Téi
Ausgesinn

Den Téi (chineesesch 茶 chá, [tʂʰɑ2], am Min-Nan-Dialekt „tê“) ass e Gedrénks dat mat gliddegem Waasser opgeschott gëtt. Dofir gi Planzendeeler (Blieder, Knäpp, Bléien, Strénk) vun der Téiplanz (Thea sinensis) benotzt.
Aarten an Zorten
[änneren | Quelltext änneren]
Jee no der Aart vun der Téiplanz gëtt et zwou Zorte vun Téi:
- Thea sinensis var. sinensis — all chineesesch (ausser Pu-erh) a japanesch Téien, e puer vietnameesesch an indoneesesch Téien, Téi aus der indescher Regioun Darjeeling
- Thea sinensis var. assamica — all indesch Téien ausser déi aus Darjeeling, all Téien aus Sri Lanka an Afrika, e puer vietnameesesch an indoneesesch Téien
Jee no der Phas vun der Fermentatioun gëtt et déi follgend Zorten Téi:
- Gréngen Téi, d'Fermentatioun vun Téiblieder ass 3–12 %,
- Wäissen Téi, d'Fermentatioun vun Téiblieder ass 13–20 %,
- Oolong, d'Fermentatioun vun Téiblieder ass 30–70 %,
- Schwaarzen Téi, d'Fermentatioun vun Téiblieder ass 80 %.
Jee no der Form kann den Téi sinn:
- labberen Téi
- mat ganze Blieder
- mat gebrachene Blieder
- Grimmelen (ginn an Téisäckelcher benotzt)
- Polver
- gepressten Téi
- Instanttéi
Téi brauen an drénken
[änneren | Quelltext änneren]D'Temperatur vum Waasser hänkt vun den Téizorten of a kann tëscht 50° an 100° Celsius variéieren. D'Zäit fit den Téi zéien ze loossen hänkt vum Goût deen en erreeche wëllt of, an och vun der Téizort.
Den Téi ka waarm oder kal gedronk ginn a jee no Goût mat oder ouni Zocker oder Mëllech oder aneren Zousätz, wéi z. B. Zitroun.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Bottertéi – e waarmt tibetanescht Téigedrénks, dat aus Pu-erh, Salz, Yakmëllech a Yakbotter preparéiert gëtt;
- Masala – e waarmt indescht Téigedrénks, dat aus schwaarzem Téi, Koumëllech a Gewierzer besteet;
- Teh talua – e waarmt indoneesescht Téigedrénks, deem seng Haaptbestanddeeler schwaarzen Téi an Eegiel sinn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Tea – Biller, Videoen oder Audiodateien |