Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Navassa läit eppes 65 km westlech vun der Tiburon-Hallefinsel vun Haiti an ongeféier 160 km südlech vun der Guantánamo-Bucht op Kuba. Navassa stellt, grad wéi d'Insel Henderson am Pazifik, eng sougenannt „erhéicht“ Koralleninsel duer an huet eng Héicht vu bis zu 77 Meter iwwer dem Mier. D'Insel, déi vun engem Koralleriff ëmzunn ass, huet eng Fläch vu 5,4 km² mat enger Küstelängt vun 8 km. D'Insel ass en exotescht Naturschutzgebitt.