Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich

Vu Wikipedia
De Geescht vu 1776

Den Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gouf vu 1775 bis 1783 tëscht den 13 Kolonie vun Nordamerika an hirer Metropol, Groussbritannien, ausgedroen.

D'Englänner hunn d'amerikanesch Kolonisten, déi sech erhuewen hunn « insurgents » oder och « New England Patriots » gedeeft. Den amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gëtt als een Aspekt vun der Amerikanescher Revolutioun gezielt, déi de Vereenegte Staaten erlaabt huet, d'Autonomie z'erreechen, a republikanesch Institutiounen opzebauen. Als wichtege Grënnungsdatum vun der Geschicht vun dësem Land huet de Krich zanter 1777 aner europäesch Groussmuechte mat eragezunn, bei deene Frankräich eng grouss Roll gespillt huet.

De Krich goung mam Traité vu Paräis am Joer 1783 op en Enn, deen d'Onofhängegkeet vun de Vereenegte Staate vun Amerika unerkannt huet. 70.000 Loyalisten hunn nom Krich missen d'Land verloossen, déi meescht sinn a Kanada oder Groussbritannien ausgewandert, oder an d'brittesch Kolonië vun der Karibik.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Chronologie vum Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich.

D'Originne vum Sträit mat der Metropol[änneren | Quelltext änneren]

Illustratioun vun der Boston Tea Party; W.D. Cooper, The History of North America, 1789

No dem Siwejärege Krich (1756-1763) huet Frankräich e groussen Deel vu sengen Territoiren an der Louisiane u Groussbritannien an u Spuenien oftriede missen. De Konflikt hat wirtschaftlech Konsequenze fir d'brittesch Kroun - d'Keess war eidel. London huet decidéiert, datt d'amerikanesch Koloniste missen en Deel vun de Käschte matbezuelen. D'brittescht Parlament huet nei Steieren an d'Liewe geruff an eng Partie Gesetzer déi bei der amerikanescher Bevëlkerung net gutt ukomm sinn (Sugar Act 1764, Townshend Acts 1767, Tea Act 1773). D'Kolonisten hu refuséiert ze bezuelen, well si keng politesch Representatioun am House of Commons zu London haten. De brittesche Gouvernement huet de Bauere vun den dräizéng Kolonien och verbueden, hir Lännereie westlech vun den Appalachen auszebreeden, fir keng Konflikter mat den Indianer ze riskéieren.

Op wirtschaftlechem Plang hunn d'amerikanesch Kolonisten - besonnesch d'Händler aus New England - d'Handelspolitik vu Groussbritannien kritiséiert: eng grouss Partie vu Wueren, dorënner den Téi, duerften nëmme vun englesche Schëffer transportéiert ginn, déi dorop e Monopol haten. Ausserdeem waren verschidden Industrien an de Kolonië verbueden, wat si gezwongen huet, déi Wueren aus dem Mammeland z'importéieren.

D'Onofhängegkeetsbeweegung gouf an enger éischter Phas vum Samuel Adams an Thomas Jefferson ugefouert. Et koum zu e puer Opstänn an der Stad Boston. Nom éischte Boykott 1770 koum et 1773 zu der sougenannter Boston Tea Party. Zum definitive Broch koum et bei der Reunioun vun de Representante vun de Kolonië beim Kongress vu Philadelphia am Joer 1774, an deem all d'Kolonien den Handel mat England refuséiert hunn. 1775 huet de Kinnek Georges III. en totalen Handelsembargo géint Nordamerika decidéiert. D'Kolonisten déi net loyal waren, goufen als Rebellen ugesinn, an de 4. Juli 1776 huet de Kongress d'Onofhängegkeetserklärung vun den 13 nordamerikanesche Kolonien adoptéiert.

D'Kontrahenten[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Revere, e Patriot an Nationalheld

Vum 4. Juli 1776 un, also dem Dag wou sech d'Kolonie fir onofhängeg erkläert hunn, haten d'Awunner d'Wiel wie si géifen ënnerstëtzen. Déi Leit, déi fir d'Onofhängegkeet waren, goufen « Americans » oder « Patrioten » oder och nach « Kongressisten » genannt. D'Géigner vun der Onofhängegkeet goufe « Loyalisten » oder och nach « Männer vum Kinnek » genannt. De Kongress hat tëscht 40-45 % vun der Bevëlkerung op senger Säit. 15-20 % vun der Bevëlkerung waren dem Kinnek trei bliwwen[1]. Verschidde Leit (virun allem an North- a South Carolina hunn d'Fronte gewiesselt, anerer sinn neutral bliwwen. D'Loyalisten hate bis zu 50.000 Zaldoten an de Krichsjore fir de britteschen "Empire" z'ënnerstëtzen. Sou war den Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich net nëmmen e Krich géint d'Metropol mä zur selwechter Zäit och e Biergerkrich tëscht Loyalisten a Patrioten.

