Ontario

Vu Wikipedia
Ontario
Fändel Wopen
Devise: Ut Incepit Fidelis Sic Permanet
("Si huet loyal ugefaangen a bleift loyal")

All Provënzen an Territoirë vu Kanada
Land: Kanada
Haaptstad: Toronto
Gréisst Stad: Toronto
Premierminister: Doug Ford (PC)
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 4. Plaz
1.076.395 km²
14,7 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 1. Plaz
12.851.821 (2011)
14/km²
Deel vu Kanada ginn: 1. Juli 1867
Offiziell Sprooch: Englesch
Zäitzon: UTC-5/-4
Postcode: ON

Den Ontario ass eng Provënz am Südoste vum Kanada. Si ass mat iwwer 12 Millioune bei Wäitem déi Provënz mat de meeschten Awunner, a flächeméisseg nom Québec déi zweetgréisst.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Ontario grenzt am Norden un d'Hudson Bay an un d'James Bay, am Westen un d'Provënz Manitoba, am Osten un de Québec an am Süden un d'US-Bundesstaate Minnesota, Michigan, Ohio, Pennsylvania an New York.

D'Südgrenz vum Ontario mat den Vereenegte Staate besteet bal nëmmen aus Séien a Flëss. Vum Lake of the Woods aus leeft se viru laanscht véier vun de fênnef Grousse Séien, (Ieweschte Séi, Huronséi, Erieséi an Ontarioséi) an da laanscht de Sankt-Lorenz-Stroum bei Cornwall. Den Ottawa River mécht zum Deel d'Grenz mat Québec.

Den Ontario kann een an dräi Haaptregiounen andeelen:

  • D'Kanadescht Schëld (Canandian Shield) am Nordwesten an am Zentrum bedeckt ronn d'Hallschent vun der Fläch vun der Provënz. En ass am grousse Ganze wéineg fruchtbar, awer räich u Mineralien a gläichzäiteg och u Flëss a Séien.
  • D'Déifland vun der Hudson Bay am Nordosten, dat suppeg a mat Bëscher bedeckt ass, a wou bal kee wunnt.
  • Der fruchtbaren Dall am Süde laanscht déi Grouss Séien an de Sankt-Lorenz-Stroum, wou e temperéiert Klima ass a wou d'Landwirtschaft, d'Industrie an d'Stied konzentréiert sinn. Ronn 75 % vun der Bevëlkerung vum Ontarios an ee Véirel vun der Bevëlkerung vu Kanada liewen an der Regioun um westleche Wupp vum Ontarioséi; déi Regioun gëtt Golden Horseshoe (gëllent Houfeisen) genannt.
D'Niagarafäll

Et gëtt keng Bierger, mä eng Rëtsch Hiwwelketten, den héchste Punkt vun der Provënz ass mat 693 Meter den Ishpatina Ridge bei Temagami. Den Ontario ass bekannt wéinst sengem Waasserräichtum. Et gëtt do 250.000 Séien¨, an d'Flëss hunn zesummen eng Längt vu méi wéi 100.000 Kilometer. Ganz bekannt sinn d'Niagarafäll. Iwwer de Sankt-Lorenz-Passage kënne Schëffer vum Atlanteschen Ozean bis op Thunder Bay am Nordweste vum Ontario fueren.

Am Ontario gëtt et fënnef Nationalparken: De Bruce-Peninsula-Nationalpark op der Bruce-Hallefinsel beim Huronsee, de Georgian-Bay-Islands-Nationalpark bei der George Bay vum Huronséi, de Point-Pelee-Nationalpark op enger Landzong am Eriesee, de Pukaskwa-Nationalpark nërdlech vum Ieweschte Séi an de Thousand-Islands-Nationalpark an der Regioun Thousand Islands.

Gréisst Stied no Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Klassement Stad 2011 2006 2001
1. Toronto 2.615.061 2.503.281 2.481.494
2. Ottawa 883.391 812.129 774.072
3. Mississauga 713.443 668.549 612.925
4. Brampton 523.911 433.806 325.428
5. Hamilton 519.949 504.559 490.268
6. London 366.151 352.395 336.539
7. Markham 301.709 261.573 208.615
8. Vaughan 288.301 238.866 182.022
9. Kitchener 219.153 204.668 190.399
10. Windsor 210.891 216.473 208.402
11. Oakville 182.520 165.613 144.738
12. Richmond Hill 185.541 162.704 132.030
13. Burlington 175.779 164.415 150.836
14. Greater Sudbury 160.274 157.857 155.219
15. Oshawa 149.607 141.590 139.051
16. Barrie 135.711 128.430 103.710
17. St. Catharines 131.400 131.989 129.170
18. Cambridge 126.748 120.371 110.372
19. Kingston 123.363 117.207 114.195
20. Guelph 121.688 114.943 106.170

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ontario – Biller, Videoen oder Audiodateien