Amerigo Vespucci

Vu Wikipedia
Amerigo Vespucci
Gebuer 9. Mäerz 1454 jul.
Florenz
Gestuerwen 22. Februar 1512 jul.
Sevilla
Doudesursaach Malaria
Nationalitéit Republik Florenz
Aktivitéit Explorateur, Händler, Kartograph, Schrëftsteller

Den Amerigo Vespucci, gebuer den 9. Mäerz 1451 (verschiddene Quellen no 1452 oder 1454) zu Florenz a gestuerwen den 22. Februar 1512 zu Sevilla, war en Händler, Séifuerer an Entdecker. Wärend senge Faarten iwwer den Atlantik 1497 (ëmstridden), 1501-02 a 1503-04 huet hie grouss Deeler vun der Ostküst vu Südamerika exploréiert. A sengem Buch Mundus Novus huet hien duerno dovu geschriwwen. Ë. a. huet hien Nimm ginn, déi et bis haut gëtt (z. B. "Venezuela" - klengt Venedeg fir eng Siidlung, déi op Péil gebaut war).

1508 gouf hie vun der Kinnigin Juana vu Kastilien zum Piloto Mayor ernannt. Domat war hien zoustänneg fir de Padrón Real; d'Landkaart, op där all déi nei Entdeckunge festgehale goufen.

Well hien deen éischten Europäer war, deen d'Meenung vertrueden huet, et géif sech bei den Neieentdeckungen net just ëm "asiatesch" Inselen handelen, mä ëm en neie Kontinent, huet de Martin Waldseemüller 1507 op senger Weltkaart Cosmographiae Introductio de Kontinent "America" no him genannt - wat bis haut sou bliwwen ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Germán Arciniegas: América, 500 años de un nombre – Vida y época de Amerigo Vespucci. Villegas Editores tercera edición, Bogotá 2002.
  • Rudolf Eger: Amerigo Vespucci. Das Abenteuer eines Entdeckers. Melchert, Hamburg 1986, ISBN 3-87152-207-4.
  • M. Fernández de Navarrete: Viajes de Amerigo Vespucio. Gráficas Reunidas, Madrid 1923.
  • Luigi Ugolini: Er gab Amerika den Namen. Leben und Zeit des Amerigo Vespucci. Styria, Graz 1974, ISBN 3-222-10691-6.
  • Robert Wallisch: Der Mundus Novus des Amerigo Vespucci. Text, Übersetzung und Kommentar. 2. Aufl., Verlag der Österreichischen Akademie der Wissenschaften, Wien 2006, ISBN 3-7001-3069-4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amerigo Vespucci – Biller, Videoen oder Audiodateien