Op den Inhalt sprangen

Amerika (Kontinent)

Vu Wikipedia
Amerika (Kontinent)
Geographie
Besteet aus Südamerika, Nordamerika, Zentralamerika
Länner 35
Fläch 42.549.000 km²
Héchste Punkt Aconcagua (6.962 m)
Déifste Punkt Laguna del Carbón (-105 m)
Demographie
Awunner 1.055.385.441 (2025)
Bevëlkerungsdicht Südamerika 24,56/km²
Nordamerika 25,46/km²
Aner Informatiounen
Entdeckt 12. Oktober 1492 (julianesch)
Entdeckt vun Christoph Kolumbus, onbekannt
Genannt no Amerigo Vespucci
Kaart vun Amerika (CIA)

Amerika ass en Duebelkontinent, deen aus den zwéi Kontinenter Nordamerika a Südamerika besteet, déi duerch d'Mëttelamerika an d'Karibik matenee verbonne sinn. En zitt sech vum Nordpol bis bal un d'Antarktis.

Den Duebelkontinent huet eng total Fläch vun ongeféier 42,55 Millioune Quadratkilometer. Op deenen zwéi Kontinenter liewe méi wéi 1,055 Milliard Mënschen.

Amerika erstreckt sech iwwer bal 43 Millioune km², wat engen 28 % Festland vun der Äerduewerfläch entsprécht. Den amerikanesche Kontinent läit tëscht dem Arkteschen Ozean am Norden, dem Atlantik am Osten, dem Pazifik am Westen an der Antarktis am Süden.

De Kontinent ass duerch eng grouss geologesch a klimatesch Diversitéit gepräägt. Vum Permafrost an der Arktis bis zu tropesche Reebëscher am Amazonasgebitt ass bal all Klima vertrueden.

Amerika besëtzt bedeitend Waasserressourcen:

  • Amazonas: de längste Floss a Südamerika an de waasserräichste Floss weltwäit;
  • Mississippi-Missouri-System: gréisste Flosssystem an Nordamerika;
  • Grouss Séien: eng Grupp vu fënnef grousse Séien tëscht Kanada an den USA;
  • Karibescht Mier: wichtegt maritimt Gebitt fir den Tourismus an d'Biodiversitéit;
  • strateegesch Waasserstroosse fir den interkontinentale Verkéier, ë. a.:

Déi markantst Biergketten um Kontinent sinn:

Amerika war ursprénglech vun enger grousser Villfalt vun indigeene Kulture bewunnt. Déi éischt europäesch Kolonisatioun huet am 15. Joerhonnert mat de Reese vum Christoph Kolumbus ugefaangen. Am Laf vun der Zäit hu verschidde Kolonialmuechten – besonnesch Spuenien, Portugal, Frankräich an England – Deeler vum Kontinent ënner sech opgedeelt. Dëst huet zu grousse Verännerungen an der Demographie, der Politik an der Kultur gefouert. Am 18. a 19. Joerhonnert hunn déi meescht amerikanesch Länner hir Onofhängegkeet erkläert.

„Entdeckung“ vun Amerika

[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel bekannt ass, datt ëm d'Joer 1000 de Leif Eriksson als éischten Europäer nordamerikanesche Buedem betratt huet, gëtt de Christoph Kolumbus als eigentlechen Entdecker betruecht (1492). Den Giovanni Caboto huet 1497 als éischten Europäer amerikanescht Festland betratt. 1507 erkennt den Amerigo Vespucci als éischten Amerika als e Kontinent. Et gëtt och Unzeechen, datt onbekannt Islänner schonn am Joer 985 Nordamerika erreecht hätten.

Bevëlkerung a Sproochen

[änneren | Quelltext änneren]

Amerika huet ongeféier 1,055 Milliarden Awunner an d'Sproocheverdeelung reflektéiert d'kolonial Geschicht:

D'politesch Systemer variéiere vun demokratesche Republicken (z. B. Kanada, Chile) bis zu méi instabille Regimmer wéi a Venezuela.

Déi gréisst international Kooperatiounsplattforme sinn:

Amerika ass wirtschaftlech heterogen: vun héich entwéckelte Staaten (USA, Kanada) bis zu Länner mat méi schwaacher Infrastruktur. D'USA si mat engem Bruttoinlandsprodukt vun 29,18 Milliarden USD (2024) déi gréisst Wirtschaftsnatioun op der Welt[1].

Tourismus spillt an alle Regiounen eng grouss Roll, absënns:

Haaptexportartikel

[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptexportartikelen no Regioun begräifen:

Geographesch Opdeelung

[änneren | Quelltext änneren]

Amerika gëtt traditionell a follgend grouss Regiounen opgedeelt:

Alternativ gëtt et och eng Opdeelung op der Basis vun der Sprooch an der Kultur an Angloamerika (engleschsproocheg Regiounen) a Latäinamerika (romanesch Sproochen).

Zum amerikanesche Kontinent gehéieren:

  • 35 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen,
  • 6 Gebidder vun net-amerikanesche Staaten,
  • 18 Territoiren déi vun enger anerer Natiounen ofhängeg sinn.