Um Ufank haten d'Patriote keng Arméi mä nëmme Milizen. De Kontinentalkongress huet den George Washington ass Chefkommandant vun der kontinentaler Arméi, déi duerno d'US Army ginn ass, ernannt. Och wa méi wéi 250.000 Männer[2] zur Verfügung stoungen, ass d'Arméi ni iwwer 90.000 Männer erausgaangen, an de Washington hat den direkte Kommando nëmmen iwwer eng 17.000 Leit[3]. Ausserdeem war d'amerikanesch Arméi bei wäitem net sou organiséiert wéi déi brittesch.

Groussbritannien hat net genuch Leit fir géint d'Rebellioun virzegoen an hinne stounge knapps 50.000 Mann zur Verfügung, wou och d'däitsch Sëldner aus Hessen an amerikanesch Loyalisten derbäi waren. Nom Siwejärege Krich waren d'Leit net begeeschtert, nees zu de Waffen ze gräifen, an et war net einfach eng Arméi op d'Been ze stellen.

Hessen am Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich

D'Britte sinn dovun ausgaangen, datt déi amerikanesch Truppen nëmmen desorganiséiert Rebelle waren, an datt eng decisiv Victoire dem Ganzen en Enn géif setzen.

D'Afroamerikaner hunn um Krich op béide Säite matgemaach. Si hu sech an der amerikanescher Miliz engagéiert, woubäi dat de Kolonisten aus dem Süde wéineg gepasst huet, well si net gär gesinn hunn, datt hir Sklave Waffen droen. Ëm déi 5.000 Afroamerikaner hunn op der Säit vun de Patriote matgekämpft[4]. Am November 1775 huet de Gouverneur vu Virginia, de Lord Dunmore de Sklave versprach, datt si géife fräikommen, wa si sech an der brittescher Arméi géifen engagéieren. Am Joer 1779 huet de Sir Henry Clinton en änlecht Gesetz fir d'Regioun vun New York erausginn. De gréissten Deel vun de Sklaven huet als Aarbechter oder Mecanicien geschafft. Iwwer d'Hallschent ass un Epidemië wéi de Waasserpouken, vun deenen d'Englänner betraff waren, gestuerwen. Och wann et d'Versprieche vu verschiddenen englesche Gouverneure gouf, ass d'Majoritéit vun de Sklaven net fräi komm. Op patriotescher Säit ware Sklaven, déi d'Fräiheet kruten, méi heefeg[5].

Am Verlaf vum Krich hu sech d'Amerikaner Hëllef vu Bausse gesicht, fir den Englänner Meeschter ze ginn. Si hu bei de franséische Kanadier ugeklappt, déi awer am Kader vum Quebec Act refuséiert hunn, an der brittescher Kroun trei bliwwe sinn. Nodeem d'Britten eng Néierlag bei Saragota 1777 hu missen astiechen, ass Frankräich op der Säit vun den Amerikaner an de Krich agetrueden.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Frankräich am Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich.

Krichsverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Krich an den nërdleche Kolonien (1775-1779)[änneren | Quelltext änneren]

De Baron Friedrich Wilhelm vu Steuben

Am August 1776 hunn d'Britten New York eruewert. De Washington konnt no enger Partie Néierlagen am Dezember an der Schluecht vun Trenton, d'Situatioun vun de "Rebellen" stabiliséieren. Déi heemlech franséisch Ënnerstëtzung vun den Amerikaner mat Waffen, ënner der Matwierkung vum Beaumarchais, zanter 1776 huet eng wichteg Roll gespillt. Am September 1777 hu brittesch Truppe Philadelphia besat, mä mat der Victoire zu Saragota konnt d'amerikanesch Arméi de Laf vum Krich an eng aner Richtung dréinen.

Obscho si zu Saragota gewonnen haten, war d'militäresch Lag vun der amerikanescher Arméi am Wanter 1777/78 ganz schlecht. D'amerikanesch Milize sinn duerch de Manktem u Verfleegung, Suen a Kleedung nees Heem gaangen. D'Kontinentalarméi war zu deem Zäitpunkt an engem ganz schlechten Zoustand. Si huet nëmmen nach aus knapps 5.000 Mann bestanen. Eenheetlech disziplinaresch an déngschtlech Strukture gouf et praktesch net. Zu deem Zäitpunkt huet sech de Washington op Valley Forge, baussent dem britteschen Aflossberäich, zeréckgezunn.

