Minnesota

Vu Wikipedia
Minnesota
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Land of 10,000 Lakes
North Star State
The Gopher State
Agate State
State of Hockey

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Saint Paul
Gréisst Stad: Minneapolis
Gouverneur: Tim Walz
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 12. Plaz
225.181 km²
8,4 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 22. Plaz
5.706.494 (2020)[1]
27,68/km²
Opgeholl als Memberstaat: 11. Mee 1858 (32ten)
Zäitzon: UTC-6/-5

De Minnesota ass e Staat am Mëttlere Weste vun den USA. Wéinst senge ville Séie gëtt en och als "Land vun den 10.000 Séie" bezeechent. Säin offiziellt Motto ass dat franséischt "L'étoile du nord".

De Minessota ass fir seng progressiv Politik a seng héich Walbedeelegung bekannt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Minnesota läit um Lake Superior, engem vun de fënnef groussen nordamerikanesche Séien. Am Norde grenzt de Staat un d'kanadesch Provënzen Ontario a Manitoba, am Westen un d'US-Staaten North a South Dakota, am Süden un den Iowa an am Osten un de Wisconsin. Mam Michigan deelt de Minnesota um Lake Superior eng Waassergrenz.

Mat iwwer 225.000 km2 ass de Minnesota den 12.-gréisste Staat an den USA.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

2015 gouf geschat, datt iwwer 5.489.000 Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 85,4 % als wäiss Amerikaner, 6 % als Afroamerikaner, 5,2 % als Hispanic/Latino, 4,9 % als asiatesch an 1,3 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].

Mat iwwer 25.000 Persounen huet de Minnesota déi gréisst somalesch Bevëlkerung vun allen US-Staaten.[2]

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

De Minessota huet eng diversifizéiert Wirtschaft. D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 60.828 US-Dollar pro Stot an 31.642 USD op de Kapp[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Minnesota – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Minnesota
  2. mprnews.org: Survey: Nearly 1 in 3 US Somalis live in Minnesota (14. Dezember 2010)