Membere vun de Vereenten Natiounen

[änneren | Quelltext änneren]
Nr Staat oder Territoire Offizielle Staatsnumm Haaptstad Fläch [km²][2] Awunner[3]
1 Antigua a Barbuda Antigua a Barbuda Saint John's 441[4] 93.772
2 Argentinien Argentinesch Republik Buenos Aires 2.780.400 45.696.159
3 Bahamas Bahamas Nassau 13.880 401.283
4 Barbados Barbados Bridgetown 430 282.467
5 Belize Belize Belmopan 22.996 417.072
6 Bolivien Plurinationale Staat Bolivien Sucre (de jure)

La Paz (de facto)

1.098.581 12.413.315
7 Brasilien Federativ Republik Brasilien Brasília 8.515.770 211.998.573
8 Chile Republik Chile Santiago de Chile 756.102 19.764.771
9 Costa Rica Republik Costa Rica San José 51.100 5.129.910
10 Dominica Commonwealth Dominica Roseau 751 66.205
11 Dominikanesch Republik Dominikanesch Republik Santo Domingo 48.670 11.427.557
12 Ecuador Republik Ecuador Quito 283.561 18.135.478
13 El Salvador Republik El Salvador San Salvador 21.041 6.338.193
14 Grenada Grenada St. George's 344 117.207
15 Guatemala Republik Guatemala Guatemala-Stad 108.889 18.406.359
16 Guyana Kooperativ Republik Guyana Georgetown 214.969 831.087
17 Haiti Republik Haiti Port-au-Prince 27.750 11.772.557
18 Honduras Republik Honduras Tegucigalpa 112.090 10.825.703
19 Jamaika Jamaika Kingston 10.991 2.839.175
20 Kanada Kanada Ottawa 9.984.670 39.742.430
21 Kolumbien Republik Kolumbien Bogotá 1.138.910 52.886.363
22 Kuba Republik Kuba Havanna 110.860 10.979.783
23 Mexiko Vereenegt Mexikanesch Staaten Mexiko-Stad 1.964.375 130.861.007
24 Nicaragua Republik Nicaragua Managua 130.370 6.916.140
25 Panama Republik Panama Panama-Stad 75.420 4.515.577
26 Paraguay Republik Paraguay Asunción 406.752 6.929.153
27 Peru Republik Peru Lima 1.285.216 34.217.848
28 Saint Kitts an Nevis Federatioun Saint Kitts an Nevis Basseterre 261[5] 46.843
29 Saint Lucia Saint Lucia Castries 616 200.000[6]
30 Saint Vincent an d'Grenadinnen Saint Vincent an d'Grenadinnen Kingstown 389[7] 100.616
31 Surinam Republik Surinam Paramaribo 163.820 634.431
32 Trinidad an Tobago Republik Trinidad an Tobago Port of Spain 5.128 1.507.782
33 Uruguay Republik ëstlech vum Uruguay Montevideo 176.215 3.386.588
34  USA Vereenegt Staate vun Amerika Washington, D.C. 9.833.517 345.426.571
35 Venezuela Bolivaresch Republik Venezuela Caracas 912.050 28.405.543

Gebidder vun net-amerikanesche Staaten

[änneren | Quelltext änneren]
Nr Territoire Mammeland Haaptstad Fläch [km²][8] Awunner[9]
1 Bonaire Holland Kralendijk 294
2 Guyane Frankräich Cayenne 84.000 310.000
3 Guadeloupe Frankräich Basse-Terre 1.628 380.000
4 Martinique Frankräich Fort-de-France 1.128 340.000
5 Saba Holland The Bottom 13
6 Sint Eustatius Holland Oranjestad 21

Ofhängeg Gebidder

[änneren | Quelltext änneren]
Nr Territoire Mammeland Haaptstad Fläch [km²][8] Awunner[9]
1 Amerikanesch Joffereninselen  USA Charlotte Amalie 347 80.000
2 Anguilla Vereenegt Kinnekräich The Valley 91 10.000
3 Aruba Holland Oranjestad 180 110.000
4 Bermuda Vereenegt Kinnekräich Hamilton 54 60.000
5 Brittesch Joffereninselen Vereenegt Kinnekräich Road Town 151 40.000
6 Kaimaninselen Vereenegt Kinnekräich George Town 246 70.000
7 Curaçao Holland Willemstad 444 190.000
8 Falkland Inselen Vereenegt Kinnekräich Stanley 12.173
9 Grönland Dänemark Nuuk 2.166.086 60.000
10 Guantanamo Bay Naval Base  USA
11 Montserrat Vereenegt Kinnekräich Plymouth 103
12 Puerto Rico  USA San Juan 9.100 3.240.000
13 Saint-Barthélemy Frankräich Gustavia 22 10.000
14 Saint-Martin Frankräich Marigot 53 30.000
15 Saint-Pierre a Miquelon Frankräich Saint-Pierre 242 10.000
16 Sint Maarten Holland Philipsburg 34 40.000
17 Südgeorgien an d'Südlech Sandwichinselen Vereenegt Kinnekräich King Edward Point 3.903
18 Turks- a Caicosinselen Vereenegt Kinnekräich Cockburn Town 948 50.000
 Commons: Amerika (Kontinent) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. World Bank Open Data. World Bank Open Data. Gekuckt den 21.07.2025.
  2. Area - The World Factbook. www.cia.gov. Gekuckt de 06.07.2025.
  3. D'Quell vun de Bevëlkerungszuelen ass - wann net anescht uginn - d' (de) Liste der Länder und Territorien nach Einwohnerzahl (Versioun vum 10. Mee 2025 (22:42)) déi hirersäits op den Donnéeë vun de Vereenten Natiounen opgebaut ass.
  4. Antigua: 280 km²; Barbuda: 161 km²
  5. Saint Kitts 168 km²; Nevis 93 km²
  6. (de) Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DSW), DSW-DATENREPORT 2022 (PDF) (2022). Gekuckt de 06.07.2025.
  7. Saint Vincent 45 km²; Grenadinnen 344 km²
  8. 8,0 8,1 List of Countries and Dependent Territories of the World Alphabetically. ontheworldmap.com. Gekuckt den 21.07.2025.
  9. 9,0 9,1 (en) World Population Prospects. population.un.org. Gekuckt den 21.07.2025. „Stand: Mëtt 2024“