Washington D.C.
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Washington D.C. | |
---|---|
Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
Bundesstaat | Vereenegt Staate vun Amerika |
Fläch | 177 km² |
Awunner | 689.545 (1. Abrëll 2020) |
Héicht | 2 |
Zäitzon |
Eastern Time Zone, UTC−5, UTC−4 |
Buergermeeschter | Muriel Bowser (2. Januar 2015) |
Koordinaten | 38°53'42"N, 77°2'12"W |
Washington D.C., fréier den District of Columbia, a meescht einfach nëmme "Washington" oder "D.C." genannt, ass d'Haaptstad vun de Vereenegte Staate vun Amerika. De Residence Act, deen de 16. Juli 1790 ënnerschriwwe gouf, huet d'Kreatioun vun engem Haaptstadsdistrikt erméiglecht, deen um Potomac River um Land senger Ostküst sollt leien. D'amerikanesch Verfassung gesäit fir, datt deen Distrikt net zu engem vun de Bundesstaate vun den USA gehéiert, mä direkt dem Kongress ënnerstallt ass.
Washington ass och de Sëtz vum Internationale Wärungsfong (FMI oder IMF) an der Weltbank.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Washington, D.C. ass e klengen Territoire vun nëmmen 177 km2. E läit tëscht de Staaten Virginia a Maryland. Den héchste Punkt ass 125 Meter héich, deen niddregsten läit op 0 Meter.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]2015 gouf d'Bevëlkerung vu Washington, D.C., op 672,228 Awunner geschat, wat e Wuesstem vun 11.7% zënter 2010 ass. 48,3% vun den Awunner waren Afroamerikaner, 44,1% wäiss Amerikaner (36,1% wäiss Amerikaner, déi net Hispanic/Latino sinn) a 4,2% Asiaten. Washington huet zënter senger Grënnung eng grouss afroamerikanesch Bevëlkerung. Tëscht 1800 an 1940 hu si ronn 30% vun den Awunner gestallt. Den Héichpunkt war 1970, wéi 70% vun der Awunner Afroamerikaner waren. Zënterhir geet déi Zuel awer progressiv zeréck well vill schwaarz Amerikaner an d'Viruerter plënneren.
E Rapport vun 2007 huet ervirgehuewen, datt een Drëttel vun den Awunner vu funktionellem Analphabetismus betraff sinn.
Obwuel d'Akommes mat 55.755 per capita méi héich ass wéi an all de 50 US-Bundesstaate gëllen 19% vun den Awunner als aarm. Nëmmen am Mississippi ass déi Zuel nach méi héich.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]-
De Capitol
-
D'Wäisst Haus
-
D'Graf vum John F. Kennedy um Nationalkierfecht vun Arlington
-
Den Holocaust Musée
-
D'Bibliothéik vum Congress (Library of Congress)
-
Den National Museum of the American Indian
-
D'Schlass vun der Smithsonian Institution
-
D'National Mall aus der Loft
-
De Loftschëffaartsmusée (National Air and Space Museum)
-
D'National World War II Memorial
-
D'Washington Monument
-
D'Washington National Cathedral
-
De Memorial vun de Vietnam Veteranen (Vietnam Veterans Memorial)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Lëscht vun de Groussstied an den USA
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Washington D.C. – Biller, Videoen oder Audiodateien |