Do gouf d'Ausbildung vun den Truppe forcéiert, wat e wichtege Faktor fir d'Victoire vun den Amerikaner war, a woubäi de Friedrich Wilhelm vu Steuben eng wichteg Roll gespillt huet. De Steuben huet d'Arméi am Lager vu Valley Forge, als Generolmajouer a Generalinspekter taktesch an operativ opgebaut. Hien huet fir Disziplin an Organisatioun gesuergt, a war zäitweileg Chef d'État major vum George Washington. Bis 1784 ass de Steuben Generalinspekter vun der Arméi bliwwen.

D'Verbesserunge vum Steuben an der amerikanescher Arméi hu sech den 18. Juni 1778 an der Schluecht vu Monmouth gewisen. D'Truppe kruten d'Gefill, datt si den Englänner och an enger oppener Schluecht gewuess wieren.

D'Britten an hir Alliéiert hunn ënner der Zerspläiterung vun hirer Arméi an ënner engem Ravitaillementsproblem gelidden, déi sech nodeem Frankräich 1778, Spuenien 1779 an Holland 1780 an de Krich op amerikanescher Säit agetruede waren, verschäerft hunn. De Konflikt gouf elo och um Mier ausgedroen a besonnesch Frankräich huet vill Truppen an déi Nei Welt geschéckt.

Schluecht vu Lexington a Concord, "Plate IV. A view of the south part of Lexington." in: The Doolittle engravings of the battles of Lexington and Concord in 1775.

Lexington, 19. Abrëll 1775[änneren | Quelltext änneren]

D'Feindséilegkeeten tëscht de britteschen Hären an den amerikanesche Koloniste si bei Lexington a Concord, Massachusetts, eskaléiert, wéi brittesch Truppen, déi vu Boston koume fir e Lager vu Rebellen auszehiewen, den 19. Abrëll 1775 vun dëse gestiermt an ëmzéngelt goufen.

Ticonderoga, 10. Mee 1775[änneren | Quelltext änneren]

Gläichzäiteg gouf en Ugrëff op de Fort Ticonderoga am Champlainséi geplangt. De Fort Ticonderoga war vu strateegescher Bedeitung, well et do grouss Reserve vu Waffen, Munitioun an anere Versuergungsgidder gouf, a seng Kanounen e grousse Beräich ofgedeckt hunn. Den 10. Mee huet den Ugrëff ugefaangen: 80 Mann aus New England, ënner dem Ethan Allen vu Vermont an dem Benedict Arnold aus dem Connecticut hunn de Fort mat senger klenger Besatzung vu 40 Mann iwwerdubbert, an déi hu sech erginn. Deen Erfolleg huet d'Moral vun de "Rebelle" gestäerkt, an déi zwéi Cheffe motivéiert. Den 12. Mee huet den Allen Crown Point eruewert, wärend den Arnold vum 16. Mee un, zäitweis konnt Saint-Jean-sur-Richelieu, e Fort op kanadeschem Territoire besetzen. Déi 100 Kanoune vun Ticonderoga goufen ënner der Opsiicht vum Generolmajouer Henry Knox iwwer Land direkt bei d'Arméi vum George Washington geschéckt, fir hie bei der Belagerung vu Boston z'ënnerstëtzen.

Boston, 17. Juni 1775 - 17. Mäerz 1776[änneren | Quelltext änneren]

John Trumbull, The death of General Warren at the Battle of Bunker Hill

An der Nuecht vum 16. op de 17. Juni sinn eng Ronn 1.200 Mann vun der Belagerung weider zum Isthmus vun Charlestown gezunn, deen hinnen en Iwwerbléck iwwer d'Stad erméiglecht huet, a si hunn hire Quartier um Breed's Hill opgeschloen. 2.200 brittesch Zaldoten ënner dem Kommando vum Generalmajor William Howe goufen de Moien drop ageschëfft, an hunn den Hiwwel gestiermt. An der Schluecht, déi fälschlecherweis den Numm Schluecht vu Bunker Hill krut, konnt d'Siidlertrupp no dräi Stuermugrëffer zeréckgeschloe ginn. Mat zesummen 1.000 Doudegen a Blesséierten hunn d'Britte méi wéi duebel souvill Verloschter wéi hir Géigner missen astiechen. Allerdéngs haten d'Amerikaner an der Tëschenzäit hir Truppen och op 3.000 Mann erhéicht. Et sollt déi eenzeg gréisser Kampfhandlung wärend der Belagerung vu Boston bleiwen. De Generol Washington huet den 3. Juli 1775 formell de Kommando iwwer d'Truppe bei Boston iwwerholl, an huet sech ëm eng Verstäerkung vun den Truppe gekëmmert. Bis zum Mäerz 1776 hat hien eng Arméi vu 14.000 Mann op d'Bee gestallt. De 4. Mäerz huet hien an enger Blëtzaktioun d'Dorchester Heights a kuerz duerno och Nook's Hill ugegraff, fir do d'Artillerie opzestellen. Den Howe huet erkannt datt seng Situatioun ëmmer méi schlecht ginn ass, an huet vum 17. Mäerz un, d'Stad evakuéiere gelooss. Hien ass zesumme mat sengen 9.000 Mann de 26. Mäerz op Halifax gezunn.

