Cosmographiae Introductio

Vu Wikipedia
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Buch Cosmographiae Introductio (1507)

D'Cosmographiae Introductio (mam ganzen Titel: Cosmographiae introductio cum quibusdam geometriae ac astronomiae principiis ad eam rem necessariis. Insuper quattuor Americi Vespucci navigationes. Universalis Cosmographiae descriptio tam in solido quam plano, eis etiam insertis, quae Ptholomaeo ignota a nuperis reperta sunt.) ass e Buch vum däitsche Kartograph Martin Waldseemüller, dat am Joer 1507 zu Saint-Dié a Frankräich erauskoum.

Kaart Universalis Cosmographia (1507)

D'Universalis Cosmographia ass eng Kaart vum Martin Waldseemüller, déi am Joer 1507 mam Cosmographiae Introductio zu Saint-Dié publizéiert gouf.

Op där Kaart gouf fir d'éischt Kéier den Numm "America" fir déi Nei Welt gebraucht: De Waldseemüller hat gemengt, se wier vum Amerigo Vespucci entdeckt ginn. Dësen Numm ass op anere Kaarten iwwerholl ginn, a, wéi mer wëssen, nach haut gebräichlech.

D'Kaart gouf an 1.000 Exemplaire gedréckt. Et schéngt es, wéi wa just een eenzegt bis haut erhale bliwwe wier. Et gouf 2001 vun der Library of Congress zu Washington D.C. opkaaft.