New Brunswick

Vu Wikipedia
New Brunswick
Nouveau-Brunswick
Fändel Wopen
Devise: Spem reduxit

All Provënzen an Territoirë vu Kanada
Land: Kanada
Haaptstad: Fredericton
Gréisst Stad: Saint John
Premierminister: Blaine Higgs (PC)
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 11. Plaz
72.908 km²
2 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 8. Plaz
751.171 (2011)
10,51/km²
Deel vu Kanada ginn: 1. Juli 1867
Offiziell Sprooch: Englesch a Franséisch
Zäitzon: UTC-4
Postcode: NB

Den New Brunswick (engl.) oder Nouveau-Brunswick (franz.) ass eng Provënz am Südoste vu Kanada. Si ass no der däitscher Stad Braunschweig benannt an déi eenzeg kanadesch Provënz an där souwuel Englesch wéi och Franséisch als offiziell Sproochen an der Verfassung verankert sinn.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den New Brunswick grenzt am Norden un de Québec an am Osten un de Golf vum Saint-Laurent. D'südëstlech Spëtzt vun der Provënz ass mat der Hallefinsel vun Nova Scotia verbonnen. Am Süde läit d'Bay of Fundy an de Weste vun der Provënz grenzt un den US-Bundesstaat Maine.

Vun Norden no Süde sinn et 340 km a vun Osten no Westen 300 km[1] D'total Fläch ass 72.908 km² an ass domat nëmmen e bësse méi kleng wéi déi dräi Beneluxlänner zesummen (74.654)[2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'indigen Bevëlkerung huet, ier d'Europäer op den amerikanesche Kontinent koumen, aus dräi Stämm bestanen.

Den éischten dokumentéierten Europäer an der haiteger Provënz war de Fransous Jacques Cartier am Joer 1534, obwuel et méiglech ass, datt och d'Wikinger virdru schonn an der Regioun waren. Iwwer déi nächst 200 Joer goufen e puer franséisch Néierloossungen a "Seigneurieë" gegrënnt. D'Regioun war deemools en Deel vun der franséischer Kolonie Acadie.

1713, nom Spueneschen Ierffollegkrich, ass e groussen Deel vun der Acadie (vun den Englänner Nova Scotia genannt) mam Vertrag vun Utrecht un d'Englänner gaangen. Déi hunn duerno och de Rescht vum haitegen New Brunswick eruewert.

No der Onofhängegkeet vun den USA si ronn 14.000 Loyalisten - dat heescht Familljen, déi der Kolonialmuecht Groussbritannien trei bliwwe waren - an d'Bay of Fundy komm an hunn do d'Stad Saint John gegrënnt. 1784 krut d'Regioun, an där si gelieft hunn, en eegene Kolonialstatus. Déi Kolonie ass no der Stad Braunschweig benannt ginn, well den deemolege Kinnek George III. vu Groussbritannien aus dem Haus Hannover koum a Kurfürst vu Braunschweig-Lüneburg war. D'Haaptstad Fredericton gouf nom George III. sengem Jong Frederic benannt[1].

Den 1. Juli 1867 ass New Brunswick en Deel vu Kanada ginn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: New Brunswick – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 New Brunswick, Province, Canada (gekuckt de 4. September 2016)
  2. BENELUX - Chiffres-clés et tendances 2014, Säit 10