Québec, 28. August 1775 - Juli 1776[änneren | Quelltext änneren]

John Trumbull, Death of General Montgomery in the Attack on Quebec

Am Juni 1775 hat de Kontinentalkongress all Militäraktioun géint Kanada erlaabt. An dëser Entscheedung louch d'Hoffnung, d'Britte mat Hëllef vun de Fransousen, déi de gréissten Deel vum kanadeschen Territoire fir sech beusprocht hunn, aus Nordamerika ze verdreiwen, a Kanada als 14. Kolonie bäizekréien. Ausserdeem war de Kongress gewuer ginn, datt de brittesche Kommandeur a Kanada am Gaang war, nei Truppen zesummenzestellen, fir New York unzegräifen. No dësem Beschloss vum Kongress koum et zu enger Invasioun vu Kanada am Hierscht 1775. De Benedict Arnold, dee vu Cambridge, Massachusetts aus ugegraff huet, huet seng 1.100 Männer iwwer de Maine op de Kennebec brénge gelooss. Wéi hien den 8. November zu Québec ukoum, hat hien nach 650 Männer bei sech. Do sollt hien op de Richard Montgomery waarden, deen de Kommando am Fort Ticonderoga iwwerholl hat. De Montgomery ass laanscht de Champlainséi eropkomm, an huet de 17. September ugefaange Saint-Jean-sur-Richelieu ze belageren, wat den 2. November gefall ass. Dat war e wichtege Schrëtt, deen eng amerikanesch Besatzung vum Québec méiglech gemaach huet. Den 3. Dezember ass hie beim Arnold ukomm, deen awer mëttlerweil nëmmen nach 300 Männer hat, a sou ass et grad emol duergaangen, fir Montréal ze befestegen.

Fir déi zwéi Kommandanten huet sech e weidere Problem gestallt. Déi meescht Zaldote ware Fräiwëlleger, deenen hir Kontrakter Enn 1775 auslafe géifen. An hirer Verzweiwlung hu si an der Nuecht vum 30. op den 31. Dezember ugegraff, mä haten awer keen Erfolleg. D'Verloschter op amerikanescher Säit louche bei ëm déi 100 Doudeger a 400 Gefaangen, woubäi de Montgomery och an där Schluecht gefall ass. D'Belagerung konnt nach bis zum Fréijoer 1776 gehale ginn, duerno goufen d'Koloniste vun de Britten nees zeréck bis op de Champlainséi gedréckt.

Long Island, 26. - 29. August 1776[änneren | Quelltext änneren]

De William Howe

Nodeem d'Britte Boston hu misse raumen, ass de Washington mat senger Arméi, déi knapps méi wéi eng Miliz war, direkt Richtung New York weidergezunn, well hien do en Ugrëff vun der Kroun op dësem strateegesche Punkt erwaart huet. Am Juli an am August 1776 huet de Generol Howe mat der Ënnerstëtzung vun der Flott vu sengem Brudder dem Admirol Richard Howe 32.000 brittesch an hessesch Beruffszaldoten op Staten Island bruecht. An där Zäit konnt de Washington 20.000 ontrainéiert Zaldote vum Kongress a Milizzaldote versammelen, an huet op Manhattan Island schwéier Befestegunge baue gelooss. D'Hallschent vu sengen Truppen huet hien an déi nei Befestegungsanlagen op de Brooklyn Heights geschéckt, an huet Manhattan dem Generolmajouer Israel Putnam iwwerlooss. Tëscht dem 22. a 25. August hunn 20.000 vum Howe senge Männer Staten Island an der Nuecht gestiermt an duerno d'Kontinentaltruppe vu lénks flankéiert. Den Howe huet sech dunn awer entscheet, dem Sullivan an de Réck ze falen, wat him och gelongen ass. D'amerikanesch Truppe konnte sech gréisstendeels op Manhattan zeréckzéien an d'Verloschter goufen op 300-400 Doudeger an 1.200 Gefaangener geschat.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Long Island.

