Mier

Vu Wikipedia
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vue op d'Schwaarzt Mier wärend engem Sonnenënnergank, bei Georgien (ca. 1915)

D'Mier ass d'Gewässer dat ronderëm d'Kontinenter fléisst. 70 % vun der Äerd si vu Mierer bedeckt.

Salzgehalt vum Mierwaasser[änneren | Quelltext änneren]

D'Mierwaasser ass salzeg, well Mineraler dra sinn, déi am Laf vun Joermillioune vun de Flëss an d'Mier transportéiert goufen. Dat heefegst Salz am Mier ass den Natriumchlorid. Mä et fënnt een och aner léislech Mineraler, wéi z. B. Sulfat, Calcium a Magnesium. Den normale Salzgehalt vum Mier läit bei 3,5 %.

De Buedem vum Mier[änneren | Quelltext änneren]

De Buedem vun de Mierer besteet aus Bierger, déi bei wäitem méi grouss sinn wéi déi op der Landuewerfläch. Si gi mëttelozeanesche Réck genannt. Hei quëllt Magma aus der Äerd eraus an erstarrt. Sou entsteet neie Mieresbuedem. Duerch déi Vergréisserung vum Mieresbuedem ginn d'Vulkaner, déi iwwer den Hot Spots entstane sinn, ëmmer méi wäit ewech vun hire Magmaquellen an erläschen. Mat der Zäit gi si ofgedroen a verschwannen zeréck am Mier. Déi bis ënner de Mieresbuedem ofgedroe Vulkaner bilden Ënnerwaasserbierger.

Déi verschidde Mierer[änneren | Quelltext änneren]

Et ënnerscheet ee follgend Ozeaner:

an hir Niewemierer. Zu hinne gehéieren ënner anerem:

Déi fënnef gréisst Mierer[änneren | Quelltext änneren]

Numm vum Mier Fläch (km²) Duerschnëttlech Déift (m)
Pazifik 166.229.000 4.028
Atlantik 86.551.000 3.926
Indeschen Ozean 73.422.000 3.963
Nordpolarmier 13.223.000 1.205
Südchinesescht Mier 2.975.000 1.652

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien