Montana
| Montana | |||||
| |||||
| Spëtznumm: Big Sky Country The Treasure State | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
| Haaptstad: | Helena | ||||
| Gréisst Stad: | Billings | ||||
| Gouverneur: | Greg Gianforte | ||||
| Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 4. Plaz 380.800 km² 1 % | ||||
| Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 44. Plaz 1.084.225 (2020)[1] 2,86/km² | ||||
| Opgeholl als Memberstaat: | 8. November 1889 (41ten) | ||||
| Zäitzon: | UTC-7/-6 | ||||
De Montana ass e Bundesstaat am Nordweste vun den USA.
Geographie a Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]De Montana deelt sech eng 877 km laang Grenz mat dräi kanadesche Provënzen: British Columbia, Alberta, a Saskatchewan. Donieft grenzt en am Osten un den North Dakota an un de South Dakota, am Süden un de Wyoming an am Westen a Südwesten un de Idaho.
Obwuel de Montana de véiertgréisste vu 50 US-Bundestaaten ass huet en nëmmen eng ganz kleng Bevëlkerung. Nëmmen zwéin aner Staate si manner besidelt. 2015 gouf geschat, datt e bësse méi wéi eng Millioun Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 89,2 % als wäiss Amerikaner, 6,6 % als Indianer, 3,6 % als Hispanic/Latino, 0,8 % als asiatesch an 0,6 % als Afroamerikaner identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]D'Ekonomie vum Montana baséiert op der Landwirtschaft. Aner wichteg Secteure sinn d'Explotatioun vu fossille Ressourcen (Pëtrol, Gas, Kuelen...) an Tourismus.
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 46.766 US-Dollar pro Stot a 25.977 USD op de Kapp[1].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Saint Mary Lake
- Bisonen an der National Bison Range
- Collage mat Gebaier vun der gréisster Stad, Billings
- E Skigebitt
- De State Capitol an der Haaptstad Helena
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Montana – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 census.gov: QuickFacts: Montana