Trenton, 26. Dezember 1776[änneren | Quelltext änneren]

No der Victoire op Long Island sinn déi héichmotivéiert Britte weider op Manhattan gelant, wat de Washington zu engem Réckzuch no Norde gezwongen huet. Wéi d'Forte Washington a Lee op der anerer Säit vum Hudson River am November 1776 un d'Englänner verluer goufen, huet sech de Washington weider queesch duerch New Jersey zeréckgezunn, wärend den Howe hie verfollegt huet. De Washington konnt mat 3.000 Mann iwwer den Delaware River no Pennsylvania entkommen. Doropshin hunn den Howe a seng Männer hir Wanterquartéieren zu New York ageriicht, hunn awer zum Beispill Newport, Rhode Island souwéi aner Stied an New Jersey befestege gelooss. De Washington huet am Dezember 1776 en Iwwerraschungsugrëff op déi 1.400 hessesch Truppen zu Trenton decidéiert, fir d'Moral vu sengen Truppen ze hiewen. Vun de 7.000 Reservisten, déi hien zur Verfügung hat, huet hien 2.400 iwwer de Floss Delaware, dee bal komplett zougefruer war, an d'Géigend vun Trenton brénge gelooss. D'Stad selwer gouf de 26. Dezember um 8 Auer moies duerch zwou Kolonnen ugegraff. D'Hessen, déi net dorop virbereet waren, hu sech no annerhallwer Stonn erginn. Allerdéngs konnten eng 400 vun hinnen op Bordentown, New York, flüchten.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vun Trenton.

Princeton, 3. Januar 1777[änneren | Quelltext änneren]

No dem Coup zu Trenton ass de Washington mat sengen hessesche Gefaangenen nees iwwer den Delaware a Pennsylvania gezunn. Allerdéngs hat hien um Enn vum Joer Angscht, net genuch Zaldoten ze hunn, an huet zu Trenton eng Sträitmuecht vu knapps 2.500 Mann agesammelt. Wat hien net wousst war, datt de brittesche Generalmajor Charles Cornwallis him gefollegt war, an dësen huet mat 6.000 brittesche Beruffszaldoten Trenton gestiermt. Den 2. Januar 1776 stoung de Washington mam Réck zum Delaware, well hie sech op den Assunpink Creek zeréckgezunn hat. De Cornwallis huet net direkt ugegraff, wat den Amerikaner d'Méiglechkeet ginn huet, sech an der Nuecht vum 2. op den 3. Januar iwwer eng Niewestrooss zeréckzezéien. Nodeem si no Norden a Süde geflücht waren, hu si eng Kolonn vu britteschen Zaldoten ënner dem Charles Mawhood ugegraff, déi Richtung Cornwallis ënnerwee waren. Dem Mahwood seng Zaldote konnten eréischt verdriwwe ginn, wéi de Washington mat sengem Batailloun bei de Kolonisten ukomm war. De Mahwood konnt sech op Morristown an New Brunswick zeréckzéien. Hien hat 86 Verloschter ze bekloen. De Washington huet sech och nees zeréckgezunn, an zwar an d'Hiwwelen ëstlech vun New Brunswick, déi duerch hir vill Bëscher e gudde Schutz géint d'Britte gebueden hunn. Hei huet hie säi Wanterquartier ageriicht, wat de Generol Howe bemierkt huet, mä et war him onméiglech, all Punkte vun deenen déi de Washington hätt kënnen ugräifen, ofzedecken, a sou huet och hie sech op New Brunswick zeréckgezunn.

Saratoga, 30. Juli - 17. Oktober 1777[änneren | Quelltext änneren]

De Burgoye ergëtt sech no der Schluecht vu Saragota (John Trumbull)

Déi brittesch Strategie vum Joer 1777 huet zwee Ziler verfollegt. New England sollt mat engem Sichelschnëtt vu Kanada den Hudson erof op Albany vun enger Trupp vun den anere Kolonien ofgetrennt ginn, wärend eng aner Grousseenheet, déi vun New York aus no Norde virrécke sollt, d'Ëmklamerung vervollstännegen an d'kanadesch Truppe verstäerke sollt. Als Zweet haten d'Britte wëlles, Philadelphia anzehuelen, well do de Sëtz vun der Revolutiounsregierung war.

De Feldzuch vun de Britten huet mat enger Beweegung vun zwou Arméie vu Kanada aus ugefaangen, dee vun New York aus gouf vum Generalmajor John Burgoyne geleet, deem seng Mannstäerkt sech aus 7.500 Britten an ongeféier 400 Indianer zesummegesat huet. Dës Sträitmuecht ass iwwer de Champlainséi virgestouss, an huet 2.500 Kontinentaltruppen a Milizeenheete gezwongen, Ticonderoga de 27. Juni z'evakuéieren. Och aner amerikanesch Eenheeten, ënner dem Gesamtkommando vum Schuyler, hu sech no Süden zeréckgezunn. Dobäi konnte si déi schwéier brittesch Eenheete bremsen, well si selwer liicht bewaffent méi séier viru komm sinn.

