Munitioun

Vu Wikipedia

Als Munitioun bezeechent een am Allgemengen all dat Material dat vu Worf- oder Feierwaffe verschoss ka ginn.

D'Munitioun kann am grousse Ganzen an dräi Haaptkategorien agedeelt ginn:

  • Kartuschemunitioun: besteet aus zwéi getrennten Deeler déi separat geluede ginn, d'Geschoss an en Deel deen aus dem Zünd-an Dreifmëttel besteet.
  • Patrounemunitioun: Déi dräi Bestanddeeler, Geschoss, Zünder an Dreifmëttel sinn an der sougenannter Patroun zesummegefaasst.
  • Rakéitemunitioun: D'Dréifmëttel ass am Geschoss agebaut, a verbrennt an der Zäit, wou d'Geschoss flitt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Munitioun – Biller, Videoen oder Audiodateien