Insel virun allem aus Kalleksteen, de sech iwwerlagert huet éier Jamaika viru ronn zéng Millioune Joer duerch tektonesch Prozesser aus dem Mier gehuewe gouf. Déi Kallekschicht ass op verschiddene Plazen e puer honnert Meter déck. Wéinst der Noperschaft vun enger Plackegrenz kënnt et ëmmer erëm zu staarken Äerdbiewen. 1692 gouf Port Royal bei engem Äerdbiewen zerstéiert. De wichtegste Buedemräichtum ass nieft dem Gips a Marmer de Bauxit, deen ëstlech vu Montego Bay a westlech vu Kingston optrëtt.

Jamaika léisst sech landschaftlech an dräi Gebidder ënnerdeelen:

Den Oste gëtt vun de Blue Mountains markéiert, enger Biergketten, déi sech op enger Längt vu ronn 100 km vun Nordwesten no Südosten erstreckt, mat vill Ausleefer no Norden a Süden. Den héchste Punkt op der Insel, den 2256 m héije Blue Mountain Peak gehéiert zu där Biergketten. Den Zentrum vum Land bilt en Héichplateau aus Kalleksteen. Dat Gebitt, dat ronn zwéin Drëttel vun der Insel bedeckt, läit op enger Héicht vu bis zu 900 m. Am mëlle Gestengs sinn déif Däller, Dolinen an Hielen, souwéi ënnerierdesch Flëss entstanen.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

De Klima vu Jamaika ass tropesch a gëtt vum Nordpassat bestëmmt. D'Temperaturënnerscheeder am Laf vum Joer si kleng.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • F. Abiola Irele, Simon Gikandi (Hrsg.): The Cambridge History of African and Caribbean Literature. Volume 1+2. Cambridge University Press, Cambridge 2003
  • Wendelin Ettmayer: Jamaika – mehr als Rum und Reggae. Chancen und Probleme eines Entwicklungslandes. Trauner Verlag, Linz 2004, ISBN 3-85487-557-6
  • Kathleen Monteith, Glen Richards (Hrsg.): Jamaica in slavery and freedom: history, heritage and culture. University of the West Indies Press, Kingston (Jamaika) 2002.
  • Tracey Skelton (Hrsg.): Introduction to the Pan-Caribbean. Arnold, London, 2004.
  • Caroline Sullivan: Jamaikanische Küche: traditionelle Kochrezepte aus dem Jahre 1893. Asfahani, Hamburg 1997, ISBN 3-927459-85-2
  • Peter Paul Zahl: Jamaika. C.H. Beck, München 2002.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jamaika – Biller, Videoen oder Audiodateien