Eng vun de kanadeschen Eenheeten huet aus 700 Beruffszaldoten a knapps 1.000 Indianer bestanen a stoung ënner dem Barry St. Leger. Déi Arméi huet sech vum Fort Oswego um Ontarioséi aus no Oste beweegt, an ass den 2. August am Mohawk-Dall ukomm. Eigentlech wollte si sech dem Burgoyne uschléissen, mä hunn awer d'Taktik missen änneren, wéi si vun 950 Kolonisten ënner dem Arnold ugegraff goufen. De Burgoyne ass weider Richtung Albany gezunn. Vum 13. op de 14. September ass de Burgoyne iwwer den Hudson bei Saragota gaangen. An der Tëschenzäit hat de Gates, deen de Schuyler den 19. August beim Kommando iwwer d'nërdlech Truppen ofgeléist hat, seng Arméi op 7.500 Männer opgestockt. De Burgoyne wollt Albany nach virum Wanter erreechen, an et koum zu enger Schluecht bei de Bemis Heights. D'Amerikaner hunn de Poste missen opginn, mä d'Britten hate schwéier Verloschter ze bekloen a sou konnten d'Amerikaner op den Hiwwele bleiwen. De 17. Oktober huet de Burgoyne kapituléiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Saragota.

Brandywine, 11. September 1777[änneren | Quelltext änneren]

Déi brittesch Entreprise fir Philadelphia z'erueweren, ass Enn Juli 1777 un d'Rulle komm. Ënner dem Kommando vum Howe si 15.000 Zaldote vun New York aus op den Head of Elk (haut Elkton am Maryland geseegelt, wou hir Landung e Mount méi spéit de 25. August ofgeschloss war. An der Tëschenzäit hat de Washington mat sengen 11.000 Zaldoten eng schwéier befestegt defensiv Position um Chad's Ford op der Ostsäit vum Brandywine Creek eruewert. Den Howe huet de Washington den 11. September 1777 ugegraff, andeems hien dem Generol Cornwallis den Uerder ginn hat, d'amerikanesch Zaldoten op der rietser Flank unzegräifen, wärend d'hessesch Zaldoten um aneren Ufer d'Truppen aschüchtere sollten. D'Zaldote vum amerikanesche Generol Nathanael Greene konnten awer verhënneren, datt d'Arméi komplett agekreest gouf. No der Schluecht hu sech d'Amerikaner op Chester zeréckgezunn, nodeem si knapps 1.200 Zaldote verluer haten.

Germantown, 4. Oktober, 1777[änneren | Quelltext änneren]

No hirer Victoire bei Brandywine sinn d'Truppen ënner dem Howe zwou Woche laang an der Géigend vu Philadelphia patrulléiert. An där Zäit hu si géint eng amerikanesch Eenheet ënner dem Generol Anthony Wayne bei Paoli gewonnen, a konnten de 26. September 1777 d'Stad anhuelen. Den Howe huet zu Germantown en Haaptquartéier ageriicht, an eng 9.000 Mann do stationéiere gelooss. Well de Washington Angscht hat, datt d'Englänner weider Befestegunge géifen opbauen, huet hien de Stützpunkt an der Nuecht vum 3. op de 4. Oktober ugräife gelooss. Moies koum et awer zu déckem Niwwel wat dozou gefouert huet, datt sech d'Amerikaner deelweis selwer ënnerenee beschoss hunn, an d'Britten, déi besser organiséiert waren, sech nei forméiere konnten. Wéi bei de Kolonisten och nach d'Munitioun knapps ginn ass, hu si sech géint 9 Auer moies zeréckgezunn. Den Howe huet si nach eng Zäitche verfollegt, mä huet awer d'Amerikaner déi op der Plaz bliwwe waren, verschount. D'Amerikaner hate 673 Doudeger ze bekloen, d'Britten hu 521 Affer gezielt.

Monmouth, 28. Juni 1778[änneren | Quelltext änneren]

D'Schluechtfeld vu Monmouth

Nom Ofschloss vum amerikanesch-franséischen Traité de 6. Februar 1778 hunn d'Britte sech ausser mat de Kolonisten och nach mat der franséischer Flott ausenaner ze setzen. De Generol William Henry Clinton, deen den Howe den 8. Mee vu sengem Kommando iwwer Amerika entbonnen hat, huet decidéiert, de gréissten Deel vu sengen Truppen, déi zu Philadelphia stationéiert waren, méi no un d'Küst ze réckelen, well et vun do aus méi einfach war, mat der englescher Flott a Kontakt ze bleiwen. 10.000 Mann hu sech duerch New Jersey op de Wee Richtung New York gemaach. De Washington huet säi Lager opgeléist, a mat zirka 13.500 Zaldoten d'Britte verfollegt. D'Amerikaner hunn d'brittesch Kolonne bei Monmouth Courthouse (haut Freehold, New Jersey) ugegraff. Aus net vollstänneg opgekläerte Grënn huet den amerikanesche Generol Lee fréi Virdeeler vun der Schluecht net ausgenotzt, an huet den Uerder fir e Réckzuch ginn. De Washington huet d'Kommando mat eegene Verstäerkungen iwwerholl. Dëst huet dem Clinton Mutt gemaach, mat senger Haaptarméi unzegräifen. D'Schluecht huet bis an d'Owesstonne gedauert, ouni datt sech eng Krichspartei zeréckgezunn huet. Wéi et däischter war, konnten d'Britten op Sandy Hook flüchten, vu wou aus si mam Schëff weider op New York City komm sinn. Dem Washington seng Arméi ass weider Richtung Norde gezunn an huet bei White Plains Stellung bezunn.

En internationale Krich (1778-1783)[änneren | Quelltext änneren]

1778 ass aus der Rebellioun vun de Kolonië vun Nordamerika en internationale Krich ginn. Frankräich huet eng Allianz mat de Kolonisten de 6. Februar 1778 ënnerschriwwen, a Spuenien ass als Alliéierte vu Frankräich am Juni 1779 an de Krich gezunn. Am Géigesaz zu de Fransousen hunn d'Spuenier awer d'Amerikanesch Onofhängegkeet net unerkannt, aus Angscht an hire Kolonië kéinten déi selwecht Iddien opkommen. Och Holland huet sech 1780 an de Konflikt agemëscht. Dës dräi Länner hate scho virdrun ëmmer nees eng finanziell Ënnerstëtzung un d'Amerikaner geschéckt, an der Hoffnung, d'brittesch Muecht ze schwächen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Frankräich am Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich an am Artikel Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich um Mier

Francis Holman, The moonlight Battle off Cape St Vincent, 16 January 1780

Savannah, 29. Dezember 1778 / 16. September - 10. Oktober 1779[änneren | Quelltext änneren]

An der éischter Schluecht ass eng brittesch Expeditiounsträitmuecht ënner dem Generol Robert Howe an engem Abschnitt vum Savannah River net wäit vun der Stad mam selwechten Numm gelant, an huet d'Stad ageholl. D'Joer drop ass dem d'Estaing seng franséisch Flott aus der Karibik zeréckkomm, an huet Truppen op Beaulieu bruecht, 14 Meile südlech vu Savannah. Nodeem d'Virbereedungen ofgeschloss waren, hunn eng knapps 1.500 Amerikaner ënner dem Generol Benjamin Lincoln a 5.000 Fransousen déi 3.200 Britten an der Stad belagert. Si goufen allerdéngs zeréckgeschloen.

Camden, 16. August 1780[änneren | Quelltext änneren]

De 16. August 1780 si 4.100 amerikanesch Truppen ënner dem Gates an dem Baron de Kalb, déi zur Verstäerkung vun den Truppe bei Charleston geschéckt gi waren, op eng 2.200 brittesch-hessesch Zaldoten ënner dem Cornwallis getraff. Dës Schluecht war eng Victoire fir d'Britten, déi 312 Männer verluer hunn, wärend d'Amerikaner 880 Affer ze bekloen haten.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Camden.

Cowpens, 17. Januar 1781[änneren | Quelltext änneren]

Cowpens, South Carolina, war eng klassesch Schluecht vum Onofhängegkeetskrich. D'Schluecht war markéiert vun enger Offensiv vun de Kolonisten ënner dem Generol Nathanael Greene, déi d'Britten aus dem südleche Kampfgebitt verdreiwe sollt. D'Vernichtung vun engem groussen Deel vun der kinneklecher Südarméi war e grousse strateegesche Virdeel fir d'Amerikaner am weidere verlaf vum Krich.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Cowpens.

Guilford Court House, 15. Mäerz 1781[änneren | Quelltext änneren]

Zu Guilford Court House, North Carolina, sollt fir de Greene eng Entscheedungsschluecht géint de Cornwallis ausgedroe ginn. Mä och wann hien an der Defensiv war a mat iwwer 4.400 Mann an der Iwwerzuel, huet hie géint déi 1.900 Britte mat wäit méi Erfarung verluer. Allerdéngs haten d'Britten och Verloschter op hirer Säit, déi si gezwongen hunn, sech op Yorktown zeréckzezéien. Hei huet sech de Cornwallis nees missen den Amerikaner stellen.

Yorktown, 28. September - 19. Oktober 1781[änneren | Quelltext änneren]

John Trumbull, The surrender of the British at Yorktown

Zanter 1778 haten d'Britte sech haaptsächlech op d'südlech Kolonië konzentréiert, well si versicht hunn, hei hiren Afloss zeréckzegewannen. Dat war an hiren An awer onméiglech soulaang d'Koloniste vu Virginia aus Operatioune konnte starten. Also huet de Clinton den amerikaneschen Iwwerleefer Benedict Arnold mat 1.600 Männer den James River eropgeschéckt. Bis Enn Mee ass et de Britte gelongen, 7.200 Mann ze sammelen. De Cornwallis krut den Uewerbefehl iwwer all Truppen a Virginia an huet Ugrëffer bis Mëtt Juni gefouert. Am Ufank konnte sech him nëmmen d'Truppen ënner dem LaFayette entgéint stellen, déi Mëtt Juni awer vun Truppen ënner dem Anthony Wayne an dem Baron vu Steuben, dem Chefinspekter vun der Continental Army, verstäerkt goufen. De Cornwallis huet sech op d'Küst zeréckgezunn, fir besser a Kontakt mam Clinton zu New York bleiwen ze kënnen.

An der Tëschenzäit war dem Washington säi virleefegen Opbau vun enger Nordarméi ugelaf, déi vu 4.800 Fransousen ënner dem Rochambeau fir en Ugrëff op New York verstäerkt gouf. De Washington huet seng Pläng awer op d'Kopp gehäit, wéi hie gewuer ginn ass, datt hie weider 3.000 Männer vum franséischen Admirol François de Grasse géif kréien. Den Admirol hat säin Operatiounsgebitt an der Karibik verlooss, an huet dem Washington d'Zaldote bis Mëtt Oktober an d'Chesapeake-Bucht bruecht. Doropshin huet de Washington beschloss, mat engem Groussdeel vu senger Arméi Richtung Virginia ze zéien. Hien ass vum 20. bis 26. August iwwer den Husdon komm, an ass iwwer New Jersey a Pennsylvania Richtung Maryland weidergezunn.

An der Tëschenzäit war dem de Grasse seng Flott op der Küst vu Yorktown gelant, an 3.000 Zaldote goufe lassgeschéckt, fir de LaFayette z'ënnerstëtzen. Den Admirol gouf beim Auslafen de 5. September vum Thomas Graves iwwerrascht an et koum zu enger Séischluecht déi de Fransous strateegesch fir sech entscheede konnt. De brittesche Flottekommandant huet sech zeréckgezunn. Dëst huet dem Washington an dem Rochambeau erlaabt, mat hire 15.500 Zaldote Yorktown den 28. September ze belageren. Dëst huet bis zum 17. Oktober gedauert, bis de Cornwallis e Waffestëllstand ugefrot huet. Den 19. Oktober huet hie kapituléiert. Domat waren all englesch Hoffnungen op eng Victoire an Nordamerika ëmsoss an et koum schlussendlech zu de Friddensverhandlungen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Yorktown.

De Fridde vu Paräis (1783)[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Entscheedung vum Krich no der Belagerung vu Yorktown am Oktober 1781 gefall war, goufen d'Friddensverhandlungen opgeholl. Am Traité vu Paräis huet Groussbritannien d'Onofhängegkeet vun de fréiere brittesche Kolonien an Nordamerika unerkannt. England huet op all Gebidder bis zum Mississippi River verzicht. D'Vereenegt Staaten hunn hir Nordgrenz bis zu de Grousse Séien ausgedeent, a Florida ass nees u Spuenie gaangen.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Gregory Fremont-Barnes a Richard A. Ryerson (Ersg.), The Encyclopedia of the American Revolutionary War: A Political, Social, and Military History, ABC-CLIO, 2006.
  • Christopher Hibbert, Redcoats and Rebels: The American Revolution through British Eyes. Norton, New York, 1990. (ISBN 0-393-02895-X)
  • Robert Middlekauff, The Glorious Cause: The American Revolution, 1763–1789, Oxford University Press, New York, 1984. (ISBN 0-19-516247-1)
  • Christopher Ward, The War of the Revolution, Macmillan, New York, 1952.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Robert M. Calhoon, « Loyalism and Neutrality » in The Blackwell Encyclopedia of the American Revolution, S. 247.
  2. Mark M. Boatner, Encyclopedia of the American Revolution, S. 264 an 663.
  3. Mark M. Boatner, Encyclopedia of the American Revolution, S. 264.
  4. Sidney Kaplan an Emma Nogrady Kaplan, The Black Presence in the Era of the American Revolution, S. 64-69.
  5. Nicole Bacharan, Faut-il avoir peur de l'Amérique ? S.117.